Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zeréck zu eiser Natur fannen"

Entspanung

"Zeréck zu eiser Natur fannen"

Am Generatiounsgaart zu Beefort gëtt e Workshop organiséiert, fir mat Hëllef vun der Natur ze entspanen an zu sech selwer ze fannen. Et géif drëm goe fir dat, wat an der Natur do ass, "einfach mol geschéien ze loossen".

auto_stories

1 min

Ee vu villen Workshoppen, déi dëse Summer am Generatiounsgaart zu Beefort ugebuede ginn, wëllt de Wee zeréck zur Natur fannen. Organiséiert gëtt e vun der Gäertnerin Annick Feipel a vum Entspanungspedagog Christian Berrend.

Et géif drëm goe fir dat, wat an der Natur do ass "einfach mol geschéien ze loossen". Dat, wat vun der Industrie virgi gëtt, wier nämlech net entspanend, fënnt de Christian Berrend.

"Mee wann mer eis aloossen op dat, wat d'Natur eis gëtt, denken ech, kënne mer wierklech entspanen, zu eis sëlwer fannen an einfach méi e schéint Liewe féieren."

Wärend dem Workshop wëlle si vill mat Observatiounen a Mustere schaffen, déi et an der Natur ginn och beim Mënsch ginn. D'Iddi ass entstane wéi de Christian Berrend an engem stressege Moment, wéi hie Rou gesicht huet, de Generatiounsgaart entdeckt huet-

Wien Interessi huet beim Workshop e Sonnden, den 30. August am Generatiounsgaart zu Beefort matzemaachen, soll sech iwwer annickf@cell.lu umellen. Weider Informatiounen ginn et och um Facebook-Site vum Generatiounsgaart a vun Entspaant.lu