Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Superreality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi schmaachen ech richteg Wäin?

Gastronomie

Wéi schmaachen ech richteg Wäin?

E Sommelier soll engem Gaascht am Restaurant dobäi hëllefen de richtege Wäin ze fannen. Mee wéi ass et wann een doheem ass an keng Hëllef huet? De Pit Walté huet nogefrot, wéi een dann am beschte Wäi schmaacht.

auto_stories

2 min

Dat Wichtegst wier fir d'éischt eemol, datt een déi richteg Glieser hätt, seet de Sommelier Benjamin Fanuel. Am beschte wieren do Glieser mat engem Still. "Wann d'Glas kee Still huet, wiermt sech de Wäi méi séier op, well d'Hand direkt am Kontakt mam Glas ass. Mee d'Temperatur ass awer ganz wichteg."

Wann de Wäin ze waarm ass, verléiert en un Aroma. Dofir ass et och wichteg, datt d'Fläsche richteg gekillt ginn. Beim wäisse Wäi läit déi optimal Temperatur tëschent 9 an 12 Grad, beim rouden tëschent 14 an 18. Ofhängeg ass dat awer vum Wäi selwer, ass e staark oder ass e méi séisslech, zum Beispill.

"80 Prozent vum Goût kommen duerch Nues"

Bei enger Degustatioun wieren da generell all d'Sënner gefrot, seet de Benjamin Fanuel. "Wat d'Leit dacks vergiessen, ass sech de Wäi fir d'éischt mol unzekucken, well och dat mécht scho Loscht. Et schmaacht ee fir d'éischt mat den Aen, dono richt een dann um Wäin."

Wann een dann eng Schlupp hëlt fir ze schmaachen, dierft een de Wäin net direkt ofschlécken, well de richtege Goût gëtt eréischt da richteg fräigesat, wann een de Wäin e bëssen am Mond behält. Den Aroma geet da vum Mond bis an d'Nues. "80 Prozent vum Goût kommen duerch Nues an 20 Prozent duerch de Mond." Schléckt een de Wäin direkt of, verléiert deen also vill un Aroma, esou de Sommelier.

Kann een e gudde Wäin dann och un der Fläsch erkennen? Dem Benjamin Fanuel no, nee. Et wier ganz schwiereg nëmmen duerch d'Fläsch e gudde vun engem schlechte Wäin ze ënnerscheeden. "D'Etikette sinn an de leschte Jore vill besser ginn, se sinn dacks schéin an eenzegaarteg. Mee et gëtt awer duerch d'Fläsch keen Hiwäis op de Goût."

Vill nei Trenten

Generell misst ee, wann ee Wäin auswielt, ganz oppe sinn. Et muss een all Wäin eng Chance ginn, et dierf een net no der Etikett oder nom Numm kucken. Dacks sicht een no de bekannte Joergäng, mee och an engem schlechte Joer, kann ee ganz gudde Wäi fannen. D'Leit géifen och ëmmer méi oppe ginn, seet de Benjamin Fanuel, deen zanter 2002 Sommelier ass.

Vill Cliente géife méi fir eng gutt Fläsch ausginn a géifen och méi aussergewéinleche Wäi probéiere wëllen. E puer Trente wieren am Moment kalifornesch oder südamerikanesch Wäiner, de Moment ginn et awer och méi dacks georgesch, marokkanesch oder slowenesch Wäiner.

Also wann der déi nächste Kéier op der Sich no enger gudder Fläsch Wäi sidd, probéiert roueg eppes Neies aus.