Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ United we stand?

Prisma

United we stand?

Datt déi Franséisch Revolutioun mam Stuerm op d'Bastille ugefaangen huet, ass deene meeschten e Begrëff. Mee et gëtt fundamental Ënnerscheeder zum Stuerm op de Capitol-Building zu Washington. De Capitol ass kee Prisong, et handelt sech och net wierklech ëm eng Revolutioun, an dem Impuls koum net vun ënnen, mee éischter vu ganz uewen. Den engleschen Philosoph Thomas Hobbes huet a sengem Wierk "Leviathan" d'Basis vun eiser moderner Opfaassung vum Staat geduecht. Den Thomas Koenig huet sech gefrot, wat den Hobbes wuel zum Trump sengem Verhalen vu virun zwou Woche géif soen.

auto_stories

8 min

Sturm und Zwang

Datt e President e Mob ophetzt, ass jo scho mol virkomm. Datt Regierungsgebaier gestiermt ginn, gouf et och schonn emol.

Mee datt e President e Mob ophetzt, an datt d'Resultat dovun d'Erstierme vun engem Regierungsgebai ass, wou seng eege Regierung drasetzt, an datt dee Präsident sech domat selwer fuerchtbar bloussstellt, dat ass scho méi rar.

Mee dat wat interessant ass, ass datt den Trump dat grad dee Moment gemaach huet, wou mer zu Lëtzebuerg op der Première classique am Philosprogramm bei den Texter vum Thomas Hobbes ukomm sinn.

Den Thomas Hobbes

Den Hobbes gëtt nämlech gären als een vun den éischte moderne politeschen Denker duergestallt.

Hien ass modern an deem Sënn, datt d'Muecht vum Staat bei him vum Vollek ausgeet an net vu Gott oder soss engem méi oder manner abstrakte Prinzip. An en aneren Aspekt ass och, datt de Staat eng ganz prezis Missioun huet, nämlech fir Fridden a Sécherheet suergen.

Wa mer an enger Gesellschaft oder an engem Staat liewen, da si mer jo net total fräi. Mir mussen eis u Gesetzer halen. An et ka passéieren, datt déi Gesetzer eis dann och emol zwéngen, Saachen ze maachen, déi mer net wëllen, oder ëmgedréit, Saachen net ze maachen, déi mer awer maache wéilten.

D'Alternativ, e Liewen ouni Staat also, schéngt vill méi Fräiheet ze verspriechen. Do kënne mer maachen, wat mer wëllen, wéini mer wëllen, an esou weider. De Problem ass, dat däerf jiddwereen. Dat heescht, jiddwereen däerf sech och u mir vergräifen. Ech ka kengem méi trauen. Dat heescht, wa meng Fräiheet net duerch de Staat ageschränkt gëtt, dann hunn ech am Fong quasi guer keng Fräiheet. An der Theorie sinn ech total fräi ... an an der Praxis sinn ech vogelfrei, d. h. absolut net geschützt. E Liewen ausserhalb vun der Gesellschaft wär e Liewen an engem Krichszoustand. An esou e Liewen wier, an de Wierder vum Thomas Hobbes, "nasty, brutish and short".

A genee dofir géifen d'Mënschen dann op hir natierlech Fräiheet verzichten a sech dem Staat ënnerwerfen. Well de Staat ass fäeg, d'Leit bei der Staang ze halen. De Staat huet genuch Muecht an Autoritéit fir de Leit Angscht ze maachen. Wann ech mech net behuelen, huet dat Konsequenzen. Dat heescht, de Staat muss mech preventiv duerch Angscht viru Bestrofung bei der Staang halen. Wann dat net klappt, tja, da gëtt et eng op den Deckel. An zwar esou laang oder esou haart, bis de Problem gereegelt ass.

An deen, deen dofir zoustänneg ass, datt alles esou leeft, ass de Souverän. Seng Missioun ass et, fir Fridden a fir Sécherheet ze suergen.

Putsch

Elo ass et awer esou, datt an der Geschicht vun der Mënschheet dacks Situatiounen opkomm sinn, wou eng Grupp mat der Gesamtsituatioun net zefridde war a probéiert huet, sech duerchzesetzen.

1981 gouf et esou e Putschversuch a Spuenien, wou Deeler vun der Arméi an der Police probéiert hunn, d'Muecht ze iwwerhuelen. De Kinnek Juan Carlos huet sech deemools deem awer an de Wee gestallt, an den demokratesche Prozess a Spuenien ass net kollabéiert.

1991 gouf et an der Sowjetunioun och e Putsch-Versuch géint de Gorbatchev. D'Biller vun den Zivilisten oder vum Boris Yeltsin, déi sech virun oder op d'Panzere vun de Putschiste gestallt hunn, sinn Iech jo nach vläicht bekannt.

D'Gemeinsamkeet tëschent deenen zwee Putschen do ass, datt et sech ëm eng Attack op d'Regierung handelt. Et wollt een e Wiessel un der Spëtzt provozéieren.

Dat, wat beim Trump passéiert ass, ass schonn e bëssen méi speziell. Hei huet d'Aktioun sech net géint d'Spëtzt vum Staat geriicht, si ass éischter vun hir ausgaangen, oder op d'mannst zu engem gudden Deel ass se doduerch ugestachelt ginn.

Trump

Ech si mer och net sécher, op den Trump wierklech e Putsch starte wollt. Ech mengen éischter, datt hien senger Ligne trei wollt bleiwen, bis zum Schluss Werbung fir d'Mark Trump ze maachen. Hien huet jo schonn zanter Joren duerch Ligen ëmmer erëm de Leit virgegaukelt, hie géif eppes fir si maachen. Esou ass et jo och mat den Presidentialwale vum November, wou den Trump net midd schéngt ze ginn, de Leit ze zielen, datt hien d'Wal gewonnen huet. Leider huet hie keng Beweiser dofir, datt et esou wier. Mee wat interesséiert ee scho Beweiser? Firwat soll ee sech mat Fakten ofginn, wann ee sech amplaz kann an deem waarme Gefill wenzelen, datt een am Recht ass?

Mee soit, ech gesinn net an dem Trump säi Kapp eran, ech weess net, wat hie maachen wollt. Et ass och egal, dat wat hei zielt, ass d'Resultat. An zwar ass e Regierungsgebai gestiermt ginn. Wat de Mob domat bezwecken wollt, ass e bësse schleierhaft. Ech mengen, ville Leit ass et warscheinlech just dorëms gaangen, eppes ze maachen, wat hinnen als richteg virkomm ass. Egal, ob et dann elo zu eppes geféiert huet oder net.

Anescht kann ee sech déi Konzeptlosegkeet schwéier erklären. Dofir ginn ech och dovun aus, datt den Trump dat do ënner där Form net geplangt hat. Dat Ganzt glänzt, trotz aller Tragik, einfach nëmme vun Dommheet an Inkompetenz.

An d'Konsequenze fir den Trump sinn och net positiv. Säin Image ass elo esou geschiedegt, datt et mëttlerweil méi profitabel schéngt ze sinn, sech vun him ze distanzéieren. E Gléck, datt dat do e puer Deeg virum Schluss vu sengem Mandat passéiert ass. Stellt Iech emol vir, dat do wär virun zwee Joer passéiert. Den Diskurs vu esou munchem Politiker wier vläicht e bëssen anescht ausgefall.

Mee soit, zeréck zum Hobbes. Mir hunn also hei eng Situatioun, wou de Souverän dofir verantwortlech gemaach ka ginn, datt den Ordre public gestéiert gouf a Leit hiert Liewen dobäi verluer hunn.

De Souverän beim Hobbes huet als Haaptmissioun, fir Fridden a fir Sécherheet ze suergen. An dësem konkreten Fall huet den Souverän genee do versot.

Sécher, d'Argument wäert sinn, et hätt ee jo ni eppes an déi Richtung gesot, "ein Schelm, wer Böses denkt", oder, wéi et am Engleschen esou schéin heescht, et gëtt genuch plausible deniability. Dofir, esouguer wann een iwwer dësen Punkt nach streiden kéint, een anere Punkt ass net diskutabel: Nämlech datt den Trump net just an der Preventioun vun der Gewalt versot huet, mee och an der Reaktioun dorop.

De Chef, de Souverän, deen also, dee fir Fridden a Sécherheet suergen soll, huet dem Mob gesot, si sollte friddlech bleiwen, well si hire Feinde géifen an d'Hänn spillen. An hien huet hinne gesot "we love you, you are very special".

Ech si mer net sécher, mee ech hunn iergendwou den Androck, datt dat net déi Wieder sinn, déi een traditionell an esou Situatiounen benotzt. Oder datt een deenen, déi grad gewaltsam de Fridde stéieren, sollt soen, datt ee si gär hätt.

Dat heescht, aus der Perspektiv vum Hobbes gekuckt, huet den Trump, op alle Fall zu engem gewëssen Deel, dofir gesuergt, datt de Fridde gestéiert gouf. An hien huet net wierklech dofir gesuergt, datt de Fridden erëm hiergestallt sollt ginn. Do huet de Souverän also zweemol versot an zwou Kéieren op esou eng fundamental Aart, datt et mengen ech net ze rechtfertege wier.

Inkompetenz eleng, wa se rar wier, kéint ee vläicht nach verzeien. Vläicht huet ee jo falsch gehandelt, well een et net besser wosst. Mee wann ee selwer zum Problem bäidréit, dat ass an den Ae vum Hobbes onverzeilech. Dat ass e Broch vum Vertrag, op deem d'Gesellschaft opgebaut ass.

Fazit

An den nächste Wochen a Méint wäert nach vill iwwer d'Evenement dozéiert ginn. Oder d'Fro wäert gestallt ginn, op dat och hei kéint passéieren. An d'Äntwert do hu mer jo schonn: An Däitschland hunn am August jo scho Leit probéiert, de Reichstag ze stiermen. An déi Leit hate warscheinlech och eng genee esou zweiwelhaft Bezéiung zur Wourecht wéi de Mob zu Washington.

D'Geschicht huet genuch Beispiller fir eis virdrun ze warnen, wat passéiere kann, wann een esou Leit ze vill Muecht an de Grapp gëtt. De 27. Januar ass jo d'Journée de la Memoire. Fir eis ass den Trump vläicht e Clown, an Amerika, dat sinn déi komesch Cousinen op där anerer Säit vum Atlantik, déi sinn e bësse komesch, mee déi si wäit ewech, gell?

Jo, mee nee. Déi Leit gëtt et och hei. An Dank de Soziale Medie fanne si sech an ënnerstëtze sech géigesäiteg. De Problem ass, datt si awer net onbedéngt an där selwechter Realitéit liewe wéi de Gros vun der Gesellschaft. Deen anere Problem ass, datt si liewensgeféierlech kënne sinn.

Ech hu mech scho virun e puer Joer gefrot, wat ee mat Leit mécht, déi vun hei fortgaange sinn, fir a Syrie fir den Islameschen Staat kämpfen ze goen. Et gouf der jo genuch déi gemierkt hunn, datt dat als Karriär-Plang vläicht awer net déi richteg Entscheedung war, an déi zeréck wollte kommen. Wat mécht ee mat esou Leit, déi eng Gesellschaft an hir Wäerter total verwerfen, an déi duerno wëllen zeréckkommen? Kann een déi iwwerhaapt reintegréieren? Déi beschten Äntwert, déi ech krut, ass: "Et kann ee si reintegréieren, och wann et net einfach ass. Et ass just d'Fro, ob si et wëllen".

An am aktuelle Fall stellt d'Fro sech och. Wat mécht ee mat Leit vun hei déi mengen, am Numm vun eiser Gesellschaft géint eis Gesellschaft virgoen ze mussen?

Den Thomas Hobbes schwätzt net vu Staat, mee vun engem "commonwealth". Dat heescht, datt d'Iddi, firwat ee sech un d'Gesetzer hält, déi ass, datt all Mënsch am Endeffekt eppes dovun huet. Mee wat maache mer mat deenen, déi déi Iddi vu "wealth" verstanen hunn, mee Schwieregkeeten hunn, dat Wuert "common" ze verstoen?