Radioen

On air

Notturno  |  Idris Muhammad - Could Heaven Ever Be Like This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verantwortung a Fräiheet

Prisma

Verantwortung a Fräiheet

Fräi sinn, dat wëllt jo am Reegelfall all Mënsch. Besonnesch an enger individualistescher Gesellschaft wéi eiser schéngt Fräiheet eent vun de wichtegste Gidder ze sinn, dat ee besëtze kann. Mee Fräiheet implizéiert Verantwortung, an net all Mënsch ka verantwortlech handelen. Den Thomas Koenig huet sech Gedanke gemaach iwwer Leit, déi méi eng komplizéiert Bezéiung zu hirer Verantwortung hunn.

auto_stories

7 min

Iwwer d'Chrëschtdeeg hat ech e bësse méi Zäit fir ze liesen an hu mir e puer Bicher iwwer Psychopaten ugedoen. Amplaz Texter iwwer Moral oder Ethik ze liese wier et vläicht emol interessant, méi erauszefannen iwwer Leit, bei deene Moral an Empathie net funktionéieren. Leit, wou een argumentéiere kéint, datt si net ganz verantwortungsfäeg sinn.

An d'Fro stellt sech dann do ëmmer erëm, wéi ee mat esou Leit ëmgoe soll. Eis Gesellschaft baut jo um Prinzip op, datt den Eenzele Rechter huet, well hien och verantwortlech handele kann a seng Flichten erfëllt. Mee wat ass, wann dat net de Fall ass?

Fräie Wëllen oder Trieber?

Bei Kanner oder geeschteg Behënnerte stelle mer eis d'Fro jo normalerweis net: Mir ginn dovun aus, datt hinnen d'Méiglechkeet feelt, Verantwortung z'iwwerhuelen, an dofir kréie si dann einfach bestëmmte Rechter net.

Mee wéi ass et bei Psychopaten? Oder bei Triebtäter? Ech weess nach, deemools, wéi déi ganz Geschicht mam Marc Dutroux opgeflu war, do si mir an der Schoul dann och gefrot ginn, wat ee mat esou Leit maache sollt. Ech weess zwar net méi genee, wat meng Klassekolleege geäntwert hunn, ech weess awer nach, wat ech gesot hunn, an ech weess och, wat meng Schüler mir äntweren, wann ech hinnen haut esou Froen zu änleche Fäll stellen.

An d'Äntwerte ginn dacks - ganz dacks - de Mënscherechter net gerecht. Ech krut esouguer eng Kéier gesot, datt ee Vergewalteger misst zeréck vergewaltegen. Wann ee Mënsch zum Beispill fënnef Leit vergewaltegt hätt, da misst een hie véiermol vergewaltegen, da wéisst den Täter, wat en dovun hätt, an et wier ee jo nach ëmmer manner schlëmm an doduerch wär d'Bestrofung moralesch begrënnt.

Datt déi proposéiert Bestrofung illegal oder géint d'Mënscherechter wier, war relativ egal. Dat ass och vläicht de Grond, firwat ee Riichter an net 15-Järeger an d'Geriichter setzt.

De Fait ass awer, datt iergendwann, elo am Fall Dutroux, d'Informatioun opkoum, datt hien als Kand och mësshandelt gouf. Dat géif da seng Doten erklären, an et misst ee sech froen, ob hien dann elo an d'Psychiatrie gehéiert an net an de Prisong.

The victim age

Wa mer elo mol déi konkret Fäll op der Säit loossen, fir net vun Eekel, Schock oder Roserei beaflosst ze ginn, an d'Fro mol am Abstrakte betruechten, da fält dat, wat hei um Spill steet, besser op.

D'Fro ass jo, ob ech eng Persoun, déi eppes Konkretes gemaach huet, well si et angeblech net anescht konnt, fir déi Dot verantwortlech maache kann. Also, nach eng Kéier: Eng Persoun X mécht eppes, wat verbueden ass, an dat, ouni datt si dobäi vu bausse gezwonge gouf, mee si mécht dat, well si selwer net fäeg war, hir Dot ze verhënneren.

D'Äntwert op déi Fro hänkt warscheinlech vun der Perspektiv of, aus där ee se kuckt. Gäre si jo ëmmer déi aner Schold, a wann een dann eppes mécht, wat een net hätt solle maachen, da kann een op eemol näischt dofir.

An haut liewe mer jo an engem Zäitalter, wou vill Leit sech gär als Opfer duerstellen. Et ass eng Taktik, déi extrem effikass ass, well een da seng eege Verantwortung op anerer kann ofginn. Sief dat, ob elo Presidente behaapten, d'Opfer vun enger Hexejuegd duerch déi sougenannte Lügenpresse ze sinn, oder Leit, déi behaapten, et dierft een näischt méi soen, well ee soss direkt als Rassist oder als Nazi ofgestempelt gëtt, oder wat weess ech. Ech mengen, Dir verstitt, wat ech mengen ... a wann net, dann ass dat net meng Schold, datt ech mech schlecht erkläre géif, mee warscheinlech Är, well Dir net konzentréiert genuch liest.

Wann ech en Opfer sinn, da muss deen Aneren eppes änneren, an ech brauch näischt ze maachen. Mee op der anerer Säit, wann een Anere mir eppes virwerft, da sinn ech awer erëm d'Opfer, well deen Anere jo e Béisen ass, an esou weider, an esou fort.

Philosophesch gesi mierkt een, datt et am Endeffekt relativ schwéier ass, oder carrement onméiglech, ze bestëmmen, wie fir wat responsabel ass. Wann en Triebtäter seng Trieber net kontrolléiert kritt, ass hien dann en Täter, oder d'Opfer vu sengen Trieber?

Wann ee Chauffeur am Soff mam Auto e puer Foussgänger iwwerrennt, da kéint ee jo och behaapten, datt hien net verantwortlech dofir gemaach ka ginn, well schliisslech war hie jo besoff. Et kéint een him jo virwerfen, sech voll lafen ze loossen, mee vun engem bestëmmte Promille-Peegel u wier seng Responsabilitéit dann awer och net méi existent.

An d'Beispiller aus dem Alldag feelen net: Wann ech ee gepecht kréien, well ech falsch geparkt hunn, oder geblëtzt gouf, dann ass de Staat ze vill repressiv, an et ass alles iwwerdriwwe streng. A wisou ginn ech geblëtzt, an net déi aner? Oder wann ech eng Prüfung zeréckkréien, déi net esou gutt ausgefall ass, wéi ech dat wollt, dann ass jo de Proff Schold, well hien ze streng ass, oder d'Fach ze schwéier, oder ze langweileg, oder wat och ëmmer.

Verantwortung oder Schold?

Mee wéi ass et da mam besoffene Chauffer? Kann een dem Foussgänger, deen iwwerrannt gouf, d'Schold ginn, um falsche Moment um Trottoir gewiescht ze sinn? Et gëtt bestëmmt Leit, déi géifen et esouguer nach fäerdeg bréngen, esou ze argumentéieren. Et ass jo och méi einfach wéi ze akzeptéieren, datt een e Feeler gemaach huet.

Esou en Argument ass jo schockéierend a gëtt gär als schlechte Wëllen ugesinn. Hei geet et dann net onbedéngt just ëm Verantwortung oder kausal Zesummenhäng, mee och ëm Schold. Dat heescht, do wiere mer dann éischter an enger reliéiser Kategorie. Wann ee Schold un eppes ass, dann huet ee jo e Fleck op der Séil, dann ass ee manner gutt, da riskéiert een, aus der Grupp ausgeschloss ze ginn.

An wann ëmmer een anere Schold ass, dann ass et jo kloer, datt ee selwer net Schold ka sinn. Wann de Post an de soziale Medien als rassistesch opgeholl gëtt, dann ass ee falsch verstane ginn. Wann d'Prüfung schlecht ausgefall ass, da war se ze schwéier. Wann ee geblëtzt gouf, da war d'Gesetz ze streng. Egal wat ee mécht, et ass een net Schold dorun.

An esou weider, an esou fort.

Mee zeréck zu de Psychopaten. Oder den Triebtäter. Déi kann ee jo net fräi ronderëm lafe loossen. Déi ginn dann ewech gespaart, schonn eleng fir d'Gesellschaft ze schützen.

Fräiheet oder Determinismus?

De Problem ass awer deen, datt et eben net ganz kloer ass, ob de Mënsch elo iwwerhaapt fräi ass oder net. Wie seet mir nämlech, datt ech méi verantwortungsfäeg si wéi soss iergend een? Oder datt Dir Iech am Grëff hutt? Wou genee ass dee Punkt, vun deem un een e Mënsch als zourechnungsfäeg qualifizéiert, oder wou een an d'Kategorie "Komm, mir spären dee mol léiwer ewech, dat ass besser fir jiddwereen" fält? Vläicht si mer all onfräi, just datt deenen engen hir Trieber si net dozou drängen, Saachen ze maachen, déi vum Gros vun der Gesellschaft als schlëmm ugesi ginn.

Ech ginn awer emol dovun aus, datt déi meescht iwwerzeegt sinn, iergendwou e Minimum vu Kontroll iwwer sech selwer ze hunn. Da stellt sech de Problem awer ëmgedréit, wann dat nämlech esou ass, da musse mer eis jo awer och d'Fro stellen, firwat et haut esou sexy ass, sech als Opfer duerzestellen. Wann ech nämlech een anere fir meng Problemer oder Schwieregkeete verantwortlech maachen, dann ass et jo méi einfach fir mech, mech wuelzefillen. Mee ech delegéieren awer domat och en Deel vu menger Fräiheet ewech. A wie seng Fräiheet ofgëtt, huet jo manner Verantwortung ze droen, also och manner Rechter. Also entmëndegt een, deen ëmmer Aneren d'Schold gëtt, sech jo quasi vum selwen.

Also, wéi maache mer et? Si mer alleguerten onfräi Opfer, dat heescht, am Endeffekt net besser wéi e Psychopat, mee just manner geféierlech? Oder ass dat just eng gutt Excuse, fir datt mer eis net weider hannerfroe mussen?