Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Passioun zum Beruff

Gesellschaftsspiller

Vun der Passioun zum Beruff

An Däitschland gëtt all Joer ee Brietspill mam Präis "Spiel des Jahres" ausgezeechent, eng grouss Unerkennung an der Branche. Dëst Joer geet dëse Präis un d'Spill "Pictures". De Lëtzebuerger Philippe Schmit war un der Entwécklung vum Spill bedeelegt.

auto_stories

3 min

Zanter engem gudde Joer schafft de Philippe Schmit beim PD-Verlag, engem Hamburger Verlag déi Brietspiller erausbréngen. Mee och schonn déi Jore virdrun, war de Lëtzebuerger an der Spillbranche aktiv.

Ugefaangen huet alles mat engem Konscht- a Geschichtsstudium zu Konstanz. Vun do aus huet de Philippe Schmit e Praktikum bei Ravensburger gemaach, fir d'éischt nach am Archiv an dono an der d'Redaktioun fir Familljespiller.


De Bäitrag vum Pit Walté lauschterenplay_arrow


Duerno ass de Philippe Schmit op Hamburg bei Eggertspiele gewiesselt, wou en e Volontariat gemaach huet. 2017 ass dëse Verlag vun der kanadescher Firma Plan B Games opkaf ginn an do war hien da Redakter, éier e bei de PD-Verlag gewiesselt ass.

Brietspiller: eng Passioun

D'Leidenschaft fir Spiller huet beim Phillippe Schmit schonn an der Kandheet ugefaangen.

"Natierlech hu mer schonn doheem mat menger Bom vill Kaarte gespillt. Mee dono war et dann esou, datt mer Pen and Paper-Rollespiller gespillt hunn, oder Tabletop-Spiller, also mat Miniaturen um Dësch. A méi spéit am Studium hunn ech dann ugefaangen erëm modern Brietspiller ze spillen."

Mam PD-Verlag huet de Philippe Schmit elo d'Auszeechnung "Spiel des Jahres" fir "Pictures" gewonnen. Déi wichtegst Auszeechnung an der Spillbranche, déi och iwwer d'Grenze vun Däitschland eraus bekannt ass. Fir hir perséinlech ass et déi zweete Kéier, datt e Spill, un deem hie bedeelegt war, dës Auszeechnung kritt huet. 2018 war dat fir d'Brietspill Azul.

Zwee Spiller d'Joer

Fënnef Leit schaffen am ganze beim Hamburger PD-Verlag, an zanter engem gudde Joer ass och de Lëtzebuerger Philippe Schmit Deel vun der Ekipp. Duerch d'Zuel vun de Mataarbechter kéint ee net onbegrenzt Spiller entwéckelen. Dofir géif ee probéieren zwee Spiller d'Joer ze entwéckelen.

An der Branche vun de Spiller wier et esou, datt déi nei Verëffentlechungen am Hierscht presentéiert ginn. Dat hätt och mat der Spielemesse zu Essen ze dinn, eng grouss Foire, wou déi nei Spiller presentéiert ginn, erkläert de Philippe Schmit.

Vun enger Iddi ...

D'Entwécklung vun engem neie Brietspill fänkt mat enger gudder Iddi un, déi normalerweis vun enger Spill-Autorin oder -Auteur kennt. Als Verlag probéiert ee sech dann natierlech gutt Konzepter ze sécheren.

De Kontakt kéim meeschtens op Concoursen oder Eventer an der Spill-Branche zustanen, wou Auteuren hir nei Prototyppe weisen, esou de Philippe Schmit. Et wier awer och mol de Fall, datt se sech direkt beim Verlag mellen. Wien dës Spill-Auteure sinn, wier dobäi ganz ënnerschiddlech, et géifen och ëmmer erëm Newcomer ginn, grad wéi an der Literatur.

"Et gëtt awer natierlech eng Rei Leit, déi schonn zanter 20 oder 30 Joer Spiller erfannen an och ëmmer erëm nei Spiller op de Maart bréngen, well se och gutt Kontakter mat de Verlager hunn an och ëmmer nees nei iwwerzeegend Iddien."

... bis bei d'Konzept

Wann e Verlag dann eng Iddi iwwerholl huet, geet et drëms d'Konzept esou weider ze entwéckelen, datt d'Spill bis op de Marché kann. Et gëtt, wa nach net existent, e Prototyp gebaut an da muss d'Spill vill getest ginn.

Dat mécht de Verlag engersäits selwer, hëlt et awer och mat op Spill-Eventer, wou Spillbegeeschterter et ausprobéiere kënnen. Et wéilt een och d'Reaktioun vum Publikum gesinn, dat d'Spill da potenziell keeft, seet de Philippe Schmit vum PD-Verlag.

Wéi laang dee Prozess bis bei d'fäerdeg Spill dauert, wier ganz ënnerschiddlech. Meeschtens géif een dat am Laf vun engem Joer packen, seet de Spill-Redakter. Wann eng Iddi awer komplizéiert oder net wäit ausgeschafft ass, kéint et och mol e puer Joer daueren.