Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roby Langers

Am Gespréich

Roby Langers

16 Joer huet de Roby Langers als professionelle Fussballspiller an Däitschland, Frankräich an der Schwäiz gespillt an dobäi eng helle Wull Goaler geschoss. Seng Karriär huet hie bei der Union ugefaangen a se do och 1998 opgehalen. An deene laange Jore war de Roby Langers och ee wichtege Spiller an der Nationalekipp.

auto_stories

3 min

Roby Langers a Lothar Mattäus

Als jonke Bouf léiert de Roby Langers op der Union Fussball spillen. Mat 17 Joer packt hien et an déi éischt Ekipp. Hie sollt awer net laang hei am Land spillen, well mat 19 kritt hien déi eemoleg Chance ee Kontrakt beim Bundesligist Borussia Mönchengladbach ze ënnerschreiwen

"De Jupp Heynckes huet mech op ee Probetraining invitéiert fir dräi Deeg, an nom zweeten Dag huet hie mir schonn ee Lizenzvertrag ugebueden, deen ech natierlech direkt akzeptéiert hunn. Ech mengen, dann zéckt een net laang."

Gouf et fir de Roby Langers als jonke Bouf eng Alternativ zum Fussball? Éischter net, esou de Roby Langers:

Deel 1 lauschterenplay_arrow

Et huet dunn awer e puer Joer am Profiberäich gebraucht, bis de Roby Langers endlech ageschloen huet.

"Dat war wéi ech ee Joer zu Orléans war, do hunn ech 27 Goaler geschoss an der zweeter Liga plus aacht an der Coupe de France. Dat si 35 Goaler an enger Saison, dat sinn der vill. Ech wënsche mer, datt mer muer erëm ee Stiermer hunn zu Lëtzebuerg, deen dat fäerdeg bréngt."

De Wee vum Roby Langers goung no nëmmen zwee Joer bei Borussia Mönchengladbach eriwwer a Frankräich, wou awer am Plaz vun der Ligue 1 fir d'éischt Mol déi zweet franséisch Liga um Programm stoung.

Deel 2 lauschterenplay_arrow

Obwuel also Interessi vum PSG um Roby Langers bestanen huet, sollt et awer ni zu engem Transfert op Paräis kommen. Do dogéint huet säi Wee de Roby Langers op d'Côte d'Azur geféiert, wou hie mat déi schéinsten Zäit als Fussballer erlieft huet a ronn dräi Joer gespillt huet.

Deel 3 lauschterenplay_arrow

Eng Saison zu Cannes gespillt mat enger spéiderer Vedette, wéi de ganz jonken an deemools nach net bekannte Zinédine Zidane an och anere gudde Fussballspiller, an awer erausgefall an déi zweet franséisch Liga.

De Roby Langers, dat ass och fir déi Lëtzebuerger Fussball-Nationalekipp eng gëlle Generatioun mat engem memorabele Match am Stade Josy Barthel am September 1990 géint de Weltmeeschter Däitschland, deen an der Paus 2:0 geféiert a kuerz drop den 3:0 markéiert huet. Mee du schéissen d'Rout Léiwen den 1:3 ... an de Roby Langers ...

"dunn hunn ech den 2:3 geschoss, an du sinn d'Kräfte lassgaangen, dunn hu mer geduecht, elo probéiere mer, an natierlech de ganze Stadion huet matgehollef. Esouguer déi Däitsch hunn eis mat gedréckt ... de Fussballzwerg ..."

Och wann den 3:3 méiglech war, sollt et awer net esou wäit kommen. Mee fir de Lëtzebuerger Fussball war déi 2:3 Néierlag géint de Weltmeeschter wéi eng Victoire.

Praktesch genee esou laang wéi de Roby Langers Profi war, huet hien och den Trikot vun de Roude Léiwe gedroen, mee deemools huet d'Nationalekipp net esou vill Matcher gespillt wéi haut des Daags:

Deel 4 lauschterenplay_arrow

Zum Schluss vu senger Karriär hat sech de Roby Langers op een "normaalt" Liewen gutt preparéiert an huet deemno och kee Problem kannt, séier de Wee an een anert berufflecht Liewen ze fannen. Déi eng oder aner Frëndschaft aus där Zäit als Profi-Fussballer huet bis haut Bestand. A wat déi aktuell Generatioun vun de Roude Léiwe betrëfft, do ass de Roby Langers optimistesch an, firwat och net, qualifizéiere si sech enges Daags fir ee groussen Turnéier.

Deel 5 lauschterenplay_arrow