Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elliott Smith - Waltz #2 (Xo)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Simone Beck: Autokratesch Mesuren huelen zou, ouni datt mir d'Stëmm erhiewen

Sot emol

Simone Beck: Autokratesch Mesuren huelen zou, ouni datt mir d'Stëmm erhiewen

Als Historikerin hunn Theeme wéi d'Refugié-Krisen, Populismus, Terrorismus, d'Klimaerwiermung an dat allegemengt Schicksal vun de Fraen d'Simone Beck déi lescht Jore gepräägt. Mee och d'Coronakris déi undauert, mécht der Historikerin Gedanken.

auto_stories

1 min

headphones

45 min

play_arrow

D'Coronakris wäert an d'Geschicht agoen, warscheinlech awer aneschters wéi aner Pandemië virdrun, sou d'Simone Beck. D'Pandemie an hir Mesuren hätt och fir Frustratioune bei verschiddene Leit gesuergt an d'Kris hätt och fir e Rass an der Gesellschaft gesuergt, sou d'Simone Beck. Souguer bannent der EU hätten demokratiefeindlech an autokratesch Mesuren zougeholl "ouni datt mir eis Stëmm erhiewen".

"Ech fannen datt mir dobaussen net wortstark genuch déi Wäerter vertrieden, un déi mir gleewen. Awer et ass och esou datt baussent der EU den Drock zouhëlt. Amerika ass nach amgaangen sech ze sichen, China huet sech fonnt, an dat geet de Wee vun enger richteger Diktatur, Putin idem. A mir Europäer ginn ee Bild of vun engem zerstriddene Veräin (...) Menger Meenung no sti mer un der Schwell vun enger neier Zäit déi mengem Gefill no net an eng gutt Richtung geet."


D'Simone Beck ass Historikerin, Geschicht-, Däitsch- a Latäin-Professorin. Vun 2003 bis 2005 war si Directrice vum Institut Pierre-Werner. Si ergräift op der Antenne reegelméisseg d'Wuert am Kader vum Fräie Mikro.