Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oktober 1941: Eng Chance de Verrot erëm guttzemaachen

Zäithistoriker

Oktober 1941: Eng Chance de Verrot erëm guttzemaachen

D'Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 spillt an der kollektiver Erënnerung esou eng wichteg Roll, dass et komplizéiert ass ze wëssen, wat viru genau 80 Joer tatsächlech passéiert ass.

auto_stories

6 min

"Dräi mol lëtzebuergesch" ass dat bekanntst, dat effikasst an dat kruziaalst Schlagwuert an der Lëtzebuerger Zäitgeschicht. Mat "Dräi mol lëtzebuergesch" hunn d'Lëtzebuerger geäntwert, wou den NS-Regimm se, am Kader vun der der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941, no hirer "jetzige Staatsangehörigkeit", no hirer "Muttersprache" a no hirer " Volkszugehörigkeit " gefrot huet. "Dräi mol lëtzebuergesch" ass déi bal magesch Formel, déi aus enger besater, verschoterter Bevëlkerung eng selbstbewosst a solidaresch Natioun gemaach huet.

De Problem ass just, datt dee Motto warscheinlech eng Nokrichserfindung ass; keen historesche Slogan, mee en essentielle Bausteen an enger Erzielung, déi zum Grënnungsmythos gouf. Wann den Zweete Weltkrich nämlech den entscheedendste Kapitel an der Lëtzebuerger Nationalgeschicht ass, dann ass d'Personenstandsaufnahme - oder de Referendum vum 10. Oktober 1941, wéi dat Evenement laang Zäit genannt gouf - den decisiivsten Abschnitt dran.

D'Fluchblieder vun de Resistenzorganisatiounen

De Mythos ass sou staark, seng Plaz esou zentral an der Erënnerung, seng Bedeitung anscheinend esou evident, datt sech wéineg Historiker getraut hunn de Sujet opzegräifen. Eng vun de rare geschichtlechen Analysen zum Theema ass dem Olivier Worré seng onpublizéiert Masteraarbecht vun 2011.

Doranner huet e sech e bëssche mam Verlaf vun der Personenstandsaufnahme selwer, a ganz vill mat sengen Nokrichsinterpretatiounen auserneegesat. En huet divers Quelle benotzt, woubäi déi interessantst d'Fluchblieder sinn, déi d'Resistenzorganisatiounen Ufanks Oktober 1941 verdeelt hunn.

Et ass vill dran ze liesen, mee de Slogan "Dräi mol lëtzebuergesch" taucht nimools op. D'Resistenzorganisatiounen, huet de Worré erausfonnt, hunn d'Lëtzebuerger entweder dozou opgeruff de Formulaire vun der Personenstandsaufnahme net auszefëllen, oder just an der siiwenter Kolonn (déi iwwer d'Mammesprooch), an an der aachter (déi iwwer d'"Volkszugehörigkeit"), "Lëtzebuergesch" ze schreiwen - a net "Deutsch", wéi d'Besatzungsmuecht et verlaangt huet.

De Worré ënnersträicht awer och, datt et d'Resistenzorganisatioune waren, déi aus der Personanstandsaufnahme e Referendum gemaach hunn. Dat war eng extrem inspiréiert Initiativ, well den demokratesche Prozess vum Referendum eng besonnesch Resonanz fir d'Lëtzebuerger hat. En hat hinnen zweemol, bannent enger Generatioun, erlaabt besonnesch geféierlech Krisen ze iwwerwältegen: 1919, wou d'Onofhängegkeet vum Grand-Duché menacéiert war, an 1938, wou d'Maulkuerfgesetz d'Gesellschaft gespléckt huet.

E vertrauleche Bréif vum Goebbels

Wéi huet d'Resistenz et dann iwwerhaapt fäerdegbruecht seng Interpretatioun duerchzesetzen? Déi vum Olivier Worré gesammelt Fluchblieder ginn do eng extrem interessant Äntwert: si huet en Dokument gefälscht. Organisatioune wéi d'LPL - d'Lëtzeburger Patriote-Liga - oder d'ALWERAJE hu behaapt, datt se et fäerdegbruecht haten e Bréif vum Reichpropagandaminister Josef Goebbels ofzefänken; en absolut vertraulecht Dokument, dat den angeeblech tatsächlechen Zweck vun der Personenstandsaufnahme géif verroden an an deem Folgendes ze liese war:

"Werden die Punkte 7 und 8 in dem gewünschten Sinne ausgeführt, so stellen sie ein klares Bekenntnis zum Deutschtum dar und rechtfertigen ohne weiteres den Anschluss!!! Da die Reichsregierung auf den Erfolg dieser Aktion allergrössten Wert legt, und zudem sich klar bewusst ist, daß eine Propaganda zum Zwecke des Anschlusses ohne jedes Resultat bleiben würde, ist der eigentliche Sinn dieser Aktion strengstens geheim zu halten. Die Propaganda muß dafür Sorge tragen, der Personenstandsaufnahme den Charakter einer Volkszählung zu geben. Zum Zwecke besserer Geheimhaltung ist den untergeordneten Stellen der Propaganda sowie der VdB der Sinn der Abstimmung streng geheim zu halten."

Zum Schluss koum nach dës besonnesch wichteg Nobemierkung:

"Die Reichsregierung verspricht sich durch eine sofort vorzunehmende Generalmobilisierung eine Aufbesserung der Heeresbestände um 35.000 Mann. Zudem wird eine geschickte Einordnung der neuen Truppenteile in die Frontlinie eine entsprechend hohe Verlustziffer bedingen und durch die notwendige werdende Ergänzung der Bevölkerung wird der Durchdringung des Landes ein nicht zu unterschätzender Vorschub geleistet."

D'Exterminatioun vum Lëtzebuerger Vollék

D'Personenstandsaufnahme war verschidde Resistenzorganisatiounen no also just den Optakt vun engem diabolesche Plang, deem seng Finalitéit et war d'Lëtzebuerger Bevëlkerung auszerotten an ze ersetzen.

"LËTZEBURGER!", war an engem Fluchblat vum LFB, dem Lëtzeburger Fräiheets-Bond, ze liesen: "Wöllt dir dat èr Kánner an de Krich musse goen? Secher nit! Da passt op a mâcht den Deckel op d'Lach, ir d'Kand am Pötz leit". D'LVL, d'LËtzeburger Volléks-Legio'n, huet hirersäits Folgendes geschriwwen:

"Fir den 10. Oktober huet de Preiss geplangt, ons durch èng so'genannt "Personenstandsaufnahme" ennerschreiwen ze lossen, datt ons "Muttersprache" an ons "Volkszugehörigkeit" deitsch sollen sin. He kritt domatt d'Möttel ann d'Hand, fir ons Jongen, dé en elo an den Arbeitsdienst gezwongen huet, och fir de Militärdengst erun ze ze'en. Le'f Letzeburger ! Losst éch net verblüffen. Dir eleng wösst, wat fir en Sproch är Muttersproch ass: nömmen de', de' èr Mamm éch gele'ert huet, an zu welchem Vollek dir gehe'ert: zu dem, dât 1939 seng 100järeg Onofhèngegkét gefeiert huet. Schreiwt duerfir op den Ziedel, den der de 7. Oktober kritt, deck a fest hannert "Muttersprache" an "Volkszugehörigkeit": LETZEBURGER. Domat kann de Verrot, dén um Land begângen huet, andem fill Letzeburger an d'V.D.B gange sinn, erem énechermosse gutt(ge)mâch ginn. "

D'Enn vun der kollektiver Kollaboratioun

Dës lescht Zeilen si vu grousser Wichtegkeet. Si erënneren drun, datt immens vill Lëtzebuerger genau ee Joer virdrun noginn haten, datt se sech enger Partei, der Volksdeutsche Bewegung, ugeschloss haten, där hiert Haaptzil et war d'Lëtzebuerger "Heim ins Reich" ze bréngen. Datt si hiert Land also opginn haten. Deemools hu natierlech déi meescht Leit geduecht, datt dat Drëtt Räich de Krich gewonnen hätt, datt et keng Alternativ zu der Annexioun un Däitschland géif ginn, an datt d'VdB, an dësem Kontext, d'Interesse vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung kéint verdeedegen.

Mee an d'Tëschenzäit haten d'Nazie mat hirem Ugrëff op d'Sowjetunioun eng nei, gigantesch Phas vum Krich ugefaangen, an et war jiddwerengem kloer, datt d'VdB nimools kapabel géif sinn d'jonk Männer virun enger obligatorescher Mobilisatioun an den däitschen Arméien ze verdeedegen. Vill Lëtzebuerger hunn an der Personenstandsaufnahme d'Méiglechkeet gesinn hir Oppositioun auszedrécken. Wéi vill genau ass onbekannt, op jiddwer Fall genuch, fir déi däitsch Zivilverwaltung dozou ze bréngen, d'Aktioun ofzeblosen.

Datt esou eng kritesch Mass vu Leit bereet war e Formulaire ze ënnerschreiwen, deen entgéint de Befeeler vun der Besatzungsmuecht ausgefëllt gi war, beweist, datt Angscht eleng net alles erkläert, wat deemools am Krich geschitt ass.