Radioen

On air

Notturno  |  M. Sage - River Turns Woodley (For Frogman)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Last Dance

Sport Aktuell

The Last Dance

Hie gëllt als ee vun de beschte Basketballer, wann net esouguer Athlete vun der Welt: de Michael Jordan. An der Dokumentatioun-Serie "The Last Dance", enger Kooperatioun vun Netflix an ESPN, gëtt op wichteg Momenter vu senger Karriär a vun de Chicago Bulls zeréckgekuckt. De Pit Walté mat enger Kritik.

auto_stories

3 min

An de 90er Jore waren d'Chicago Bulls den Nec Plus Ultra an der NBA, der amerikanescher Basketball-Liga. D'Team ëm de Michael Jordan huet an dëser Zäit eng ganz Rei Meeschterschafte gewonnen.

1998 sollt et dann awer dat lescht Joer sinn, datt dës Ekipp, an där nieft dem Jordan och bekannten Nimm wéi Scottie Pippen oder Dennis Rodman waren, esou zesumme waren. Déi lescht Chance also zesummen eng Meeschterschaft ze gewannen, de leschten Danz. A genee do ass et, wou d'Doku usetzt.

En Iwwerbléck iwwer aussergewéinlech Spiller

E groussen Deel vum Bildmaterial, dat ee gesäit, kënnt vun engem Kamerateam, dat d'Chicago Bulls an der kompletter Saison 1998 begleet hat, och hanner de Kulissen. Wat engem e flotten Abléck an dës Ekipp gëtt.

An "The Last Dance" gëtt awer net nëmmen dës Saison gewisen, mee et ginn ëmmer nees Zäitspréng, et gesäit een dem Micheal Jordan seng Ufäng an der Highschool, spéider am College an och seng éischt Saisonen an der NBA.

Och wann den Haaptfokus natierlech op dësem Ausnamespiller läit, ginn awer och vill vu senge Co-Ekipieren, wéi eben Scottie Pippen oder Dennis Rodman, oder de Phil Jackson, dee Coach, mat dem d'Chicago Bulls hir Erfolleger gefeiert hunn, virgestallt.

Dat lescht Wuert

An den zéng Episode vun "The Last Dance" gesäit ee vill Biller aus wichtege Matcher an et gëtt engem d'Figur Michael Jordan méi no bruecht. Wat dréift esou e Sportler un, wéi motivéiert e sech virun engem Match? An och d'Ikon Michael Jordan, d'Persoun nieft dem Basketballfeld, d'Mark, gëtt presentéiert.

Theeme wéi dem Michael Jordan seng Virléift fir d'Glécksspill ginn ugeschwat oder seng Weigerung, eng politesch Ausso ze maachen, well, wéi hie selwer sot, och Republikaner Sneakers kafen, an de Michael Jordan huet mat den Turnschong Air-Jordan Millioune verdéngt.

Also et ginn och negativ Punkten am Liewen an an der Karriär vum Michael Jordan ugeschwat, mee, an hei ass de grousse Problem vun "The Last Dance", zu all dësen Theemen, also politeschen Engagement, d'Freed um Glécksspill oder Ëmgang mat Matspiller, kritt de Michael Jordan ëmmer dat lescht Wuert.

Net objektiv

An dat gouf esou mat him festgeluecht, sot de Regisseur vun der Doku Jason Hehir an engem Interview. Dat wier eng Konditioun gewiescht, datt de Michael Jordan iwwerhaapt matmécht an d'Material aus dem Joer 1998 fräigëtt. Donieft hat de Michael Jordan virun der Verëffentlechung d'Méiglechkeet verschidden Episoden ze gesinn an Ännerunge virzeschloen.

Dofir kann een "The Last Dance" net als objektiivt Dokument gesinn. Och wa vill Matspiller a Journaliste befrot goufen, kann ee sech net sécher sinn, datt dat, wat dem Michael Jordan net gepasst huet oder ze negativ gewiescht wier, erausgelooss gouf. Och wann et Episode ginn, an deenen hien net ganz gutt ewech kënnt, kann ee sech net sécher sinn, ob dat elo net e Kompromëss war a vläicht awer nach méi dohannert wier. De Jordan huet ëmmer d'Méiglechkeet ze relativéieren, anerer hunn dat an dëser Dokumentatioun-Serie net.

Wie bereet ass, dat a Kaf ze huelen, an dat beim Kucken ëmmer am Hannerkapp ze halen, fir dee liwwert "The Last Dance" trotzdeem spektakulär Biller, grousse Sport an dat op eng wierklech flott gemaachten Aart a Weis.