Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Jesus And Mary Chain - Head On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi funktionéiere Schnelltester am Fussball?

Sport

Wéi funktionéiere Schnelltester am Fussball?

D'Reprise vum Spillbetrib an der ieweschter Liga war eigentlech fir leschte Weekend geplangt, mee gouf wéinst Onkloerheeten zu de Schnelltester kuerzfristeg ofgesot.

auto_stories

2 min

Jiddereen, dee wëll un engem Championnatsmatch deelhuelen, muss elo obligatoresch beim Ofschlosstraining ee Schnelltest maachen.

Gratis an obligatoresch

D'Schnelltester, déi all Veräin gratis bei der Santé kann ofhuelen, ginn elo obligatoresch beim Ofschlosstraining gemaach.

Beim SC Ell sinn et zwou Spillerinnen, déi am Santésberäich schaffen, déi d'Formatioun fräiwëlleg gemaach hunn an e mobillen Testlabo an de Vestiairen dierfen opriichten.



Ier d'Tester obligatoresch waren, wier gesot ginn, teste géif Nodeeler bréngen: ëmmerhin kéint ee seng beschte Spillerinne fir de Match verléieren, erkläert de Paul Wilwerding, Trainer vum SC Ell. Dat wier awer net d'Theema:

"Et ass éischter als eng Etüd iwwer de lafende Spillbetrib ze gesinn. Ginn et vill Infektiounen, ginn et der manner dobausse wéi elo an der Hall?"

E Resultat a manner wéi enger hallwer Stonn

15 bis 30 Minutten dauert et, bis ee Resultat virläit. D'Schnelltester erkennen 80 Prozent vun de positive Fäll, déi och ee PCR-Test géing fannen.

D'Spillerinnen an d'personnel encandrant, déi getest goufen, ginn der Federatioun an dem Sportsministère matgedeelt an dierfen um Bou figuréieren a beim Match present sinn. D'Resultater ginn un d'Santé geschéckt.

E positiven Test muss bannent 24 Stonne bei der Santé gemellt ginn, dono gräifen déi selwecht Prozedure wéi beim Large-Scale-Testing.

Do wou d'Wiederkonditiounen et erlaabt, rullt de Ball vum Samschden un erëm.