Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Volleksetymologie

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Volleksetymologie

Eng Volleksetymologie bezeechent e Wuert, wat nom Sënn, mee och no senger Form, vum Volleksmond ëmgebaut ginn ass, fir datt et sech besser an d'Sprooch an an de Versteesdemech vun de Leit integréiert. Dat geschitt ëmmer dann, wann e Wuert wierklech al ass an a senge Bestanddeeler oder am Ganzen einfach net méi ze erkennen ass.

auto_stories

4 min

Simon Laroche: Gudde Moie Sam. Wat erziels de eis dann haut? D'lescht Kéier sos de, du häss eng Iwwerraschung fir eis.

Sam Mersch: Moie Simon. Ma, haut wollt ech iwwer d'Volleksetymologie schwätzen.

Volleksetymologie? Wat ass dat dann? Ech kenne just d'Volleksmusek! Ass dat eng aner Zort Etymologie?

Et ass en Term, dee mir Linguiste gären huelen, well en eng spezifesch, net regulär Verformung bezeechent.

Eng Volleksetymologie bezeechent nämlech genau, datt e Wuert nom Sënn, mee och no senger Form, vum Volleksmond ëmgebaut ginn ass, fir datt et sech besser an d'Sprooch an an de Versteesdemech vun de Leit integréiert. Dat geschitt ëmmer dann, wann e Wuert wierklech al ass an a senge Bestanddeeler oder am Ganzen einfach net méi ze erkennen ass.

O ... do sinn ech elo paff. Mee ech ka mer net virstellen, datt esou eppes oft virkënnt.

Du hues Recht, et ass net deen heefegsten Typus. Mee du muss bedenken, datt et oft genuch virkënnt, fir datt mir Linguisten e Wuert extra dofir benotzen. Du géings dech zum Deel wonneren, wéi vill an och wou déi Volleksetymologien iwwerall virkommen.

Ma, häss de da vläicht e puer Beispiller fir eis?

Gären, jo. Ech géing mer dann awer och erlaben, dech hei e bëssen auszefroen. Kanns du mir dat Wuert Werwollef erklären?

Werwollef, hm, jo ... Also et ass eng Zort Wollef. Mee een, deen sech an e Mënsch verwandelt, oder?

Jo an nee. Beim Werwollef handelt et sech ëm eng reng semantesch Verännerung. Schonn a fréieren Zäiten ass de Werwollef als e Mënsch verstane ginn, deen zu gewëssen Zäiten e Wollef konnt sinn. Dat kënnt der originaler Bedeitung scho ganz no. D'Wuert bezeechent prinzipiell just eng Persoun, déi souwuel d'Eegenschafte vun engem Mënsch ewéi déi vun engem Wollef huet. Et schwätzt een hei vun engem Kopulativkompositum, wann ech sollt technesch ginn.

Jo, mee wat huet dat da mam Mënsch ze dinn, well dat Wuert feelt jo?

Net ganz. Dëst steet am éischten Deel vum Wuert Werwollef. Dee kënnt nämlech vum germanesche Wuert wera.

An dat huet e Mann bezeechent?

Jo, mee e spezielle Mann, nämlech deen, deen al a gesond genuch war, fir an de Krich ze goen. Dat Wuert ass zum Beispill och an d'Franséischt geléint ginn, wou et dann zum Wuert guerre fir Krich ginn ass.

Fir d'Horrorfilm-Fans wëll ech hei nach séier soen, datt d'Wuert Lykanthrop, wat een do heiansdo héiert, aus dem ale Griichesche kënnt an e Wollefsmënsch bezeechent: Lykos ass de Wollef an anthropos de Mann. Dëst Wuert bezeechent awer e Mënsch, deen e puer Eegenschafte vun engem Wollef huet.

Ech erkennen do keen Ënnerscheed an der Bedeitung.

Den Ënnerscheed ass minimal, mee en ass awer do, et geet hei ëm d'proportional Verdeelung vun de semanteschen Eeegenschaften, esou eppes ass wichteg fir e Linguist.

Jo, OK. Ech denke lo grad drun, kanns de eis nach séier erklären, wou dat franséischt Wuert loup garou hierkënnt? Huet dat och eng änlech Bedeitung?

Et huet net nëmmen eng änlech Bedeitung, et ass dat selwecht Wuert wéi bei eis, also dee leschten Deel. Et ass aus dem Alfränkeschen an d'Alfranséischt geléint ginn, deemools huet et nach garulf geheescht. A wann een haut da loup garou seet, well een net weess, wou dee garou do hierkënnt, da seet een u sech Wollef-Mann-Wollef, fir och sécherzegoen, datt de Wollef bezeechent gëtt.

Dat ass jo spannend, mee vläicht kanns de eis och nach aner Beispiller ginn?

Majo, gären. Vläicht aus enger anerer Zort dann nach, net nëmme vun eenzele Wierder. Bei de Phraseemer oder idiomateschen Ausdréck gëtt et esou eppes nawell och oft genuch.

A sou?

Majo, du kenns jo vläicht d'Ausdréck ënnert aller Sau an ënnert aller Klarinett?

Jo, déi heesche jo bal dat selwecht.

Genee, mee se hunn näischt mat Schwäin oder Museksinstrumenter ze dinn. A béide Fäll bezeechent et Wierder, déi e gewëssenen an och déiwe Präis uginn. Dës Wierder sinn awer scho länger net méi bekannt. Fir datt dat dann awer besser kléngt, sinn d'Wierder Sau a Klarinett doraus gemaach ginn. A béide Fäll misst een u sech soen, datt se eppes bezeechnen, dat esou bëlleg ass, datt et ënnert all Mindestpräis läit.

O ... spannend, kanns de eis nach sou aner Zorte virstellen?

Och dat maachen ech gären, mee awer dann déi nächste Kéier, wann et nees u mir ass. Da kann ech der eppes iwwer Volleksetymologien a Flouernimm soen.