Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pandemie

Ausbroch

Pandemie

Am Mee virun 80 Joer huet Nazi-Däitschland Lëtzebuerg besat. De Vincent Artuso kuckt op dat trauregt Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht zeréck a mécht dat aus dem Bléckwénkel vun enger Pandemie, vun enger Krankheet, déi jiddweree befale kann an déi kaum opzehalen ass. Och wann d'Besetzung vu Lëtzebuerg virun 80 Joer an déi aktuell Covid-19-Kris op den éischte Bléck net vill gemeinsam hunn, gëtt et Parallellen.

auto_stories

7 min

D'Gefor vun engem kommenden europäesche Konflikt, vun enger Widderhuelung vum Éischte Weltkrich, loung zënter op mannst 1937 an der Loft. Dem Hitler seng Politik ass ëmmer méi predatoresch ginn. Firwat och net? Alles ass him gelongen. D'Westmuechten hunn him ginn, wat si der Weimarer Republik 20 Joer laang refuséiert haten.

Elo wou si mat enger totalitärer Muecht konfrontéiert waren, hunn d'Demokratien hirem schlechte Gewëssen noginn. Sech geschummt, dass si dat aarmt Däitschland esou ongerecht behandelt haten. Et war vill Schwächt an dëser Attitüd, eng gutt Dosis Naivitéit an e Kalkül, deen nimools opgaangen ass.

An der bronger Krankheet hunn déi westlech Elitte laang en Antidot géint déi kommunistesch Epidemie gesinn. Vill Lëtzebuerger hunn am Ufank och esou geduecht. Si hunn awer vu ganz no gesinn, wéi dat brongt Iwwel sech ausgebreet huet, méi staark an onberechenbar ginn ass. An op eemol hunn se verstanen dass di déidlechst Krankheet fir hiert Land ausser Kontroll gerode war.

Schläichend intellektuell Offensiv

Lëtzebuerg hat Däitschland géintiwwer eng Onsécherheet, déi net nëmme mat Angscht oder Komplexer ze dinn hat. Si huet villméi u onagestane Bewosstsinn berout, dass déi intellektuell Berechtegung vun der eegener Existenz wackeleg war.

D'Lëtzebuerger Nationalidentitéit war op vëlkesch Konzepter opgebaut, déi däitsch Geografen, Historiker oder Volkskundler ganz séier auserneegeholl hunn, besonnesch d'Fuerscher vun der renomméierter Bonner Universitéit. War Lëtzebuerg net en Deel vum Hellege Réimesche Räich gewiescht, hunn si rhetoresch gefrot? Hat et him net eng brillant Dynastie ginn? Hat et d'Räichsgrenz zu Frankräich net joerhonnertelaang gehalen?

Wat huet e Lëtzebuerger vun engem Bayer, oder engem Hannoveraner ënnerscheet, hunn si weider ze bedenke ginn. Méi däreg nach: wat huet e Lëtzebuerger vun engem Eifeler, oder engem Tréierer ënnerscheet? Eng artifiziell Grenz an eng frësch Kusch vu franséischem Vernis, war hir Äntwert. Soss hunn op béide Säite vu Musel a Sauer d'Leit änlech gelieft, geschafft a gegleeft an dat selwecht geschwat, eng muselfränkesch Variant vun der däitscher Sprooch.

D'Konklusioune vun deene seriöen Akademiker, déi sech fir Lëtzebuerg interesséiert hunn, hunn natierlech op zolitte weltanschauleresche Konviktioune gewuerzelt. Déi meescht vun deene sougenannte "Westforscher" hunn am Bonner Institut für geschichtliche Landeskunde der Rheinlande geschafft. Dee war en Deel vun engem Netzwierk vu Kulturinstitutiounen, déi sech zum Zil gesat haten déi revisionistesch Uspréch vum Räich wëssenschaftlech z'ënnermaueren.

D'Westforscher haten direkt nom Enn vum leschte Weltkrich hir intellektuell Offensiv lancéiert. Wou d'Nazien un d'Muecht komm sinn hunn si sech an den Déngscht vum neie Regime gestallt. Hiren Afloss war kloer erkennbar an enger Ried, déi de Chef vun der Nazi-Partei an der däitscher Muselgéigend, e gewësse Gustav Simon, 1933 ginn hat:

" Die Saar, Elsass-Lothringen, Österreich, Luxemburg, Belgien und die Niederlande sind alle einmal deutsch gewesen. Nicht eher wird der Nationalsozialismus und sein Führer ruhen, als das Ziel eines Grossdeutschland von 90 Millionen erreicht ist. "

D'Brong Pescht breet sech aus

E Räich opbauen, dat all d'Leit mat däitschem Blutt vereenegt hätt. Dofir war et fir d'éischt mol wichteg d'Restriktiounen ze besäitegen, déi den Traité vu Versaille Däitschland nom Éischte Weltkrich imposéiert hat, besonnesch déi di e militäresch gehemmt hunn. A just e puer Joer huet dat Drëtt Räich d'Militärpflicht rëm agefouert a masseweis modernt Material produzéiert. 1936 ass déi nei Wehrmacht am entmilitariséierte Rheinland amarschéiert. Dat war e klore Verstouss géint international Verträg. Frankräich an England hunn awer näischt dogéint ënnerholl.

Den Hitler ass dunn méi kéng ginn. Ufanks 1938 huet en eng Kris an Éisträich, provozéiert, déi zum Anschluss vu senger Heemecht un Däitschland gefouert huet. E puer Méint drop huet en erëm e Krich riskéiert, wou en d'Tschechoslowakei opgefuerdert huet d'Sudeten opzeginn, d'Randgebitter vu Béimen wou déi däitsch Bevëlkerung majoritär war. Nees hunn d'Westalliéiert noginn, vum Hitler nëmme verlaangt dat en d'Tschechen géif a Fridde loossen. Am Mäerz 1939 war d'Wehrmacht zu Prag.

Zu Lëtzebuerg sinn all déi Evenementer mat extremer Besuergnis observéiert ginn. All Kris huet eng nei Well vu Flüchtlingen ausgeléist; all Virstouss huet Däitschland gestäerkt. Den Anschluss an d'Sudetenkris hu gewisen, datt Lëtzebuerg selwer menacéiert war. Dat Drëtt Räich hat Territoiren u sech gerappt, déi et fir vëlkesch däitsch erkläert hat, an d'Westmuechten haten sech net geréiert. Schlëmmer nach, si haten hir tschechesch Alliéiert verroden.

Déi brong Epidemie huet sech progressiv zu enger Pandemie entwéckelt. En europäesche Krich war net méi auszeschléissen. An dëser Eventualitéit war et néideg der Regierung d'Mëttel ze gi fir handlungsfäeg ze bleiwen. Den 28. September 1938, matten an der Sudetenkris, huet eng unanime Chamber, an enger Atmosphär vu nationaler Unioun, e Vollmuechtsgesetz votéiert. D'Regierung konnt vun elo un, ouni Interventioun vun den Deputéierten, Decisiounen op all Gebitt treffen. D'Wale goufe verréckelt.

Bal e Joer dono, de 24. August 1939 gouf eng Noriicht annoncéiert, déi d'Demokratien iwwerrascht an iwwerrumpelt huet: d'Sowjetunioun a Nazi-Däitschland haten e Nichtangriffspakt ënnerschriwwen. Déi zwee Virussen hunn elo gemeinsam gehandelt. Den Dag dono huet d'Chamber d'Vollmuechtsgesetz " jusqu'à disposition contraire " verlängert. Eng Woch dono huet Däitschland Polen ugegraff. Dës Kéier hu Frankräich an England dem Hitler de Krich erkläert. Den Zweete Weltkrich hat an Europa ugefaangen.

Drôle de guerre

Et war souwäit, d'Epidemie war ausser Kontroll. Am Westen ass awer méintlaang näischt passéiert. Britten a Fransouse wollten net frontal ugräifen, hunn u subtill Zweetfronte geduecht. Hunn an deene konfuse Wochen en Expeditiounskorps zesummegestallt deen a Finnland hätt misste geschéckt, gi wou déi Rout Arméi agefall war. Schlussendlech sinn déi Truppen am Abrëll 1940 a Norwegen geschéckt ginn. Däitschland hat fir d'éischt zougeschloen an dat Land, souwéi Dänemark, bannent enger Woch gréisstendeels eruewert.

Zu Lëtzebuerg hunn d'Leit deels mat der Angscht gelieft zu jidder Zäit befall ze ginn; deels mat der Illusioun, datt et vläicht nimools souwäit géif kommen. Alles ass weidergaange wéi virdrun, den Alldag, eng scheinbar onbezwéngbar Festung.

D'Regierung huet iwwerdeems iwwert eng méiglech Invasioun nogeduecht. Am Januar 1940 hat den Ausseminister Joseph Bech e Gespréich mam Albert Wehrer. E puer Méint éischter war dësen nach zu Berlin gewiescht, wou en de Grand-Duché diplomatesch vertrueden hat. Zu dem Zäitpunkt war en de Generalsekretär vun der Regierung. Deen Dag, huet de Wehrer nom Krich geschriwwen, hat de Bech him gesot dat d'Regierung virhat d'Land, am Fall vun enger kompletter Besatzung, ze verloossen.

D'Fro gouf eréischt 4 bis 5 Woche méi spéit nees an enger Sëtzung beschwat. Am Fall wou d'Ministeren ausser Lands wieren, sollten hir Conseilleren den Interim iwwerhuelen. Wéi dat konkret oflafe sollt, hätt eng Kommissioun z'entscheeden, déi vum Wehrer presidéiert gouf. Hien ass mol op Bréissel gereest, fir ze kucke wéi d'Ugeleeënheet do ugepaakt gouf. D'Belsch hunn him erzielt, datt scho längstens alles prett war.

De Wehrer huet d'Intentioune vu senger Regierung mëssbëllegt. E war iwwerzeegt, dass eng Flucht no Westen an en offizielle Protest géint d'Verletzung vu senger Neutralitéit den Däitschen eng gutt Excuse géif ginn, fir de Grand-Duché als Feind ze betruechten an am Fall vun enger Victoire z'annexéieren. Huet de Wehrer méiglecherweis dowéinst mat Widderwëllen agéiert? Op jidder Fall war näischt prett wou an der Nuecht vum 9. op den 10. Mee d'Noriicht koum, dass däitsch Truppen d'Grenz iwwerschratt haten.

D'Pandemie hat Lëtzebuerg also dach befall. An e puer Stonne géif d'Bevëlkerung erwächen an entdecken, dass aus dem Albdram eng Realitéit gi war. Et war och um Punkt erauszefannen, dass seng Regierung fort war a seng Autoritéiten absolut iwwerfuerdert.

Déi Däitsch waren do, bewaffnet an iwwermächteg. Do, fir e vermessene Klengstaat ze bestrofen, deen e puer Woche virdrun d'Rengegkeet vu sengem Blutt zum Haaptkrittär vun senger Existenz erhuewen hat. Dat Blutt war awer a Wierklechkeet däitscht Blutt an et war dozou bestëmmt erëm a Räichsoderen ze fléissen.