Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bobbi Lu - Vacuum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sammelleidenschaft Matchbox-Autoen

Am Gespréich

Sammelleidenschaft Matchbox-Autoen

Sammelen ass dem Jean Birsens seng Leidenschaft. Virun allem d'Matchbox-Autoen hunn him et ugedoen an iwwert d'Joren huet e bal 15.000 dovunner gesammelt, déi en och a sengem Musée zu Hénkel ausstellt. An der Serie Am Gespréich schwätzt de Jean Birsens iwwer d'Sammelen, den Ursprong vun dësen Autoen an seng Famill, déi seng Sammelleidenschaft deelt.

auto_stories

4 min

Schonn an der Kandheet huet dem Jean Birsens seng Leidenschaft fir déi kleng Autoen ugefaangen, an iwwer d'Joren ass se och ëmmer méi grouss ginn. Opmierksam op déi kleng Autoen ass de Jean Birsens schonn an der Spillschoul ginn, well seng Klassekomeroden domadder gespillt hunn, hie selwer hat just déi futtis Autoe vu senge Bridder. Wéi en awer schlussendlech eege Matchbox-Autoe kritt huet, war dat fir hie schonn eppes ganz Besonnesches.

"Wann ech da mol en Auto krut vu menger Mam, dann hunn ech dee geheegt a gefleegt, ech hunn en an d'Täsch gestach, datt näischt sollt dru kommen. Da waren et der zwee, da waren et der dräi, dann hunn ech der nees e puer vu menge Bridder kritt a wann der nees e puer Neier kritt hunn, hunn ech déi a meng Këscht geluecht. Ech hunn och mat deene gespillt, awer nëmmen um Teppech, datt nëmmen näischt dru komm ass, well ech jo dovunner eppes wollt hunn."

Vun do un, ass d'Leidenschaft vum Jean Birsens ëmmer weider gewuess.

Deel 1 lauschterenplay_arrow

Iwwer 14.600 Modeller

Sammelen ass dem Jean Birsens seng grouss Leidenschaft, a sengem Liewen huet e bal 15.000 Matchbox-Autoen zesummegedroen.

Fir datt och anerer sech un dëser Sammlung erfreeë kennen, huet en dorausser e Musée gemaach, deen elo e groussen Deel vu sengem Wunnhaus zu Hénkel bei Rouspert anhëlt. Well fir de Jean Birsens geet et net nëmmen drëms verschidde Modeller ze besetzen, mee och verschidde Varianten dovunner ze hunn

"Ech sinn einfach e Sammler. Wann ech d'Autoe gesinn, och wann ech déi schonn hunn, ech kafen en ëmmer. Firwat? Ma ech hunn al Displayen aus de Geschäfter vu Matchbox an da kann ech déi fëllen. Ech hu verschidde Faarf-Varianten an och verschidde Këschtevarianten, wou eigentlech de selwechten Auto dra kennt."

Deel 2 lauschterenplay_arrow

De Jean Birsens sammelt alles wat d'Firma Matchbox jee produzéiert huet, wat awer haaptsächlech kleng Autoe sinn. Alles dat kann een op Rendezvous gratis a sengem Musée gesinn. Natierlech huet hien iwwer d'Joren och vill Wësse ronderëm déi Autoen opgebaut an huet an der Serie Am Gespréich och erkläert, wéi déi kleng Gefierer eigentlech entstane sinn.

"Fréier duerften d'Kënnercher an England eng Spillsaach mat an d'Schoul huelen, déi duerft awer net méi grouss sinn, wéi eng Fixfeieschkëscht, dofir Matchbox. An de Jack Odell hat e Meedchen an dat huet ëmmer Spannen an Insekte mat an d'Schoul geholl, dat huet awer verschidde Leit net esou gefall. Do huet hien esou eng kleng (Damp)Walz gebaut fir säi Meedchen an him déi matginn. Dat war natierlech en décke Succès ginn an der Schoul an do huet en der nach e puer méi produzéiert an eng Serie vu siwe Stéck gemaach."

Deel 3 lauschterenplay_arrow

Plaz fir méi Autoen ass ëmmer

De Jean Birsens huet laang gesammelt fir seng bal 15.000 Matchbox-Autoen zesummen ze kréien an en ass do och am Kontakt mat anere Mënschen déi déi selwecht Leidenschaft deelen, fir un nei Modeller ze kommen. Wat awer och ëmmer nees virkënnt, ass datt en Sammlungen ugebuede kritt.

"Wann d'Leit ebe stierwen an d'Frae wëssen net wouhin domadder, oder ier se op den Tipp fléien, hunn ech léiwer se brénge mir se, oder ech kafen se och of, egal. Datt se hei an de Musée kommen an datt se weider do sinn. [...] Ech kréien se schonn ënner, da ginn se eben e bësse gedréckt, da ginn se eben awer eran."

Deel 4 lauschterenplay_arrow

Saache gesammelt, huet de Jean Birsens nach ëmmer gären, mee virun allem d'Matchbox-Autoen hunn et him ugedoen. Zanter ville Joren dréit en seng Sammlung elo schonn zesummen a stellt déi och a sengem Musée zu Hénkel aus. An der Serie Am Gespréich huet de Jean Birsens och erzielt, firwat en de Musée opgemaach huet.

"Ech hat de Buergermeeschter geruff vun der Gemeng Rouspert, ech sot zu him, komm ech weisen der mol eppes. Do koum e bei mech Heem a sot, "Jang fantastesch, wat ass dat heiten?". Ech, majo ech fannen et extrem schuet, wann een dat heiten net kéint de Leit weisen, wat kann ech maachen? An hie sot, ma da maach e Musée op."

Deel 5 lauschterenplay_arrow

Dem Jean Birsens säi Matchbox-Musée zu Hénkel bei Rouspert, kann ee sech och gratis ukucke goen, awer nëmmen op Rendezvous an natierlech ënner den aktuellen Hygiènesmesuren.

Dir erreecht de Jean Birsens iwwer Telefon: +352 621 181 115 oder Mail: meckjangalana@gmail.com