Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat géif e Retour vum Wollef fir d'Biodiversitéit bedeiten?

Natur

Wat géif e Retour vum Wollef fir d'Biodiversitéit bedeiten?

Wann de Wollef géif zeréck op Lëtzebuerg kommen, wier dat eng gutt Neiegkeet fir d'Bëscher an d'Biodiversitéit, ënnersträicht de Laurent Schley vun der Naturverwaltung. Hien erkläert och e puer Reegelen, wéi ee sech bei enger Renconter mat engem Wollef verhale sollt - och wann dëst extrem onwarscheinlech wier.

auto_stories

2 min

Foto vun engem Wollef. Foto: Nadege / Bigstock

Lauschterenplay_arrow


D'natierlecht Gläichgewiicht zu Lëtzebuerg ass ënner anerem duerch d'Ausrotte vum Wollef als grousse prédateur verluer gaangen.

Retour wier positiv fir den Equiliber an de Bëscher

E Retour vum Wollef kéint zu Lëtzebuerg, wéi an aneren europäesche Länner dozou bäidroen, dat natierlecht Gläichgewiicht erëm hierzestellen, esou de Laurent Schley vun der Naturverwaltung.

An anere Länner ewéi zum Beispill an der Schwäiz, wou de Wollef an och de Lux erëm fest installéiert sinn, hätt ee festgestallt, datt d'Naturverjüngung vun de Bëscher erëm wesentlech besser wiisst:

"Dat heescht, datt d'Bëscher sech erëm natierlech kënne verjüngen an dat ass natierlech fir d'Bëscher an och fir d'Biodiversitéit, déi ganz Aartevillfalt, déi an de Bëscher lieft a vun engem natierleche Bësch ofhängeg ass, extrem wichteg an extrem positiv."

Renconter a fräier Natur "extrem onwarscheinlech"

Angscht virum Wollef bräicht awer keen ze hunn. E Wollef an der fräier Natur ze gesi wier extrem onwarscheinlech, well Wëllef tendenziell schei Déiere sinn, déi sech zeréck zéie wa si ee Mënsch gesinn, esou de Laurent Schley.

Wann een awer engem Wollef sollt begéinen, ginn et e puer Reegelen, un déi ee sech sollt halen, erkläert de Laurent Schley:

"Da soll een op jidder Fall Mol op sech opmierksam maachen andeem een haart schwätzt, ouni grouss Panik einfach haart schwätzt, sech grouss maachen, d'Äerm héich maachen, de Wollef am Ae behalen. Net fortlafen, dat geet meeschtens schonn duer, wann een de Wollef op sech opmierksam mécht, datt deen dann sech dovu mécht."

Et wier dann och wichteg, datt een net probéiert, de Wollef ze fidderen. Dat kéint dozou féieren, datt de Wollef manner schei gëtt a sech am Laf vun der Zäit ëmmer méi no un d'Mënschen erun traut.