Aktualitéit

“Mir musse méi Demokratie woen, a mat der Ausdehnung vum Wahlrecht steet e wichtege Rendez-Vous an d’Haus”, sou de Chamberpresident während der akademescher Séance

"Sympathie a Kompetenz, dat sinn zwee Bewäertungs-Kritären an enger entpolitiséierter Gesellschaft". D’lescht Woch hunn d’Lëtzebuerger Wort an RTL nees d’Resultater vun Ëmfroe publizéiert. Ënnert anerem goufen d’Sympathie respektiv d’Kompetenz vun deenen engen an anere Politiker gemooss.

“Europa beweegen”. Dat ass de Slogan vun Déi Gréng fir d’Europawahlen, déi sech als Ziel gesat hunn en zweete Sëtz am EU-Parlament ze kréien.

“Fir Europa. Fir Lëtzebuerg.” Mat deem Slogan geet d’CSV an d’Europawahlen.

"Europa, eng aner Visioun". Dat ass den Titel vum Europa Wahlprogramm vun der Partei fir integral Demokratie.

De Michel Wurth huet ze verstoe ginn, datt ArcelorMittal Enn vum Joer decidéiert d’Stolwierk zu Schëffleng zouzemaachen. Zu Rodange wéilt de Stolkonzern wa méiglech iwwer 2014 eraus produzéieren, an zu Déifferdeng a Belval soll investéiert ginn.

D’Cargolux fänkt réischt an engem gudde Mount mat de reguläre Volen op Zhengzhou un. De Start-Datum fir d’Flich an d’Provënz vum neie Co-Aktionär HNCA ass den 29. Mee. Dat huet d’Airline annoncéiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen