Radioen

On air

De Moien  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Limitte fir de Mediekonsum fir Kanner?

"Les écrans en famille"

Wéi eng Limitte fir de Mediekonsum fir Kanner?

D'lescht Woch hunn den Educatiounsministère a Bee Secure eng Campagne ënner dem Numm "Les écrans en famille" lancéiert. Et wëllt een den Eltere Recommandatioune ginn, wéi een de Mediekonsum vun de Kanner an d'Zäit, déi si virun engem Bildschierm verbréngen, kontrolléieren an organiséiere kann.

auto_stories

2 min

Smartphone, Fernsee, Tablett, de Computer oder Spillkonsolen: Mir verbréngen ëmmer méi Zäit virun engem Ecran a fir d'Kanner gëllt dat och. Mee wéi geet een als Elteren domat ëm? Fir bei där Fro ze hëllefen, hätt een dës Campagne gestart, seet de Jeff Kaufmann vu Bee Secure.

"Den Ursprong vun der Campagne ass, datt mir bei Bee Secure an och beim Ministère, ëmmer nees gefrot goufen, wéi ee mat de verschiddene Sujeten ëmgeet. Zum Beispill wéi vill Bildschierm-Zäit dann elo ze vill ass fir e Kand an engem bestëmmten Alter? Oder wéi ee mat Videospiller soll ëmgoen?"

Een Deel vun der Campagne si Biller mat Messagen, déi den Educatiounsministère a Bee Secure op hire soziale Medien deele wäerten. An et wiere virun allem sechs zentral Recommandatiounen:

  • Evitéieren, datt Kanner ënner sechs Joer eleng Videospiller spillen
  • Evitéieren, datt Kanner ënner dräi Joer virum Ecran setzen. Dono d'Utilisatioun dem Alter entspriechend upassen.
  • Fir datt d'Kanner Schlof kréien, Zonen am Haus definéieren, an deene si d'Bildschiermer net benotzen dierfen.
  • Mam gudde Beispill virgoen, d'Kanner léiere vun hiren Elteren.
  • Mat de Kanner doriwwer schwätzen, wat si kucken a spillen, wa si eleng sinn.
  • Virun 13 Joer kënnen d'Kanner de Risiko an de soziale Medien nach net richteg aschätzen. Eltere mussen hir Kanner dofir sensibiliséieren.

Den Afloss vu Bildschiermer op de Schlof an d'Entwécklung vum Kand

Et wéilt een den Eltere Richtlinne mat op de Wee ginn, seet de Jeff Kaufmann. Et sollt een de Kanner d'Medien awer net verbidden, mee hinnen den eegestännegen a responsabelen Ëmgang domat bäibréngen.

Nieft de Messagen, déi een op de soziale Medie verbreet, hunn de Ministère a Bee Secure och eng Broschür ausgeschafft, "Les écrans en famille - Gérer, éduquer et accompagner".

"An der Broschür fënnt een den aktuelle Wëssensstand an der Wëssenschaft zum Afloss vun de Bildschiermer op d'Entwécklung vum Kand a sengem Schlof. Dat zentraalt Stéck vun der Broschür ass awer d'"3-6-9-12-Reegel". Eng Reegel vum franséische Psycholog Serge Tisseron, déi proposéiert, wéi vill Zäit e Kand am entspriechenden Alter maximal virum Ecran verbrénge sollt."

Eng digital Versioun vun der Broschür "Les écrans en famille - Gérer, éduquer et accompagner" a weider Informatiounen zu der Campagne fannt Dir ënner www.bee-secure.lu.