Aktualitéit

“D’Diskussioun iwwert eise Spëtzekandidat bei den nächste Chamberwahle féiere mer 2017, no de Gemengewahlen”. Dat seet den CSV-Parteipresident am 100,7-Interview. De Marc Spautz mengt, nom wahrscheinlechen Depart vum Jean-Claude Juncker op Bréissel an nom Depart vum Luc Frieden an d’Privatwirtschaft, sollt d’CSV sech net nervös maache loossen.

D’Post wëll nach dëst Joer eng Decisioun huelen iwwert eng eventuell Zesummenaarbecht mat der Raiffeisen. D’Post a Raiffeisen fänken elo Verhandlungen un, iwwert en Zukunfts-Modell fir de Postchèque.

D’Union des Entreprises Luxembourgeoises weist sech iwwerrascht, datt d’Regierung weiderhin bei hirer Positioun bleift a net bereet ass den Defizit bei der Employeurs-Mutualitéit auszegläichen.

Den Dateschutz-Aktivist Max Schrems huet eng Plainte um Wiener Handelsgeriicht deposéiert, där sech all Facebook-Notzer baussent den USA a Kanada kënnen uschléissen

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen