Aktualitéit

Benoît Theisen, Generalsekretär vum Tour de Luxembourg
Bilan vum Tour de Luxembourg

D'Organisateure vum Tour de Luxembourg sinn zefridden. Déi eenzel Incidenten ëm d'Sécherheet vun de Coureure wieren drop zeréckzefeieren, datt d'Automobiliste sech net un d'Consignen halen.

Autobunn
Autobunnen

Op den Autobunnen A6 an A1 gëtt vun e Méindeg un d'Vitess wärend de Stousszäite moies nees op maximal 90 Kilometer an der Stonn limitéiert, deelen d'Ponts et Chaussées mat.

Black Lives Matter Manifestatioun Europa
Stëmme vun enger neier Generatioun

Och zu Lëtzebuerg gouf et eng Manifestatioun ënner dem Slogan Black Lives Matter. Mee wat bedeit et, zu Lëtzebuerg jonk a schwaarz ze sinn? D'Isabel Scott huet mat véier Concernéierte geschwat.

Marc Angel (LSAP), Monica Semedo (DP), Tilly Metz (déi gréng), Christophe Hansen (CSV)
Fir adequat op d'Pandemie ze äntwerten

Fir op déi aktuell Entwécklung an der Corona-Pandemie ze reagéiere wier an der Europäescher Unioun eng besser Koordinatioun, Kooperatioun a Kommunikatioun néideg, esou déi véier Lëtzebuerger Europa-Deputéiert.

Daf Charles
Groussherzoglech Famill

De Samschdeg de Mëtteg ass de Prënz Charel gedeeft ginn. D'Daf-Feier war an der Klierfer Benediktiner-Abtei Saint-Maurice. D'Dafmass war dunn um dräi Auer a gouf vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gehalen.

Corinne Cahen.jpg
Lutte géint Diskriminatioun

D'Integratiounsministerin hält näischt dovu fir Quoten anzeféiere fir ze garantéieren, datt d'Betriber och Mataarbechter mat schwaarzer Hautfaarf astellen. Quote wieren net dee richtege Wee, esou d'Corinne Cahen.

Félix Eischen
Burnout

De CSV Politiker Félix Eischen schreift an engem Communiqué un d'Kielener Awunner, datt hie seng Charge als Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen aus gesondheetleche Grënn den Ament net méi ausféiere kéint.

Kläranlag
LIST

D'lescht Woch haten d'Fuerscher vum LIST scho festgestallt, datt Konzentratioun vum Coronavirus am Süde vum Land zougeholl huet. Fir d'Fuerscherin Leslie Ogorzaly kann een awer nach net vun enger drëtter Well schwätzen.

Dr. Jean-Claude Schmit
Lutte géint de Virus

Wéinst der héijer Zuel un neie Covid-19-Infektiounen hei zu Lëtzebuerg muss d'Cellule, déi sech ëm den Traçage vu Kontaktpersoune këmmert, opgestockt ginn. Iwwer 100 Persoune sinn elo nees am Asaz, ënner anerem och vun der Militärmusek.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen