
Cannes: Palme d'Or fir "Triangle of Sadness"
ING-Marathon: 12.000 Leefer mat dobäi / Portugal: Staatsbudget fir 2022 ugeholl / Cannes: Palme d'Or fir "Triangle of Sadness"
ING-Marathon: 12.000 Leefer mat dobäi / Portugal: Staatsbudget fir 2022 ugeholl / Cannes: Palme d'Or fir "Triangle of Sadness"
Bei 99 Prozent vun de Persounen, déi sech géint Covid-19 impfe gelooss hunn, konnt een Antikierper noweisen, esou déi europäesch Etüd Orchestra un där den LIH, de Luxembourg Institute of Health, participéiert.
De Krich an der Ukrain ass ewell schonns dräi Méint am Gaangen. Mir hunn zu Stroossen an zu Conter nogefrot, wéi et aktuell ëm d'Solidaritéit mat de Geflüchtete steet.
D'Zuel u Stéit, déi sech an den Epicerie Socialë vun der Cartias versuergen, ass bannent de leschte 5 Joer em méi wéi 30 Prozent geklommen, sou déi politesch Porte-Parole vun der kathoulescher ONG.
De Krich an der Ukrain mécht sech am Moment och an de Regaler vun de Supermarchée bemierkbar. Mir waren dofir an d'Epicerie Sociale op Esch ukucken, wéi een Impakt d'Präishaussë bei de Liewensmëttel do am Moment hunn.
500 Milliarden US-Dollar u Schied huet déi russesch Invasioun an der Ukrain scho verursaacht. "Sollt een elo schonn doriwwer diskutéieren, wien dofir opkënnt?", freet de Matthias Kirsch.
Wéi wëll d'EU de Retard am Digitalen eranhuelen? Wéi een Afloss huet de Krich an der Ukrain dorop? Froen un d'EU-Kommissärin Margrethe Vestager.
D'Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz steet am Zeeche vum Krich an der Ukrain. D'Repercussiounen op den internationale Commerce si gravéierend. Nieft der Gefor vun enger Hongersnout ass et och d'Fro no der Energie, déi virun allem déi europäesch Staate beschäftegt. Fir Lëtzebuerg ass de Xavier Bettel zu Davos.
D'Député-Mairë Georges Mischo an Dan Biancalana weisen d'Kriticke vun der fréierer Pro-Sud-Presidentin zréck: no hirer Demissioun d'lescht Woch hat d'Anouk Boever-Thill e "gewëssen Dysfonctionnement" an der Exekutiv vum Gemenge-Syndikat Pro-Sud kritiséiert.
L'UE veut aider à mettre en place des voies sûres pour le transport de produits alimentaires de et vers l'Ukraine. La Commission propose des "voies de solidarité".
De Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History huet sech iwwer d'Grenzen eraus en Numm gemaach. D'Aarbecht op Theeme wéi dem Zweete Weltkrich an der Finanzgeschicht wier awer net ëmmer einfach, sou den Andreas Fickers.
Vum 28.-29. Mee ass den BEAUTIFUL DECAY Festival am Gréiweschlass zu Käerch. De radio 100,7 ass e Samschdeg den 28.05. live sur place.
Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen