Aktualitéit

No ronn 22 Joer hält den DNR Ufank Februar 2014 op mat senden: déi dräi UKW-Frequenze vum Lëtzebuerger Radiosender gi vun do u fir een neie franséisch-sproochege Radiosender genotzt.

D’Filialë vu Skype a Microsoft mat Sëtz zu Lëtzebuerg hunn der Dateschutzkommissioun no keng Donnéeën direkt un den US-amerikanesche Geheimdéngscht NSA viruginn, heescht et an der Äntwert vun der CNPD op eng Plainte vun der Biergerinitiativ “Europe versus Facebook”.

De Formateur Xavier Bettel sot dem 100,7, et kéint net sinn datt Zitat : “e Member vun der Direktioun um 12 Auer “Jo” seet, um Véierel op 12 “Nee” seet”

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: poesik

    jr-korpa-GQeSfSWmXvI-unsplash.jpg

    Dem Jean Portante seng nei Serie stellt Kompositiounen a Lidder vir, Wierder a Kläng, déi der Weltpoesie eng nei Dimensioun ginn a se dem Publikum méi no bruecht hunn.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen