Radioen

On air

Simon Says  |  Loredana - Jetzt Rufst Du An

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verrot vun der Regierung u Fräiwëllegekompanie a seng Folgen

Zäithistoriker

Verrot vun der Regierung u Fräiwëllegekompanie a seng Folgen

De 4. Dezember 1940 gouf déi lëtzebuergesch Fräiwëllegekompanie integral op Weimar an eng "Polizeiumschulung" geschéckt. Zwee Drëttel vun dëse Männer sinn duerno op verschidden Eenheeten an Däitschland verdeelt ginn, an et huet fir si eng jorelaang Krichsodyssee ugefaangen. De Verrot vun der Regierung un der Fräiwëllegekompanie a seng Folgen, ass d'Theema vum Michel R. Pauly, dee säi Geschichtsstudium mat enger Masterthees iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie wärend dem Zweete Weltkrich ofgeschloss huet an zanter 2020 als Doktorand fir den C2DH un der Universitéit Lëtzebuerg schafft.

auto_stories

7 min

"Schafft mat en; Schafft ge'nt se; Macht we' der wöllt - t'Regierung gêt elo fort." [1]

Mat dësen zynesche Wierder soll sech laut dem Militärdokter vun der Fräiwëllegekompanie, Dr. Paul Felten, de Justizminister, Victor Bodson, vun den Offizéier vun den zwou Kompanien, der Fräiwëllegekompanie an der Gendaarmekompanie, vun der Force Armée an de fréie Moiesstonne vum 10. Mee 1940 verabschit hunn, iert hien zesumme mat den anere Regierungsmemberen am Kasärenhaff um Helleggeeschtplateau an hir Déngschtween geklommen an hir Flucht a Frankräich ugetratt hunn. Mee wat war geschitt?

Grenzschutz zanter 1939 organiséiert

Am Fall vun engem däitschen Amarsch a Lëtzebuerg hat d'Lëtzebuerger Regierung schonn am Virfeld beschloss, d'Land ze verloossen. Fir awer net erëm wéi 1914 beim leschten däitschen Amarsch iwwerrascht ze ginn, gouf zanter dem 25. August 1939 de sougenannte "Grenzschutz" laanscht déi däitsch a franséisch Grenzen organiséiert, dee vu 535 Mann (271 Zollbeamten, 142 Gendaarmen an 122 Zaldote vun der Fräiwëllegekompanie) gewährleescht gouf. Am Eeschtfall sollt de Grenzschutz d'Landesautoritéiten an der Haaptstad iwwer een däitschen Amarsch informéieren an d'Spären op de Grenzen zoumaachen, fir sou genuch Zäit ze schënnen, datt d'Regierung d'Land verloosse kéint, iert déi däitsch Ugräifer d'Stad erreecht hätten, wat dann och sou an den éischte Stonne vum 10. Mee 1940 geschitt ass.

Iert d'Regierungsmemberen awer d'Groussherzogtum a Richtung Frankräich verlooss hunn, hu se sech mat hiren Déngschtween an d'Helleggeeschtkasäre beginn, fir mam Offizéieschkorps vun der Force Armée iwwer weider Befeeler fir d'Fräiwëllegekompanie an d'Gendaarmekompanie ze beroden. Dobäi gouf den Offizéier d'Iddi ënnerbreet, dat zwee Pelotone vun allkéiers 35 Mann ënner der Leedung vun allkéiers engem Leitnant mat Camionen op Iechternach respektiv op Gréiwemaacher sollte bruecht ginn, fir do den afalenden däitschen Truppe mat Waffegewalt entgéint ze trieden.

D'Offizéier ware schockéiert iwwer dëse culottéierte Virschlag, eng Handvoll Männer ouni iergendeng Gefechtsausbildung géint sou eng Iwwermuecht an de sécheren Dout ze schécken. D'Treffen tëschent der Regierung an den Offizéier endegt am Sträit, firwat d'Regierung d'Offizéier dunn ouni iergendeng Uweisung am Reen stoe gelooss huet.

Änlech wéi den Dr. Felten erënnert sech de Leitnant vun der Fräiwëllegekompanie, de Will Albrecht, deen an de 1950er Jore Chef vun der Lëtzebuerger Arméi, der direkter Nofollgerin vun der Fräiwëllegekompanie, sollt ginn, méi spéit un den Ofgang vun de Regierungsmemberen aus de Kasäre folgendermoossen:

"[E]ch heiere nach vei de minister Bodson mam majouer Speller geschwaat huet, ech heiere nach vei de majouer fréét: "Vèlech uerderen hanerloost der ons? Vaat sole mer maachen?" An t èntvert voor: "Sheist op t Praisen! Miir fueren elo fort!" De majouer vollt nach èpes froen, t autosdiir as oover zougeklapt, an t véén sin oofgefuer. De majouer soot duerop: "Miir sin e neitraalt laant, en uerder zum sheisse gin ech net." [2]

De Verrot war domat perfekt.

Fräiwëllegekompanie gëtt an Umschulung geschéckt

De 4. Dezember 1940 gouf d'Fräiwëllegekompanie integral (iwwer 450 Mann) op Weimar an eng Polizeiumschulung geschéckt, vun deenen zwee Drëttel bis den 10. Juni 1941 op verschidde bewaffent Eenheeten an Däitschland verdeelt goufen. Sou huet eng jorelaang Krichsodyssee fir déi allermeescht Membere vun der Fräiwëllegekompanie ugefaangen, wärend där d'Verhale vun dëse Männer vun Déngschtverweigerung aus antinationalsozialistescher Iwwerzeegung, gefollegt vu KZ-Strofen, déi fir Verschiddener am Dout geendegt hunn, bis zu deene 14 eemolege Fräiwëllegekompaniezaldoten, déi als Membere vum berüchtegte Reserve-Polizei-Bataillon 101, sech wëlleg an direkt um Holocaust bedeelegt hunn, goung. All Facette vum Spektrum vum handfeste Widderstand bis zur wëlleger Kollaboratioun waren domat vertrueden.

Als e Schlag an d'Gesiicht hunn dowéinst déi Fräiwëllegekompanieveteranen, déi 1945 aus jorelaanger KZ-Haft nom Krich heem koumen, den Ëmstand empfonnt, dat genau déi Regierung, déi si viru fënnef Joer am Stéch gelooss hat, lo nees probéiert, sech nees un d'Spëtzt vum Land ze setzen. D'Lëtzebuerger Bevëlkerung war awer no iwwer véier Joer däitscher Besatzung zudéifst gespléckt: Resistenzler a Kollaborateure stounge sech onversönlech géigeniwwer.

De Versuch vun der Virkrichsregierung sech direkt no der Befreiung rëm un d'Muecht ze drängen, gouf dowéinst haart vun der sech neigeformter gréisster politescher Oppositioun am Land, der Unio'n, dem Zesummeschloss vun de verschiddene Lëtzebuerger Resistenzgruppen aus der Besatzungszäit, kontestéiert, déi elo un d'Groussherzogin appelléiert huet, datt si eng nei Regierung bilde sollt, well ee kee Vertraue méi an d'"hommes de Londres" - Pierre Dupong, Joseph Bech, Victor Bodson a Pierre Krier - hätt.

Matleefertum als Widderstand legitiméiert

D'Regierung hirersäits wollt sech dëser Oppositioun entleedegen a se mundtot maachen, a fir d'Vollek aus Muechterhalungsgrënn nees ze eenen, huet d'Regierung d'Verhale vu bal alle Lëtzebuerger wärend dem Krich als ee gëeente Widderstand géint déi däitsch Besatzungsmuecht verkläert. Domat huet d'Regierung de Matleefer- an den Duckmäusertum als Widderstand legitiméiert an en op eng Stuf mat dem eigentleche Widderstand gesat.

Dat huet dozou gefouert, dat nom Krich och déi Veterane vun der schonn am Juni 1944 vun der Exilregierung opgeléiste Fräiwëllegekompanie an der Gendarmerie, der neier Lëtzebuerger Arméi oder engem anere Staatsdéngscht konnte Karriär maachen, déi wärend dem Krich mat den Nationalsozialiste sympathiséiert oder souguer kollaboréiert haten, ouni dat hir Krichsvergaangenheet wärend der Epuratioun seriö hannerfrot gi wier.

D'Fräiwëllegekompanieveteranen, déi wéinst Déngschtverweigerung 1942 fir d'éischt am Innsbrucker Prisong an dunn an d'KZ Dachau bruecht goufen an 1945 no jorelaanger Haft nees zeréck op Lëtzebuerg koumen, wollten a konnte sech net mat der neier Realitéit an hirer Heemecht offannen, a waren och sechs Joerzéngten nom Krichsenn net gutt op déi deemoleg Regierung a Verschiddener vun hiren eemolege Fräiwëllegekompaniekomeroden ze schwätzen, wéi dat aus dem Roger Seimetz sengem Artikel vun 2005 am forum ervirgeet.

Hei zum Ofschloss d'Ausso vun engem Fräiwëllegekompanieveteran, deen den 29. Abrëll 1945 no méi wéi dräi Joer Internéierung am KZ Dachau vun der US-Arméi befreit gouf:

"Unsere Chefs waren während dem Krieg in leitenden Positionen gewesen. In der SS oder nicht, war ja auch egal. Noch heute begegne ich wöchentlich einem Vorkriegskollegen aus der Compagnie des Volontaires, der von 40 bis 45 in der Waffen-SS war und nach dem Krieg einen Befehlsposten in der Gendarmerie innehatte. Ich könnte ihm heute noch ins Gesicht spucken und ihm die Fresse möblieren, will aber wegen so einem Dreckskerl nicht (wieder) ins Gefängnis. - Die hätte man alle nach dem Krieg suspendieren sollen. Sein Gesinnungsvorgesetzter ging jeden Tag in die Kirche. Um Vergebung bitten? Ich bitte, nein. Vor dem Altar saßen die anderen, die "ganz oben am Hebel", und bescheinigten diesem Lumpenkerl, er sei "ein guter Patriot" gewesen. Gut, aber nicht Patriot. Ein "Uschësser" ersten Ranges, Denunziant noch nach dem Krieg, dem ich als Gendarm Schikanen und Scherereien ausgesetzt war. Ja, ich war Gendarm. Ich wollte Geld verdienen und Luxemburg dienen. Nicht diesen Leuten. Aber es gab auch andere. Kollegen aus Dachau oder anderen Lagern. Wir hielten zusammen. Alle, die in Innsbruck den Eid nicht auf Hitler abgelegt hatten, sondern auf die Großherzogin. Sie hat uns nicht verraten, aber die Regierung hat uns im Mai 1940 den Deutschen ans Messer geliefert, um sich selbst frei zu kaufen. Wir wurden bereits in Luxemburg und vor dem 10. Mai verkauft, denn die London-Exilanten hätten die Freiwilligentruppe auflösen müssen, und der Feind hätte uns niemals zwingen können, nach Weimar in die Umschulung zu gehen. Aber dafür hätte die Regierung ihren Mann stehen müssen. Was konnte man von Politikern erwarten, die vor dem Krieg Faschisten den Kommunisten vorzogen?! "Si solle bleiwen, wou se sinn", hätte man denen 1945 ins Gesicht schreien sollen." [3]


[1] ANLux, FD-005-04, XI 10-13. Mai 40: Lokalberichte, Zitat des Vertragsmilitärarztes der FK, Dr. Paul Felten, über die Besprechungen mit der Regierung in den Kasernen am 10. Mai 1940 in den Notizen E.T. Melchers zur Recherche seines Buches, ohne Datum.

[2] ALBRECHT, Will, "T Fraiveléje-Kompani frum 10. Mé 1940", in Freiwëllegekompanie 1940-1945, Bd. 2, (Hrsg.) JACOBY, Louis, TRAUFFLER, René, Imprimerie St.-Paul, Luxemburg, 1986, S. 47.

[3] A.T. in SEIMETZ, Roger, "Vergessen, verraten und missverstanden. Zeugenaussagen und Innenansichten aus der Gefühlswelt der KZ-Heimkehrer.", in forum, Nr. 251, November 2005, S. 45.