Sot emol Paul Thiltges: "Ech weess, wat ech sinn"

De Paul Thiltges deen 1955 zu Esch gebuer ass, huet Mëtt den 1980er Joren ugefaange beim Film ze schaffen, wéi et nach keng Filmindustrie zu Lëtzebuerg gouf an huet mam Andy Bausch an Thierry Van Werveke lëtzebuergescher Filmgeschicht geschriwwen. Mam Alter fleegt hie seng sozial Oder nach méi - 2018 huet hie mat sengem Realisateur Kolleeg, dem Jörg Altekruse Youth4Planet gegrënnt, ee Projet dee Jonker léiert mat hirem Handy als Bildungsapparat, nohalteg Sujeten ze thematiséieren.

Natasha Ehrmann

Paul Thiltges

De Filmproduzent kann op ee Katalog zeréck kucken deen eng Zort Reflet vun der Diversitéit vu sengem professionelle Reseau ass, ma deen och sozial engagéiert Documentairen a Fiktioun weist.

Geschockt iwwert d'Biller déi sech déi lescht zwee Weekend an der Stad ofgespillt hunn, huet de Paul Thiltges sech, ënnert dem Hashtag, #NousCitoyens, mat anere Persounen zesummegedoen, fir sech fir d'Fräiheet an déi demokratesche Valeuren anzesetzen.

"Ech weess datt et och net gutt ass, wa mer just dobaussen déi aner Stëmmen héieren. Mir haten effektiv alleguerten déi Leit déi do mat ënnerschriwwen hunn, vläicht e bësschen d'Gefill et gëtt vill ze vill iwwert déi Minoritéit geschwat, déi manifestement eng Minoritéit ass, well et si jo 450.000 Lëtzebuerger geimpft, dat muss ee jo och emol eng kéier soen... An dorop hi muss een dat positiivt och eng kéier an d'Fënster hänken, datt déi Leit, och déi dobausse sinn, an déi nach ondecidéiert sinn, datt déi awer vläicht ëmmer nach d'Fakten dohinner gehale kréien a net iergendwellech Verschwierungstheorien an esou weider."

Mënschlech bleiwen

Mat 66 Joer huet de Paul Thiltges sech net méi vill ze beweisen, denkt driwwer no fir méi lues ze maachen, mee ass sech sécher, datt hien ëmmer nach mat Jonken ze schaffen a Jonker schwätzen ze loossen. Dat huet hie schonn iwwert zwee Projeten initiéiert. Engersäits mat "Youth4Planet" anerer mam Dokumentarfilm "The Living Witnesses" vun de Realisteuren Karolina Markiewicz & Pascal Piron, deen der Fro nogeet, wéi een d'Erënnerung un den Holocaust oprechterhale kann, a besonnesch wéi Jugendlecher léiere kënnen, duerch e Bléck an d'Geschicht, sech och haut par Rapport zu Persecutioun an Ausgrenzung ze positionéieren.

De Pault Thiltges war um Ufank vun der Pandemie krank a war zwee Deeg vu sengem Liewen dovunner iwwerzeegt datt hie géif stierwen.

Ier de Paul Thiltges an de Filmsecteur gaangen ass, huet hien op der Bank geschafft a war Enseignant. An der Haaptsaach fir sengen Elteren e Pleséier ze maachen.

"Ech sinn erausgeklommen, ech hu menger Mamm den Aarm gebéit, wéi een esou schéi seet, mat 14 Joer, ech hat keng Loscht méi ze schaffen an do däerf ee jo net schaffen, also ech sinn iergendwann, am Dezember, du sot meng Mamm dajee, an ech hat effektiv schonn op der Spuerkeess postuléiert an déi hate mer och een Job ugebueden am Abrëll wann ech géif 15 Joer kréien, an et wor fir mech wichteg einfach onofhängeg ze sinn, mäi Liewen ze hunn, a meng Eltere woren ganz gutt Eleteren, awer bescheide Leit déi konnte mer vläicht dee Liewen Style deen ech wollt hunn - ech wollt reesen an esou weider, dat konnt meng mam sech net leeschten. Mir wore 4 Geschwëster doheem, also dofir sinn ech op d'Bank gaangen. Ech wor awer nach net e Joer do dunn hunn ech mir geduecht Thiltges du hues eng Dommheet gemaach, an dofir hunn ech dunn an Owescours'en meng Première nogemaach, dat heescht ech konnt schaffen a do wor de grousse Moment, wier ech Affekot ginn oder sinn ech Schoulmeeschter ginn, ech hu missen waarden ob ech de Numerus Clausus géif packen, ob ech gutt genuch Punkten hat, deemools wor dat einfach esou, do hues du missten ugeholl ginn um Institut, dat wor mäi Wonsch, awer wann ech et net gemaach hätt wier ech Affekot ginn, ech weess net da wier ech elo net am Kino gewiescht. Et ass alles gutt gaange wéi et gaange ass."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Natasha Ehrmann
Lauschteren

Méi zum Thema

Carl Adalsteinsson
SOT EMOL

De Carl Adalsteinsson ass aktuell den Direkter vum Centre des Arts Pluriels vun Ettelbréck an et ass genee déi Aarbecht déi him gefält, nämlech net vir op der Bün ze stoen, mee éischter am Hannergrond an der Organisatioun ze schaffen.

Robert Brandy
Sot Emol

De Robert Brandy ass ee vun de bekanntsten a beléiftste Lëtzebuerger Kënschtler. Zanter 50 Joer schafft hien national wéi international. Seng Wierker brauche kaum nach eng Signatur. Wie stécht hanner deem Mann?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen