Aktualitéit

D’Bankenunioun war d’Thema an der Spezial-Emissioun am Virfeld vun den Europawahlen vum 25. Mee, déi de Francois Aulner zesummegestallt huet. Zu Wuert kënnt ënnert anerem de Chef vun der lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch.

D’Steierpolitik ass typesch eng national Kompetenz. Décisiounen am Beräich vun der Steierpolitik mussen eestëmmeg vun den EU-Member-Staaten geholl ginn. Dorunner huet sech och mam Traité vu Lissabon wéineg geännert.

An der Spezialemissioun Europawalen ass et d’Analyse vun de Walprogrammer vun de Parteien zum Thema Migratioun, mat Aussoe vu Kandidaten, an Expert’en duech d’Emissioun féiert d’Mick Entringer a Begleedung vun der Presidentin vun der Auslännerorganisatioun ASTI Laura Zuccoli.

De Serge Kesseler huet mat enger Rei Kandidaten iwwert d’Aussen-, d’Sécherheets- respektiv d’Verdeedegungspolitik an der EU geschwat: ee Beräich an deem d’Europaparlament nëmme wéineg Matsproocherecht huet.

D’Chamber-Institutiounskommissioun huet hir Aarbecht um Deontologie-Codex fir d’Députéiert gëschter sou gutt ewéi ofgeschloss. Dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry no kann d’Chamber nach virum Summer iwwert de Verhalenskodex ofstëmmen.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen