Radioen

On air

Resonanzen  |  John Williams - Main Title, aus 'Jurassic Park' (Film) - Hollywood Bowl Orchestra, John Mauceri (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschwörungstheorie ronderëm d'Wieder

Reen a Bou

Verschwörungstheorie ronderëm d'Wieder

Verschwörungstheorië ginn et scho laang a se geroden ëmmer méi an de Mainstream. Zemools elo wärend der Corona-Pandemie schénge se an nach méi groussen Zuelen am Ëmlaf ze sinn. Och am Beräich vun der Meteorologie solle Praktiken duerchgeféiert ginn, mat deenen een d'Wieder an d'Mënsche manipuléiere kann.

auto_stories

5 min

Verschwörungstheorië fënnt een de Moment genuch - haaptsächlech an de soziale Medien. Grad elo an Zäite vum Covid-19 géif ee bal mengen, d'Zuele vun den Theorien an hiren Unhänger géife sech heefen.

Déi am Moment beléiftsten Theorie: de Bill Gates géif eis gäre mat Impfunge Mikrochippen implantéieren - oder: de Coronavirus wier geziicht ginn, fir hanner dem Réck vun de Leit 5G- Antennen opzeriichten, déi dofir do wieren, eis all ze schuede resp. eis Gedanken ze kontrolléieren.

Chemtrails als Verschwörung

Och d'Welt vun der Meteorologie gëtt net vu Verschwierungstheorie verschount. Déi mat Ofstand bekanntst a beléiftst ass déi vun de Chemtrails - also Chemikalien, déi geziilt vu Fligeren ausgestouss solle ginn. D'Zil wier et un éischter Plaz, d'Wieder ze manipuléieren.

Et gi vill verschidde Variante vun dëser Theorie, d'Haaptmeenung ass awer dës: d'Chemikalie ginn ausgestouss, fir eng kënschtlech Couche u Wolleken ze generéieren, déi eis d'Sonneliicht huele soll. Eist Klima soll doduerch beaflosst ginn an zousätzlech sollen d'Mënschen um Buedem duerch d'Chemikalie vergëft ginn. Net seele liest een eppes vu Gedankekontroll an aneren interessanten, mee onsënnegen Aussoen.

Existéiere Chemtrails? Als klore Beweis, dass et se gëtt, gëtt dacks behaapt, datt d'Sträifen och um Himmel ze gesi sinn, wa soss keng Wolleken ënnerwee sinn. Verschidde Fligere stoussen der aus, anerer awer net. Wéi kann dat sinn? Ier mir op dës Froen zréckkommen, kucke mir eis un, wat Contrails, also Kondenssträifen iwwerhaapt sinn.

Wou komme Kondenssträifen hir?

Kondenssträife sinn Äiskristaller déi an enger Héicht vun tëscht aacht an 12 Kilometer entstinn, also an der Troposphär - an zwar ëmmer dann, wa waarm a fiicht Ofgase vu Fligeren op äiskal Loft treffen. Ass d'Loft an der Troposphär mat Fiichtegkeet gesiedegt, da ginn déi klengst Ofgaspartikel schonn duer, un deenen de Waasserdamp kondenséiert. Genee wéi d'Wolleke bestinn déi siichtbar wäiss Sträifen aus klenge Waasserdrëpsercher an Äiskristaller.

Zeréck bei d'Argumenter, dass Kondenssträifen och dann ze gesi sinn, wa soss keng aner Wolleken iwwer den Himmel zéien an och, datt verschidde Fligere Kondenssträifen zéien an anerer net.

Wat den éischte Punkt betrëfft ass fir d'Entstehung vu Kondenssträifen net grad dat genee selwecht Mooss u Loftfiichtegkeet néideg wéi fir d'Entstehung vun normalen, natierleche Wolleken op där selwechter Héicht. Déi bekannt Cirruswolleken entsti beispillsweis bei enger Iwwersiedegung vu ronn 40 Prozent, d'Kondenssträife scho bei 20 Prozent. Sou kann et also mol virkommen, datt trotz soss klorem Himmel een awer Sträifen um Himmel gesäit.

Atmosphäresch Bedingungen

Den zweete Punkt ass deen, dass d'Fligeren net ëmmer op där selwechter Héicht fléien. D'atmosphäresch Bedingunge sinn op den ënnerschiddlechsten Héichten dacks ganz anerer. Zitt e Fliger Kondenssträifen hanner sech, mee een aneren, deen am selwechte Bléckfeld ënnerwee ass net, dann doduerch, well se op ënnerschiddlechen Héichten ënnerwee sinn. Op dësen ënnerschiddlechen Héichte kann d'Loftfiichtegkeet ganz staark variéieren, wat eben entscheet, ob sech Sträife forméieren oder net.

Dacks gesäit een um Himmel och Kreesen oder geometresch Formen, déi fir d'Vertrieder vun der Chemtrail-Theorie e weidere Beweis fir d'Existenz vun de chemesche Sträife sinn. Dacks zéie Fligere Kreesser, well se wärend dem Ufléie vun engem Fluchhafen net ëmmer direkt lande kënnen. Se wäichen aus a fléien e puer Kéieren. Och an anere Beräicher wéi z.B der Arméi kënne sou Kreesen entstoen, wann Übungsflich gemaach ginn.

Dat wat vun hei ënnen aus wéi geometresch Formen ausgesäit, gesäit do uewen a Wierklechkeet awer ganz anescht aus. Fir de Mënsch hei ënne gesäit et sou aus, wéi wann des Sträifen op der exakt selwechter Héicht wieren, wéi wann iergendeen genee dës Form hätt wéilten an den Himmel zeechnen. Ass ee méi wäit uewen an der Atmosphär ënnerwee mierkt een awer, datt des Sträifen dacks op ganz ënnerschiddlechen Héichten ze fanne sinn. Et hänkt also ëmmer fest mat den am Viraus geplangte Fluchrouten zesumme, wéi eng Muster sech am Endeffekt scheinbar um Himmel erginn.

Den Afloss vu Loftfiichtegkeet a Wand

Firwat gi Kondenssträifen heiansdo abrupt ënnerbrach? E Fliger leet grouss Strecken zréck. Op dëser Streck sinn déi atmosphäresch Bedingungen net ëmmer déi selwecht. Fir d'Kondenssträife muss d'Loft fiicht genuch sinn. Do, wou d'Sträifen ënnerbrach ginn, feelt et also u Loftfiichtegkeet.

Och op kuerzen Distanzen ass dat méiglech, mee do spillt de Wand eng Roll. Well de Wand do uewen oft mat gréissere Vitessen ënnerwee ass, kënnt et zu Schwankunge vum Waasserdampgehalt an der Ëmgéigend vum Fliger selwer. Sou kann et also sinn, datt vun hei ënnen aus keng duerchgezunne Sträif ze gesinn ass, mee méi eng gestréchelt. De Wand kann also fir grouss klengräimeg Differenze suergen.

Géif een all Behaaptung zu de Chemtrails an dëser Emissioun behandelen, da misst een dëst Thema a vill weider Episoden ënnerdeelen. Ganz ofgesi vun de Chemtrail-Theorien hunn d'Kondenssträifen, wéi mir se grad kennegeléiert hunn, tatsächlech en Afloss op de Klimawandel. Ob chemesch oder net, et si vum Mënsch generéiert Wolleken. Ass den Héichtewand méi staark ënnerwee, da kënne sech d'Sträifen an d'Breet zéien.

D'Resultat: eng dënn Wollekecouche. Wärend et an der Verschwierungstheorie heescht et wier, fir geziilt de Leit d'Sonn ewechzehuelen, handelt et sech a Wierklechkeet em e natierleche Prozess - deen awer op vum Mënsch generéierte Wolleke baséiert. Dës dënn Wollekecouche bewierkt op Dauer, dass d'Wäermtstralung, déi vun der Äerd ausgeet, net méi sou gutt raus an de Weltall zeréckreflektéiert gëtt (Stéchwuert "Zäreneffekt").

Net nëmme vun der Äerd ausgoend huet et en Effekt, mee och vun der anerer Säit. Sonnestrale ginn duerch d'Wolleken zréck an de Weltall reflektéiert, wat eng liicht Ofkillung als Konsequenz huet. De Wëssenschaftler no ass de Prozess, deen d'Äerd méi waarm mécht, vill méi markant wéi deen, datt d'Sonnestralen dru gehënnert ginn, op d'Äerd ze kommen. Et huet also, wann et een Effekt huet, deen, datt et méi waarm op der Äerd gëtt. Dofir suergen awer net nëmmen d'Fligere, mee d'Emissioune vun all Méiglechem.