Aktualitéit

De fréieren HNCA-Beroder Robert Song gëtt, wéi hei um 100,7 annoncéiert, Member vun der Cargolux-Generaldirektioun. Domat huet de Verwaltungsrot dem Wonsch vum viraussiichtlechen neie chineseschen CO-Aktionär Rechnung gedroen.

Kuerz virum wichtege Conseil d'Administration vun dësem Mëttwoch, huet den Affekot demissionéiert. De Cargolux-Konkurrent Qatar Airways huet iwwerdeems de Matthew Ma engagéiert, deen Enn Februar bei der lëtzebuerger Airline demissionéiert hat.

D’EU Kommissioun huet Lëtzebuerg gëschter ordonnéiert méi spezifesch Informatiounen ze liwweren, iwwert gewess steierlëch Praktiken, dorënner d’steierlech Arrangementer oder sougenannt “Tax Rulings”.

“Europa ass an enger zivilisatorescher Regressioun, déi sozial Ongerechtegkeeten sinn esou grouss wéi virun 100 Joer”. Dat sot de André Hoffmann um Kongress vun déi Lénk.

 

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen