Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schued duerch Wëld

Juegd

Schued duerch Wëld

Der Landwirtschaft entsteet all Joers grousse Schued duerch Wëld, a speziell duerch Wëllschwäin. D'Juegd spillt hei hir Roll, fir dee Schued ze limitéieren. Ëmsou méi rose sinn d'Jeeër elo, datt Klappjuegte corona-bedéngt verbuede sinn. De Jacques Ganser huet sech d'Problematik vun engem Jeeër erkläre gelooss.

auto_stories

4 min

D'Wiss an der Entrée vun Äischen gesäit aus, wéi wann e Plou derduerch gaange wier. Zéng bis 20 Zentimeter déif gouf de Buedem opgewullt, d'Grasdecken ass komplett opgerass. Fir de Richard Frank, deen zanter 30 Joer aktive Jeeër ass an an der Jeeërfederatioun och Formatiounen ofhält, ass dëst just ee vu ville Fäll vu Wëldschued duerch Wëllschwäin:

"Hei ass alles, respektiv wou et elo dra gereent huet, frësche Schued. Hei gesäit een do, wann een dat ëmdréit, wann dat lo giel wier, da wier de Schued scho mi al, mee leider Gottes ass dat hei net de Fall, esou datt de Schued nach ganz frësch ass. Dat heescht, d'Gras, dat ëmgedréit ass, dat ass nach ganz gréng."

Duerch Gewan hëlt de Jeeër eis nach op e puer aner Plaze mat, mee d'Bild ass meeschtens dat selwecht: Felder mat Wantersaat, Weeden a Wise sinn ëmgeplout. D'Wëllschwäin hu ganz Aarbecht geleescht: si waarden, bis et roueg ass a kommen da meeschtens an der Nuecht eraus. Well et e sougenannte Mastjoer ass, wou d'Beem vill Buchecker an Eechele liwweren, huelen d'Déiere sech hir Proteinnen aus dem Buedem: Mueden, Wierm, Schleeken.

De Schued, deen dem Bauer entsteet, muss de Juegdpiechter iwwerhuelen:

"Mam Gesetz ass et esou verankert, datt de Jeeër muss esou 9/10 vum Schued selwer iwwerhuelen, an de Juegdsyndikat een Zéngtel. Dat heescht, de Juegdsyndikat geet hi bei déi 15 Prozent Steekäschten a geet do déi Sue sichen, déi de Jeeër op där enger Säit bezuelt huet, an op der anerer Säit gëtt et hei zu Lëtzebuerg e Wëldfong, esou datt dann doraus pro Hektar Juegdfläch de Juegdhär véier Euro den Hektar guttgeschriwwe kritt."

D'Zuel vu Wëllschwäin explodéiert

Datt d'Zuel vun de Wëllschwäin an de leschte Joren explodéiert ass, weisen d'Statistiken: eleng d'lescht Joer goufen der Naturverwaltung no bal 9.000 Déiere geschoss, esou vill wéi nach ni virdrun. D'Wëllschwäi fannen iwwerall Fudder, ënner anerem an de Maisfelder. Kal Wanteren, bei deene jonk Déiere géifen agoen, feelen.

Ëmsou méi rose mécht et de Richard Frank, dat d'Klappjuegten elo corona-bedéngt ganz verbuede sinn. Ronn 3.000 Schwäi géife bei sämtleche Klappjuegten uechter d'Land geschoss ginn. Dobäi kënnt, datt déi net geschosse Schwäin am Fréijoer Nowuess wäerte kréien, an de Problem da weider verschäerfen. Usetzen a kleng Juegte bleiwen zwar erlaabt, domadder géif een der Plo awer net meeschter ginn.

"Deemno wéi ee Revéier een huet, da muss ee mol fir d'éischt waarde bis d'Laf erof ass, fir datt en iwwerhaapt eng Chance huet fir se eraus ze dreiwen, well et ass net esou, datt déi lo einfach mir näischt dir näischt aus der Heck géifen opstoen, et ka souguer sinn, datt ee muss mam Fouss drop rennen, fir datt se opstinn, a wéi gesot, wann der do net Hënn hutt, déi schaarf si fir déi schwindel eraus ze joen, dann hutt der guer keng Chance."

Et hätt een e gutt sanitäert Konzept virgeluecht, bei deem Jeeër a klenge Gruppen opgedeelt an d'Kontakter op e Minimum limitéiert gi wieren. An trotzdeem wier d'Juegd verbuede ginn.

700.000 Euro Ausgläich goufe bezuelt

Och d'Naturverwaltung huet de Problem vum Wëldschued fir d'Landwirtschaft an d'Ëmwelt erkannt. Ronn 700.000 Euro goufe laut dem rezente Bulletin technique am Joer 2019 un Ausgläich ausbezuelt.

De Laurent Schley, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung, schwätzt vun engem Phenomeen, deen zanter Jore bekannt ass a souguer nach zougeholl huet, dat obwuel d'Jeeër hir sougenannte Plans de tir déi lescht Joren erfëllt hunn:

"Mee dat ännert awer näischt um Problem, datt mer nach ëmmer ze vill Wëllschwäin hunn, dat weise jo och d'Zuelen aus den zwee leschte Joer, wa mer do eng Moyenne vun 8.000 geschosse Schwäin hunn, dann heescht dat och, datt der extreem vill do sinn an dat bestätegt nach eemol och d'Ausso vun der EFSA, datt mat normale juegdleche Methoden de Wëllschwäin net bäizekommen ass."

Fir dem Problem Meeschter ze gi misst een op nei Methoden zeréckgräifen, déi nach ze teste wieren, esou nach de Laurent Schley. Déi puer Woche Klappjuedverbuet géifen un der allgemenger Situatioun awer net vill changéieren.