Aktualitéit

“Fir Europa. Fir Lëtzebuerg.” Mat deem Slogan geet d’CSV an d’Europawahlen.

"Europa, eng aner Visioun". Dat ass den Titel vum Europa Wahlprogramm vun der Partei fir integral Demokratie.

De Michel Wurth huet ze verstoe ginn, datt ArcelorMittal Enn vum Joer decidéiert d’Stolwierk zu Schëffleng zouzemaachen. Zu Rodange wéilt de Stolkonzern wa méiglech iwwer 2014 eraus produzéieren, an zu Déifferdeng a Belval soll investéiert ginn.

D’Cargolux fänkt réischt an engem gudde Mount mat de reguläre Volen op Zhengzhou un. De Start-Datum fir d’Flich an d’Provënz vum neie Co-Aktionär HNCA ass den 29. Mee. Dat huet d’Airline annoncéiert.
Sträifen um Himmel
Aviatioun

Déi ugestrieften Harmoniséierung vum Fluchverkéier am Länner-Block, an deem Lëtzebuerg Member ass, huet Verspéidung kritt. Déi eenzel national Fluchnavigatiouns-Déngschtleeschter sinn no ënnerschiddleche Systemer organiséiert.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen