Radioen

On air

Notturno  |  Sam Gendel & Marcella Cytrynowicz - CD

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tomm

Flouernimm

Tomm

Vum Al-Griicheschen iwwer dat Laténgescht an déi al franséisch Sprooch - bis zeréck an d'Lëtzebuergesch. Wësst Dir, vu wou de Flouernumm Tomm hierkënnt? De Claude Faber huet sech op Spueresich gemaach.

auto_stories

4 min

A ville Geschichtsbicher, gäre wann et ëm d'Kelten oder d'Réimer geet, gëtt ganz dacks och vun deenen hiren Tumili geschwat. Ënner engem Tumulus ass da gemengerhand e längelzegen, ovalen oder ronnen, a vu Mënschenhand opgeschotten Hiwwel ze verstoen, an deem meeschtens e Verstuerwene begruewe gouf.

Et kënnen awer och just d'Äsche vun engem Verstuerwene sinn, déi an enger Urn oder a Form vu Läichebrand do ënnergeschäert gi sinn. An oder ronderëm esou engem Hiwwel gëtt dann och dacks vill Grafëmgeréits erëmfonnt, dat den Archeologe schliisslech erméiglech, en Zäitraum festzeleeën, an deem esou een Tumulus opgeschott gouf.

Et fënnt ee se iwwerall

Grafhiwwele sinn op alle Kontinenter erëmzefannen, a si bal duerchgängeg vun der Steen- iwwer d'Bronzenzäit, bis an d'Eisenzäit, jo souguer nach bis an d'Mëttelalter era gebaut ginn.

Déi gréissten Tumuli weltwäit, si wuel awer déi vun de fréieren, chinesesche Keeser, mat hire risegen, ënnerierdeschen Annexen. Dorënner och de Mausoleum vum Qin Shihuangdis, mat senge ronn 8000 Terrakotta-Figuren, un deem vun 243 viru Christus un ëmmerhi 36 Joer laang gebaut gouf.

No dësem klengen Ausfluch an d'Zäitgeschicht, komme mer dann elo zu eisem Flouernumm Tomm, deen et, zum Beispill, zu Baastenduerf, Furen, Wäiswampech, Eschweiler, Tënten oder och nach zu Wuermer gëtt. An och eng sëllege Stroossen uechter d'ganzt Land heeschen "Op Tomm" oder "An der Tomm".

Vum Al-Griicheschen iwwer Latäin a franséisch

Etymologesch gesinn, geet d'Wuert Tomm bis op dat Al-Griichescht "túmbos" zeréck, an heescht dann och näischt anescht, wéi eng Knupp oder e klengen Hiwwel. De Wuertstamm "tum-" ka souguer bis an déi Indo-Europäesch Sprooch zeréckverfollegt ginn, a gëtt mat eng Schwellung oder Bëlz gläichgesat, respektiv mam dem Fait, datt do eppes uschwëllt.

Am Laténgeschen huet sech dann d'Wuert "tumulus" kloer fir e Grafhiwwel duerchgesat, ma aus dem Al-Griicheschen eraus, huet sech awer och nach dat Franséischt Wuert "tombe" entwéckelt, also e Graf, a kënnt eisem Begrëff Tomm jo da schonn immens no.

Zu Lëtzebuerg

De Flouernumm Tomm deit also kloer drop hin, datt op esou enger Plaz fréier emol, an och haut nach, esou e Grafhiwwel, en Tumulus steet. Ee vun de bekanntsten hei am Land ass deen zu Buchholz an der Gemeng Fluessweiler, deen, mat groussen Eeche bewuess, iwwer engem Gallo-Réimesche Graf opgeschotzt gouf, an net zulescht och zanter zwee Joer elo op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter steet.

E weideren Tumulus, deen ech hei nach ernimme well, ass deen um Bill, um Fouss vum Helperknapp, aus dem 3. Joerhonnert no Christus a mat engem Duerchmiesser vu 24 Meter. Dee gouf nämlech schonn um Enn vun de 1960er Jore komplett fräigeluecht a rekonstruéiert, an et kann een en sech vu ganz noem och ukucke goen.

Ma et si bis haut Honnerten dëser Tumuli zu Lëtzbuerg entdeckt ginn an hunn eis Archeologen ëmmer nees beschäftegt. De de Jean Engling, 1801 zu Chrëschtnech gebuer, fréiere President vun der "Archeologescher Gesellschaft", déi dann 1868 an d'Section des sciences historiques vum Institut grand-ducal iwwergaangen ass, war ee vun dësem Archeologen, an huet schonn Uganks den 1850er Joer eng vun de Lëschte mat Réimertumuli hei zu Lëtzebuerg publizéiert.

Tomm oder Tonn?

Um Enn dann nach eng kleng Anekdot, wéi soll et anescht sinn, aus dem Nikolaus Gredt sengem Buch "Sagenschatz des Luxemburger Landes", mam Titel "Tempelherren in der Tonn bei Spittelhof", net zulescht, fir och nach ze preziséieren, datt de Flouernumm Tomm hei zu Land och gären emol als Tonn unzetreffen ass, also mat zwee N hanne geschriwwen, wéi zum Beispill zu Miersch, Kielen, Baastenduerf, Réiden, oder och nach zu Uewerwampech.

Déi sougenannten Tonn ass en Tumulus beim Spëttelhaff, ongeféier 700 Meter vu Fluessweiler ewech, en ronnen Hiwwel vu 15 Meter an enger Héicht vu bal siwe Meter. Bei fréieren Ausgruewungen ass een do op den Agank vun enger Hiel gestouss, wou an der Zäit emol Tempelhären dra gewunnt, an déi d'ganz Géigend mat hire raibereschen Eskapaden onsécher gemaach sollen hunn.

A fir datt kee sollt wëssen, ob sie den Tumulus grad verlooss haten, oder schonn nees vun hirem Tour zeréck waren, hunn d'Hären hire Päerd d'Houfeisen de verkéierte Wee opgeschloen. Nodeems d'Band enges Dages verschwonne war, hunn sech ëmmer nees e puer Leit vu Fluessweiler an dës Hiel eragewot. Ma alleguer sinn se schonn no kuerzer Zäit vun Angscht erfëllt nees erausgelaf komm. Wat oder wien dës Leit an der Hiel gesinn hunn, ass bis haut nach net iwwerliwwert.