"Dat deet hinnen natierlech wéi"
D'Piratepartei riskéiert een Deel vun der staatlecher Walkampfënnerstëtzung mussen zeréckzebezuelen. Ee Kandidat aus dem Osten hätt 30.000 Euro aus eegener Täsch an de Walkampf investéiert, erkläert d'Diane Adehm.
D'Piratepartei riskéiert een Deel vun der staatlecher Walkampfënnerstëtzung mussen zeréckzebezuelen. Ee Kandidat aus dem Osten hätt 30.000 Euro aus eegener Täsch an de Walkampf investéiert, erkläert d'Diane Adehm.
Den Debat an der Chamber iwwer de Service public soll am éischten Trimester stattfannen, huet de Xavier Bettel ugekënnegt. D'Deputéiert sollen hir Positioun duerleeën, éier e Gesetzestext proposéiert gëtt.
D'EU-Kommissiounspresidentin war op Aarbechtsvisitt beim Xavier Bettel. Si hunn den europäesche "Green Deal" an de EU-Finanzkader fir d'Joren 2021 bis 2027 diskutéiert. An do si sech d'Länner guer net eens.
All Kommissär vun der neier EU-Kommissioun soll all Memberland op d'mannst eemol besichen. D'Yuriko Backes begréisst dat: et géif drëm goen de Bierger nozelauschteren an op si anzegoen.
Faktencheck
D'Sylvie Mischel steet weider hanner hirem Facebook-Post iwwer Flüchtlingen a Sozialwunnengen. Allerdéngs steet d'Argument, mat deem si hir Thees illustréiert, op zimmlech wackelege Been.
D'EU hätt vill ze bidden, fir un enger Léisung fir d'Konflikter am Noen Oste matzeschaffen, betoune Vertrieder vun der EU dacks. Um aussepolitesche Plang schéngt d'EU awer éischter nozekucken.
De LIST huet eng App entwéckelt déi uweist, ob eventuell schiedlech Substanzen a Produiten dra sinn. Dofir muss ee just de Barcode mat sengem Handy scannen, sou den Arno Biwer vum LIST, deen un der Entwécklung bedeelegt war.
D'Ëmsetzung vum geplangten nationale Service fir Ëmweltmedezin ass nach am Ufanksstadium, seet den Direkter vum CHEM. De Koalitiounsaccord gesäit dëse Service vir. Et stelle sech nach eng ganz Partie Froen.
Déi vum Staat beoptraagten Historiker hunn hir Recherche op den historesche Geheimdéngschtarchiven aus de Joren 1960 bis 2001 ofgeschloss. De ronn 100 Säite laange Rapport soll am Februar publizéiert ginn.
Nieft den dräi Haapt-Operateuern zu Lëtzebuerg hunn och nach sechs aner Kandidaten Interessi gewisen. D'Post wier doduerch e bëssen iwwerrascht ginn, sou de Claude Strasser. Den ILR huet awer nach keng 5G-Frequenze verginn.
Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen