Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musée de l'Administration des Douanes et Accises

Muséeën iwwer Bierg an Dall

Musée de l'Administration des Douanes et Accises

Den Douanesmusée thematiséiert d'Geschicht an d'Aarbecht vun der Administratioun. D'ASBL Musée des Douanes et accises gouf 1996 mam But gegrënnt fir op lieweg Manéier esouwuel d'Geschicht vun der Administratioun, wéi och d'Aarbecht vun den Douanieren ze erzielen.

auto_stories

2 min

2003 huet den Douanesmusée zu Esch seng Dieren opgemaach, fir sech dann a Richtung Stad zu Hamm ze etabléieren. D'Kollektioun, déi am Gebai vun der Direktioun hir Plaz fonnt huet, geheit e Bléck op den historesche Kontext vun den ekonomeschen Accorde vum Grand-Duché.

D'Douane am Wandel vun der Zäit

Wéi d'Grenzen an Europa opgaange sinn, huet d'Aarbecht vum Douanier sech verännert. De Marco Pretemer ass Douanier a këmmert sech zanter zwee Joer ëm de Musée. Lëtzebuerg wier isoléiert gewiescht an hätt de Kontakt mat den Nopeschlänner gesicht, zielt hien.

"Deemno war d'Aarbecht vun der Douane ëmmer ofhängeg vun der politescher an ekonomescher Situatioun am Land. Mam Schengener Ofkommes an den oppene Grenzen huet d'Aarbecht vun den Douaniere sech ganz staark verännert."

Iwwer véier Stäck gëtt am Douanesmusée d'Geschicht vun enger Administratioun illustréiert, déi eng finanziell Vocatioun huet, an et kann een d'Evolutioun vun den Aarbechtsoutile gesinn.

Nieft dem Enregistrement an dem Steieramt ass d'Douane déi drëttgréisste Finanzverwaltung. D'Haaptaufgab ass deemno Suen anzehuelen. Een Ophänkert am Musée ass eng Replik vum Douanesfändel vun 1935.

Eng grouss Kollektioun

Nieft Dokumenter, Plombzaangen, Uniformen, Stempelen, Kapen a Fotoe steet och eng Brennerei am Musée, vue datt Douane fir d'Accise um Alkohol responsabel ass, awer och Temoignagë vu confisquéierte Waffen an Drogen. D'Administration des douanes et accises huet eng Motosbrigade, wat rar ass fir eng Douane.