Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Webinaire: Den Entrepreneursgeescht an der Educatioun

Video

Webinaire: Den Entrepreneursgeescht an der Educatioun

De Geescht vum Entreprenariat an de Schoule floréiert. Dat weist ë.a. de Succès vun de Mini-Entreprisen. Am Webinaire schwätze mir iwwer de 4K-Léiermodell an den Entrepreneursgeescht an der Educatioun.

auto_stories

2 min

Enn September war den zweeten nationale Sustainable Entrepreneurial School-Dag, Mëtt November den 1. nationalen Hackathon vun der Educatioun ënner dem Motto "Le futur de l'éducation", zanter der Rentrée funktionéiert d'Sektioun N Entreprenariat am ECG, an eng 17 Lycéeën hunn sech Stand haut fir de Label vun enger Sustainable Entrepreneurial School (SES) qualifizéiert.

Datt de Geescht vum Entreprenariat an de Schoulen zu Lëtzebuerg floréiert, weist de Succès vun de Mini-Entreprisen a vun enger Rei weideren Aktivitéiten, déi de Léiermodell vun de 4K an der Educatioun fërderen.

4K steet fir Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a kritescht Denken. Dëse Léiermodell gëtt vu Bildungsfuerscher:innen als onëmgänglech gesinn, fir Schülerinnen a Schüler haut méiglechst gutt, op déi nach onbekannte Welt vu muer virzebereeden.

Dat aktiivt Fërdere vun dëse Kompetenze weist sech hautdesdaags an der Educatioun ënner anerem an de Coursen a Projete ronderëm den Entrepreneurship. Dobäi sollt een de Begrëff "Entrepreneurship" an dësem schoulesche Kontext lassgeléist vun der reng wirtschaftlecher Iddi an dem Terme verstoen, mee villméi als pedagogesch-didaktesche Kader, an deem d'4K-Kompetenzen aktiv ugewannt kënne ginn.

D'Aféieren an Ausbaue vu Methoden, déi den entrepreneuriale Gedanke stäerken, leien am Zäitgeescht vun de bildungstheoreteschen Entwécklungen.

Fir iwwer dëse Léiermodell, den Entrepreneursgeescht an der Educatioun an iwwer d'Méiglechkeeten dovun ze schwätze sinn am Studio fir dëse Webinaire:

  • Fabienne Kieffer, Responsabel fir d'Sustainable Entrepreneurial Schools um SCRIPT,
  • Stéphanie Damgé, Directrice vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg (JEL)
  • Joseph Britz, Direkter vun der École de Commerce et de Gestion (ECG)
  • John Klemmer, Coordinateur vun de Sustainable Entrepreneurial Schools am Atert Lycée Réiden (ALR)

Donieft ginn et verschidden Erfarunge vu Schüler:innen, Professeren a Leit, déi den Entrepreneurship an d'Schoule bréngen.

Nolauschterer:innen kënne wärend dem Webinaire Froen op d'Mail fro@webinar.lu schécken, oder iwwer de Whatsapp-Nummer 621 44 00 44.