En Téi, deen iwwerdriwwe gutt richt a schmaacht, muss net dee Gesondste sinn. Et kënnt op d'Zesummestellung un, seet de Charles Marx, Responsabele vun der landwirtschaftlecher Kraidergenossenschaft am Naturpark Uewersauer, wou zanter iwwer 25 Joer Téi produzéiert gëtt. Ugefaangen huet d'Geschicht mat engem europäesche Leader-Projet. Fënnef Bauere sinn haut un der Genossenschaft bedeelegt.
Kamillen-, Fenchel- a Peffermënztéi wieren déi beléiftsten Téien hei am Land, esou de Charles Marx. Vervaine a Basilisk kann de Bauingenieur wéinst dem Lëtzebuerger Klima net ubauen, wat hie bedauert.
Am Naturpark gi reegelméisseg Visitte proposéiert.