Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gruff Rhys - Silver Lining (Lead Balloons)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach keen digitalen New Deal

Wirtschaftschronik

Nach keen digitalen New Deal

Bal zwou an eng hallef Milliarden Euro Strof soll Google un d'EU bezuelen, wéinst Verstéiss géint Konkurrenzrecht. D'EU-Kommissioun ass nämlech der Meenung, datt d'Sichmaschinn den eegene Google-Servicer een illegalen Avantage gëtt. De Problem vu Mëssbräich duerch Internetkonzerner, déi de Maart dominéieren, ass domadder awer nach net geléist.

auto_stories

3 min

D'EU-Kommissioun huet eppes hikritt, wat dem amerikanesche Regulateur 2012 mësslonge war. D'Federal Trade Commission war deemools zur Conclusioun komm, datt Google de Konsumente schued. Dat, well net onbedéngt déi pertinentst Recherche-Resultater prominent affichéiert ginn, mä d'Google-Servicer favoriséiert ginn. D'Politik huet schlussendlech decidéiert, den Avis vum Konkurrenzwiechter net ze suivéieren. Wéi d'Washington Post dës Woch am Réckbléck op dës Episod nach emol ervirgehuewen huet, war Google ee vun den Haaptdonateure vum deemolegen US-President Barack Obama senger Wahlkampagne.

Och zu Bréissel sinn d'Google-Lobbyiste präsent. Trotzdem huet d'Europäesch Unioun keng Récksiicht geholl. D'Wettbewerbskommissärin Margarete Vestager kritt dowéinst elo reprochéiert, si géif ee Krich géint US-Konzerner féieren. Déi Kritik ass net berechtegt: D'Kommissioun knäppt sech zu Recht déi Acteure vir, déi den Internet-Marché dominéieren. An dozou gehéiert d'Sichmaschinn Google mat hirem Maartundeel vun iwwer 90 Prozent an der EU.

Google als Grondversuergung

Ouni Sichmaschinn si vill Deeler vum Internet fir d'Notzer kaum ze fannen. Et geet hei also ëm eng Zort Grondversuerung fir den Accès zu engem wichtegen Alldagsoutil. Datt déi ëffentlech Hand hei eng gerecht Konkurrenz assuréiert am Interesse vum Konsument, ass also sënnvoll. Google ass iwwerdeems net deen eenzegen Internet-Monopolist, deen ee muss am A behalen an eng punktuell Strof vun der EU-Kommissioun léist déi méi grondsätzlech Problemer net, déi domadder verbonne sinn.

A sengem Buch "The Black Box Society" huet den US-amerikanesche Droit-Professer Frank Pasquale d'Problematik vun de Monopolisten am digitalen Zäitalter mat der Situatioun vun uganks dës 20. Joerhonnert verglach. Deemools sinn ënnert anerem am Stroumsecteur grouss Firmen entstanen, déi de Maart dominéiert hunn. An d'Politik huet eréischt no an no d'Regele geschaaft, fir dëse Maart ze reguléieren. An den USA ass dat notamment am Kader vum President Roosevelt sengem "New Deal" geschitt.

Algorithmen oppeleeën

De Jurist stellt d'Fro: Wat géife mir dovunner halen, wa Stroumkonzerner och Wäschmaschinne produzéiere géifen a Clienten, déi eng aner Marque Wäschmaschinn hätten, misste méi fir hire Stroum bezuelen? Esou eng Iddi schéngt eis haut absurd. Mä et gläicht deem, wat déi grouss Internetplattforme wéi Google, Facebook a Co. haut maachen: Si bidden op hire Plattformen all méiglech Online-Servicer un an dränge Konkurrenten op d'Säit. Ähnlech wéi uganks 20. Joerhonnert misste Secteuren, déi eng Grondversuergung assuréieren a gläichzäiteg zu Monopoler tendéieren, strikt reguléiert ginn, fuerdert de Frank Pasquale. Fir déi digital Ekonomie ginn et do a sengen Aen e puer Pisten.

Zum Beispill missten d'Firmen hir Algorithme géigeniwwer engem onofhängege Regulateur oppeleeën: Well just esou kéint een iwwerpréiwen, wéi zum Beispill Google de Ranking vu Sichresultater mécht. An da missten dominant Plattforme hire Konkurrenten Accès zu engem Deel vun hiren Donnéeë ginn. Soss hätten dës Plattformen duerch den Accès op d'Notzerverhalen een onfaire Virdeel fir performant Servicer z'entwéckelen.

Konkurrenzrecht och bei Google a Co.

Iwwert eng aner Iddi ass op europäeschem Niveau och schonn diskutéiert ginn: Ähnlech wéi zum Beispill am Zuchtransport oder dem Stroumsecteur, wou Reseau a Fournisseur vum Service solle getrennt sinn, kéint d'Politik virschreiwen, datt Plattformen, wéi Sichmaschinnen a sozial Netzwierker an aner Online-Servicer, wéi Sitte fir Präisser ze vergläichen oder Reesen ze buchen, net dierfen an der Hand vun engem Konzern sinn. De Frank Pasquale huet der Europäescher Unioun dës Woch via Twitter gratuléiert dofir, datt si, Zitat "d'Konkurrenzrecht an d'21. Joerhonnert" bruecht huet. Bei der Regulatioun vun der digitaler Wirtschaft feele wuel nach ee puer Mesuren, fir dee Sprong ze packen.