Radioen

On air

Notturno  |  Michael Wycoff - Looking Up To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zum Naturschutz bäidroen

Sprangkraut

Zum Naturschutz bäidroen

Den Naturpark Our an de Natur- & Geopark Mëllerdall sinn op der Sich no Persounen déi dobäi hëllefen, dat sougenannt drüsegt Sprangkraut op verschiddene Plazen am Land ze rappen. Dëst Kraut ass eng Gefor fir d'Baachen a verbreet sech och immens séier.

auto_stories

2 min

Impatiens glandulifera, esou de laténgeschen Numm vun dësem drüsege Sprangkraut, oder och indescht Sprangkraut genannt. Et wier keng heemesch Planz, esou d'Tamara Laterza vum Natur & Geopark Mëllerdall. Et gouf am Ufank vum 19. Joerhonnert vun englesche Botaniker mat an Europa bruecht, well se esou eng schéi Bléi huet. Eigentlech kënnt d'Planz aus dem westlechen Himalaya.

Bis zu 2,5 Meter ka se grouss ginn a blitt vum Juli bis an den Oktober eran. Dëst Sprangkraut ass immens invasiv a konkurrenzfäeg, firwat eenheemesch Planze verdrängt ginn, a Biodiversitéit verluer geet. Och Béie gi léiwer bei d'Sprangkraut, wéi bei déi heemesch Blummen.

Eng Planz, déi sech vill verbreet

Mee och de Verbreedungswee ass e Problem. D'Planz bilt bis zu 4.000 Somkäre, déi bis zu siwe Meter an all Richtung sprange kennen. Dee Som kann och laang am Buedem iwwerliewen, dat heescht och wann een d'Planz schonn iergendwou erausgerappt huet, heescht dat net, datt do nächst Joer kee Sprangkraut méi zeréck kënnt.

Virun allem fënnt een d'Impatiens glandulifera laanscht Baachen a Flëss. Déi immens kuerz Wuerzele vun der Planz lackeren de Buedem op an et ka laanscht d'Ufer zu Buedem-Erosioun kommen.

Selwer hëllefen

Den Naturpark Our an de Natur- & Geopark Mëllerdall organiséieren dofir elo am Summer all Samschden, ausser dem 15. August, Aktiounen, bei deenen een dat Sprangkraut erausrappt. Et bräicht ee keng Virkenntnesser, et géif een op der Plaz eng Aféierung kréien, esou d'Tamara Laterza, an esou géif een aktiv eppes zum Naturschutz bäidroen.

Umelle kann ee sech iwwer d'Mail info@naturpark-mellerdall.lu oder um Site vum Natur- & Geopark Mëllerdall, www.mullerthal.lu