Mënschlechkeet a Gerechtegkeet
D'Ethik-Komiteeë vun de Spideeler hu Richtlinnen ausgeschafft fir de Fall, wou d'Intensivbetter ze knapps gi fir all Patienten ze behandelen. Et soll séchergestallt ginn, datt keen diskriminéiert gëtt.
D'Ethik-Komiteeë vun de Spideeler hu Richtlinnen ausgeschafft fir de Fall, wou d'Intensivbetter ze knapps gi fir all Patienten ze behandelen. Et soll séchergestallt ginn, datt keen diskriminéiert gëtt.
D'Coronavirus-Pandemie betrëfft mëttlerweil déi ganz Welt. Wéi huet sech hiert d'Liewen an de leschte Wochen verännert? Dräi Lëtzebuergerinnen hunn eis hir Erfarungen aus New York, Nairobi an Dakar erzielt.
Am Moment géif ee mat der Regierung doriwwer beroden, wéi eng Gemengeservicer als éischt nees kéinten an den normale Betrib iwwergoen, esou den Emile Eicher, de President vum Gemengesyndikat Syvicol.
Wéi kann ee wärend der Quarantän bewosst preventiv handele fir Aggressiounen a Gewalt doheem ze vermeiden? Infomann réit Distanz ze schafen a Gefiller vun Angscht, Onsécherheet a Machtlosegkeet ze acceptéieren.
Och wann d'Ausmooss vun der Pandemie ufanks ënnerschat gouf, wier een elo gutt opgestallt, erkläert d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Ee schrëttweise Retour an d'Normalitéit géif preparéiert ginn.
Et misst een den neie Bilan mat gemëschte Gefiller betruechten, seet d'Regierung. D'Zuel vun neien Infektioune géif net méi sou séier klammen. Mee den Héichpunkt an de Spideeler kéim eréischt.
Dee leschte Prisonéier hätt haut domat opgehalen, deelt d'Prisongsverwaltung eis de Mëtteg mat. Eng 40 Prisonéier waren Enn vun der leschter Woch an den Hongerstreik getrueden.
De Professor Stefan Braum warnt virun de laangfristege Konsequenzen, déi den Etat de crise an déi Mesuren, déi op Basis dovu geholl goufen, huet. De Jurist fuerdert, datt och d'Sortie aus de Krisemesurë rechtlech begleet gëtt.
D'Europäesch Kommissioun probéiert, d'Memberstaaten zesummenzeféieren, seet de Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit. D'Tentatioun, jiddweree fir sech ze decidéieren, wier grouss gewiescht.
"Mir verstinn absolut net, wéi een an dësen Zäite vun der Summervakanz ka schwätzen", esou d'OGBL-Presidentin Nora Back. Och wa vill Leit am Moment net schaffe ginn, wier dat kee Congé.
Op Ouschterméindeg proposéiert Iech de radio 100,7 exklusiv e Lauschterstéck vum Claudine Muno fir gutt an de Feierdag eranzekommen.
Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?
Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen