Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Souwuel schwaarz wéi och wäiss

Zäithistoriker

Souwuel schwaarz wéi och wäiss

D'Geschicht vum Zweete Weltkrich ass weder schwaarz nach wäiss. Et ass eng Period voller Eenzelfäll a perséinlechen Trajectoiren. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

De Vincent Artuso (Foto: Archiv)

An de leschte Joren hu mir grouss Evolutiounen erlieft an der Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung. Virun allem wat d'Zäitgeschicht ugeet. De Secteur huet sech professionaliséiert, nei Theeme ginn ugeschwat, al Totemer gi gerëselt. Eis Kenntnisser iwwer d'Weltkricher, den Éischte souwuel wéi och deen Zweeten, sinn duerch nei Publikatiounen erweidert ginn.

Heescht dat elo, datt alles tipptopp ass? Piccobello an ok? Datt eis Gesellschaft méi geschichtsbewosst ass? Datt d'Bereetschaft peinlech Momenter ze erwäne méi grouss gi wär? Nee, well eigentlech, an do ass de Paradox, ass et haut esou schwéier wéi scho laang net méi, iwwer Lëtzebuerger Geschicht ze fuerschen.

Op der Uni ass de Sujet keng Prioritéit, spillt eng extrem ënnergeuerdent Roll. Déi puer wichteg Projeten, déi do existéieren, gi meeschtens vum Staat finanzéiert - an influenzéiert. Virun allem awer huet d'rezent Gesetzgebung, an éischter Ligne den RGPD an d'Archivgesetz, den Accès zu de Quellen extrem komplizéiert gemaach.

Perséinlech Trajectoiren an enger Zäit räich un Ereegnesser

Et existéiert erëm eng administrativ Zensur an eisen Archiven. Déi suergt dofir, datt historesch Aarbechten, déi virun zéng Joer konnte gemaach ginn, haut net méi denkbar wieren. Elo brauch een zum Beispill eng speziell Derogatioun fir Dossieren ze consultéieren, déi mindestens eng perséinlech Donnée enthalen. Well awer a bal all Dossier op d'mannst en Numm, e Virnumm, e Gebuertsdatum oder eng Adress ze fannen ass, brauch een eigentlech eng speziell Derogatioun fir bal all Dossier.

An deene Konditiounen ass et quasiment onméiglech eng déifgrënneg Recherche an Archiv-Fonge wéi déi vun den Nokrichs-Epuratiounen ze maachen. An dat ass extrem schued, well déi Quellen eben net déi karikatural Wourecht un d'Liicht bréngen, déi Verschiddener erwaarden oder fäerten. Wat een dra fënnt, ass keng Bestätegung, datt d'Lëtzebuerger all Resistenzler waren. Et ass och net d'Erkenntnis, datt si all, op déi eng oder déi aner Aart a Weis, kollaboréiert hunn.

Wat ee fënnt sinn Eenzelfäll, perséinlech Trajectoiren an enger Zäit räich un Ereegnesser. Zum Deel onklassifizéierbar Geschichten, voller Nuancen a Grozonen. Ech denken un eng, déi ganz besonnesch ass, bal ee Cas d'école. D'Achterban vun Evenementer, duerch déi se eis leet, ass op seng kondenséiert Aart exemplaresch fir déi ganz deemoleg Gesellschaft.

Eng Musterfamill am neie Lëtzebuerg

Den Numm vun der Famill ëm déi et geet, kann ech net nennen. Hautdesdaags ass et onméiglech ginn, den Numm vu Persounen ze zitéieren, iwwer déi een net soe kann, datt si vum éischte bis zum leschten Dag resistéiert hunn. Ech nenne si also einfach Famill X. Den Här X hat e gudde Beamteposten op der ARBED-Schëffleng. Hie war mat der Madamm X bestuet, mat där hien e Jong hat, deen am Ufank vum Krich am Lycée war.

Am Juli 1940, zwee Méint no der däitscher Invasioun, an e puer Woche virun der Ernennung vum Gauleiter Gustav Simon zum Chef vun der däitscher Zivilverwaltung zu Lëtzebuerg, hu Lëtzebuerger, déi fir d'Annexioun vun hirem Land un Nazi-Däitschland waren, d'Volksdeutsche Bewegung gegrënnt. Den Här X ass dëser VdB ganz séier bäigetrueden. Hien huet zu de Grënner vun der Ortsgruppe Esch-Alt gehéiert, wou hien dann eng verantwortungsvoll Positioun hat.

An der éischter Phas vun der Besetzung war de Rescht vun der Famill X och extrem äifereg am däitschfrëndleche Camp engagéiert. D'Madamm X war an der NS-Frauenschaft. Am Laf vum Joer 1941 huet si, zesumme mat hirem Mann, eng Demande agereecht fir an d'Nazi-Partei opgeholl ze ginn. Hire Jong war an der selwechter Period e ganz begeeschterte Member vun der Hitlerjugend. E wéineg spéider huet hie souguer d'Prüfunge gemaach fir Ënneroffizéier an der Luftwaffe ze ginn.

Glawenskris

D'Famill X war also eng Musterfamill an deem neie Lëtzebuerg, dat endlech de Wee "Heim ins Reich" fonnt hat. Bis d'Evenementer vum Oktober 1941 hire Glawen un der neier Uerdnung a Fro gestallt hunn. De Gauleiter hat eng Personenstandaufnahme organiséiert fir ze wëssen, wien zu Lëtzebuerg tatsächlech als Volksdeutscher kéint ugesi ginn. D'Lëtzebuerger goufen ënner anerem no hirer Nationalitéit, hirer Mammesprooch an hirer Rass befrot.

D'Resistenzler hunn hir Landsleit dozou opgeruff den 10. Oktober 1941 op déi dräi Froe mat "dräimol Lëtzebuergesch" ze äntweren. Wat um Schluss sou vill vun hinne gemaach hunn, datt de Gauleiter seng Personenstandaufnahme huet missten ofblosen. Hie war ëffentlech blaméiert ginn. Fir sech ze rächen huet hien déi éischt Razziaen an de Resistenzler-Kreesserbefuel.

Am November an am Dezember goufen 200 Resistenzler verhaft an ouni Prozess an däitsche Prisongen a KZer deportéiert. Ënner hinne war och de Brudder vun der Madamm X, deen an der Resistenz-Organisatioun Lëtzebuerger Fräiheetskämpfer aktiv war. Dat Ereegnes huet d'Famill X erschüttert. Den 22. Dezember 1941 huet den Här X sengem Ortsgruppenleiter geschriwwe fir him ze mellen, datt hien an d'Zukunft manner Zäit fir Politik hätt. Sechs Méint méi spéit gouf säi Schwoer an engem däitsche Prisong gekäppt.

De Broch mam Naziregime

Iergendwann wärend den éischte Méint vum Joer 1942 kruten d'Madamm an den Här X och gemellt, datt hir Kandidatur fir an d'Nazi-Partei akzeptéiert gi war. D'Parteigenossen X konnten hir Memberskaarten zu jidder Zäit siche kommen. Schlussendlech hu si dat ni gemaach. Si hate sech vum Naziregimm distanzéiert. Den offene Broch koum, wéi bei ganz vill Lëtzebuerger, wéi de Gauleiter Simon d'Aféierung vun der Wehrpflicht ugekënnegt huet. Wéi vill anerer huet den Här X, aus Protest, seng Memberskaart vun der VdB zeréckgeschéckt.

Dee jonken X huet, sengersäits, um Escher Schülerstreik deelgeholl. A wéi hien, e puer Méint dono, säi Stellungsbefehl krut, ass hie léiwer Richtung Frankräich fortgelaf. An der Bourgogne huet hie sech dem Maquis ugeschloss. An esou huet den Hitlerjunge X, deen am Ufank vum Krich dovunner gedreemt hat Offizéier vun der Luftwaffe ze ginn, de Schluss vum Krich an de Reie vun de Forces françaises de l'intérieur erlieft.

Wéi hire Jong fort war, hunn den Här an d'Madamm X vun Ufank 1944 bis zum Enn vum Krich, e Refractaire, bei sech doheem verstoppt. Den Här X huet och spéider behaapt, datt hien der Resistenz Informatioune ginn hat iwwer d'ARBEB-Schëffleng, datt hien esouguer d'Produktioun sabotéiert hätt, andeems hie wichteg Rostoffer verstoppt hat.

Wann de Wand sech dréit

Wat kann ee mat esou enger Geschicht ufänken? Si passt ganz offensichtlech net an déi schematesch Opdeelung tëschent Patrioten a Gielemännercher. D'Xe ware souwuel Resistenzler wéi och Kollaborateuren. Oder weder nach, wann een dat éischter esou wëllt gesinn. Si passen och net an déi vag an intellektuell faul Kategorie vun den Attentisten, déi sech roueg gehalen hätten, passiv bliwwe wieren, fir nëmme net opzefalen.

Esou eppes gouf et eigentlech net. Am Krichskontext an am Kader vum totalitäre Staat war et onméiglech passiv ze bleiwen. Jiddwereen huet sech misste positionéiere fir eng Iwwerliewenschance ze hunn. Wann d'Famill X eppes illustréiert, dann ass et déi Tatsaach. Wat si och weist, ass d'Noutwendegkeet d'Besatzungszäit a Perioden anzedeelen. Déi Zäit war ebe kee Block, se war extrem dynamesch, gekennzeechent vun dramatesche Wendungen.

An deem Sënn kann een der Famill X, wéi och allgemeng de meeschte Leit am besaten Europa, dëst onzäitgeméiss an universell Formel vum franséische Politiker Edgar Faure applizéieren: "Ce n'est pas la girouette qui tourne, c'est le vent."