Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - Something On Your Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi stëllen ech Jauche hier?

Wëll Wuerzel

Wéi stëllen ech Jauche hier?

Jauche, op lëtzebuergesch Piff, Britt an Téi. Dëst ass ee vun de beschten Tricken, net ëmmer déi appetitlechst Ugeleeënheet, mee am Biogaart ka Brënnesselspiff Wonner wierken, dobäi ass se einfach hierzestellen.

auto_stories

3 min

Als Piff oder Jauche bezeechent een, wa Planzen a kalem Waasser gäre gelooss ginn. Verschidde Kraider kann een och als Britt opkachen zum Beispill Wermut oder als Téi verschaffe wéi zum Beispill Knuewelek.

Déi bekanntsten Zort ass de Brennesselspiff. Dofir hëlt een en Eemer aus Plastik oder Keramik mat Deckel, 1 kg zerklengert Brennnessel an zéng Liter Waasser. D'Brennessele ginn einfach mam frësche Waasser opgeschott an ouni Deckel vergäre gelooss.

Am beschte leet een den Deckel just liicht drop oder et deckt den Eemer mat engem Gitter an engem Duch of. Et muss ebe Loft dru kommen. Wärend dësem Prozess entsteet en zimmlech intensive Geroch a Schaum. Dofir am beschten am hënneschten Eck an engem belëfte Keller oder op enger Plaz am Schied am Gaart stoe loossen.

Reegelméisseg dra réieren hëlleft, fir datt de Piff méi séier fäerdeg gëtt. Wann de Piff net méi schaimt a brong ass, filtert een d'Planzereschter duerch e Sift, fir datt kee Som mat op d'Beet kënnt. Mat dem Deckel um Eemer hält de Piff sech dann zimmlech laang. A firwat ass déi Sténkerei da gutt? Brennesselspiff ass e perfekten Dünger, well en enthält richteg vill Stéckstoff, wat Planze wéi Tomaten, Kabes oder Kürbis immens gären hunn. Fir ze dünge verdënnt een de Piff 1 zu 20 an enger Géisskan Waasser. Fir d'Planzen einfach ze stäerken a resistent géint Krankheeten ze maachen, verdënnt een 1 zu 50.

Géint Lais a Milben

Brennnessele loossen sech och notze géint Lais a Milben. Dofir léisst een d'Preparatioun awer net vergären, mee léisst d'Planzen einfach nëmme 24 Stonnen am Waasser zéien. Dëst kann een dann onverdënnt sprëtzen. Et wierkt ganz gutt géint Lais a Milben.

Et gëtt immens vill Zorte vu Piff a Britt Schachtelhalm, op Franséisch Herbe de prêle, Beinwell oder ebe Brennesselen dénge gutt derfir. En Téi aus 70g Knuewelek an engem Liter Waasser wierkt gutt géint Milben a Pilzkrankheeten, wann e gesprëtzt gëtt.

Beinwellspiff liwwert zum Beispill net nëmme Stéckstoff, mee och Kalium a Phosphor. Wie beim Kabes Problemer mam Kohlweissling huet, kann ofgeschnidden Tomateblieder 2-3 Stonnen a Waasser zéie loossen. Dës gëtt da reegelméisseg nom Reen gesprëtzt.

Wiem seng Muerten ëmmer erëm vu Mécke befall sinn, kann e Kilo Ënnen an zéng Liter Waasser vergäre loossen. 1:20 verdënnt kann een d'Muerten domadder nätzen oder sprëtzen. Och Gromperen oder Uebstbeem profitéieren dovunner, well et se stäerkt a Krautfäule verhënnert.

Am Prinzip funktionéiere Jauchen duerch hire Geroch oder hir Inhaltsstoffer. Den Ackerschachtelhalm lagert zum Beispill Kieselsäure. Dës hëlleft Planzen hir Zëllwänn ze stäerken. Doduerch kënne Léis oder Milben oder och Pilzen dës Zëllwänn méi schwéier duerchdréngen. D'Planzen ginn also gestäerkt. Dës funktionéiert awer nëmme virbeugend. Et ass also eng gutt Iddi Jauchen opzesëtzen a seng Planzen no a no domadder ze verwinnen. Virun allem de Kabes, d'Gromperen oder Tomaten, déi heiansdo komplizéiert Kulture kënne sinn, ginn doduercher méi einfach ze handhaben.

Vill Spaass beim Trank zesummebrauen a loosst et wuesse mat der wëller Wuerzel!