
84 Doudeger bei Attack zu Nice
84 Doudeger: dat ass de leschte Bilan vun engem Attentat gëschter Owend zu Nice. E Mann ass mat engem wäisse Camion op der Promenade des Anglais mat héijer Vitesse an d’Leit gerannt.
84 Doudeger: dat ass de leschte Bilan vun engem Attentat gëschter Owend zu Nice. E Mann ass mat engem wäisse Camion op der Promenade des Anglais mat héijer Vitesse an d’Leit gerannt.
Der Cargolux gi bis zu 20 Milliounen d'Joer verluer, seet den Dirk Becker vun der ALPL. Qatar Airways huet d'Fluchrechter zu Lëtzebuerg. Awer och aner Facteure suerge fir eng Maartverzerrung.
Zu Lëtzebuerg stierwen all Joer 1.000 Leit un de Suitë vum Tubak. Duerch déi geplangten Ännerungen um Antitubaksgesetz solle virun allem déi Jonk besser geschützt a vum Fëmmen ofgehale ginn.
Datt de Geheimdéngscht déi lescht fënnef Joer Trojaner agesat huet, wier legal, sou den LSAP-Fraktiounschef. Den Alex Bodry confirméiert d'100,7-Meldung, datt de Staatstrojaner no 2013 agesat gouf.
Esch huet 64 Millioune Scholden. Doduerch kéinte wichteg Projeten net séier realiséiert ginn, seet de Georges Mischo vun der CSV. Esch géif awer ëmmer senge soziale Responsabilitéiten nokommen.
En neit Ofkommes versprécht EU-Bierger méi Sécherheet beim Tranfer vun hiren Donnéeën an d'USA. Agrëffer an d'Privatsphär a Masseniwwerwaachung solle verhënnert ginn. Kritiker bezweifelen dat.
De Barack Obama reest op Dallas fir eng Trauerfeier fir fënnef Polizisten déi, d'lescht Woch erschoss goufen. An Amerika maache sech Rassismus an Divisiounen tëscht schwaarz a wäiss nees breet.
Et ass schwéier un Informatiounen aus der Haaptstad vum IS ze kommen. D'Journalistin Laila Ben Allal ass spezialiséiert op Dschihadismus. Si beschäftegt sech am Detail mat der Situatioun zu Raqqa.
De Serge Wilmes ass potentiellen CSV-Spëtzekandidat bei de Gemengewahlen 2017 an der Stad. D'Vivianne Loschetter vun déi Gréng wëll net méi kandidéieren. A sech op déi national Politik konzentréieren.
Surrealistesch Selfien, déi de Bléck op d'Welt vu jonke japanesche Groussstadmënsche reflektéieren. Déi jonk, japanesch Fotografin Izumi Miyazaki stellt an der Wild Projekt Gallery aus.
Den Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Journalist/in fir d'Redaktioun Klassesch Musek mat engem Aarbechtsvertrag op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.
Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.
Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen