Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannert dem "Wir schaffen das"

Rhetorik

Hannert dem "Wir schaffen das"

D'Angela Merkel gëllt als ëmständlech an heiansdo och ënnerkillt Riednerin. Fëllwierder a Substantivéierunge maachen hir Texter aus. Sou och hir "Wir schaffen das"-Ried. Do ass eng Strategie derhannert.

auto_stories

7 min

D'Mark Merkel ass och vun Riede geprägt (Foto: Bigstock)

Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel gëllt bestëmmt net als eng gutt Riednerin. An trotzdem gëtt hire Saz "Wir schaffen das", deen si am Summer 2015 iwwert d'Flüchtlingskris gesot huet, an de Medien dacks opgegraff. En ass einfach ze verhalen, an en ass emblematesch fir der Angela Merkel hir Politik. "Wir schaffen das" - dräi Wierder, déi e bëssen un dem Obama säi "Yes we can" erënneren.

An dach wësse mir: Dës dräi Wierder sinn bei Wäitem net esou gemengt ewéi dem Obama säi "Yes we can". D'Angela Merkel huet de Saz no hirer Ried op der Summerpressekonferenz oft relativéiert. A kuckt een sech d'Entwécklung vun hirer Flüchtlingspolitik un, da gesäit een: D'Merkel huet hire "Wir schaffen das" haut quasi ganz zeréckgeholl.

Alles schéngt onverbindlech ze sinn

De Saz ass am Fong symptomatesch fir der Angela Merkel hir ganz Rhetorik. Alles wat si nämlech seet, schéngt onverbindlech ze sinn. An genau dës Onverbindlechkeet ass souwuel eng politesch ewéi och eng rhetoresch Strategie.

An der ganzer Ried bei der Bundespressekonferenz ass gutt ze gesinn, wéi si dës Onverbindlechkeet riedneresch artikuléiert. Fir d'éischt emol falen do déi sëlleche Fëllwierder op, déi d'Angela Merkel gäre benotzt, Wierder déi een eigentlech am Saz net brauch an nëmme gebraucht fir de Saz ebe vläicht e bësse méi laang ze maachen - Wierder am Däitsche wei: "vielleicht, doch, schon" oder d'Kombinatioun vun esou Wierder. Dat si Wierder, déi d'Ausso vum Saz duerch hir Fëllfunktioun eigentlech mi schwaach maachen, entkräften.

Wenn ich vielleicht im 25. Jahr der deutschen Einheit noch an ein sehr schönes Beispiel erinnern darf: Die deutsche Einheit haben wir auch nicht mit normaler Arbeit gelöst, sondern wir sind viele neue Wege gegangen, ob das die Verkehrswegebeschleunigungsgesetze waren oder die Abordnung von vielen ehrenamtlichen Helfern in die neuen Bundesländer.

An dësem Zitat ass et intressant ze gesinn, datt si dat Wuert "vielleicht" benotzt. D'Angela Merkel huet virdrun an där Ried gesot, dass si beweise wëll, datt d'Bundesregierung flexibel ass. "Wenn ich vielleicht noch erinnern darf" - dat ass eng ëmständlech Ausdrocksweis. Si hätt och kenne soen: "Ich erinnere euch auch daran". Firwat d'Wuert "Vielleicht"? Majo, well et net sou verbindlech ass.

An deem Beispill gesi mer och nach eng aner Eegenaart vum Merkel: Si benotzt gären Substantivéierungen. Et ass net: "normale Arbeit", mee "Norm-Arbeit". Si seet net: "Viele Helfer wurden abgeordnet", si seet: "die Abordnung von vielen Helfern". Verben ginn et am Merkel-Sprech wéineg. Dat mierkt een och gutt a folgendem Zitat:

Wir stehen hierbei in einer sehr intensiven Kooperation mit den Ländern; denn es gibt bei der Unterbringung und gerade bei der Schaffung der Erstaufnahmeeinrichtungen natürlich viele praktische Probleme zu bedenken. Es gibt inzwischen eine sehr gut funktionierende Zusammenarbeit mit der BImA.

"Kooperation, Unterbringung, Schaffung, Zusammenarbeit". All dës Wierder kéint een a Verbe verwandelen. Duerch Verbalkonstruktione géif een des Sätz besser verstoen a si wiere méi no un der geschwater Sprooch. Schafft een awer mat vill Substantiven, gëtt d'Sprooch bürokratesch, dréchen an distanzéiert, onperséinlech. An dofir och indirekt: manner verbindlech.

Am Passiv schwätzen

Weider Méiglechkeeten, sproochlech Onverbindlecht hierzestellen ass: Am Passiv schwätzen, oder dat Wuert "man" benotzen. Béides mécht d'Angela Merkel ganz dacks. Mee nieft dem Wuert "man" benotzt si nach ee Wuert ganz ganz oft, nämlech d'Wuert "wir". Et ass jo och am berühmte Saz "Wir schaffen das" dran.

Kucke mer eis de Passage emol un, wou dëse Saz virkënnt. D'Angela Merkel fänkt de Passage un mat "Ich sage ganz einfach: Deutschland ist ein starkes Land". Do kéint ee sech froen: Firwat seet si et net einfach direkt amplaz ze soen, dat si Wëlles huet et ze soen ("Ich sage ganz einfach") . Och erëm: zimmlech ëmständlech Sprooch.

Ich sage ganz einfach: Deutschland ist ein starkes Land. Das Motiv, mit dem wir an diese Dinge herangehen, muss sein: Wir haben so vieles geschafft - wir schaffen das! Wir schaffen das, und dort, wo uns etwas im Wege steht, muss es überwunden werden, muss daran gearbeitet werden. Der Bund wird alles in seiner Macht Stehende tun - zusammen mit den Ländern, zusammen mit den Kommunen -, um genau das durchzusetzen.

"Wir müssen an diese Dinge herangehen, wir schaffen das". Ween ass dat "Wir" dann iwwerhaapt? U wien ass et geriicht? Beim Obama sengem "Yes we can", ass et offensichtlech, datt hien all Amerikaner mengt: "We, the people!". D'Bundeskanzlerin Angela Merkel mengt mat "wir" awer offensichtlech net d'Vollek, mee d'Bundesregierung, also sech selwer. Duerch dëst "wir" kënnt net Gemeinsamkeet op, gëtt net gewisen "Ech sinn sou wei dir, léift Vollek" - mee et gëtt grad de Contraire gewisen. E grousse Krater bilt sech tëscht der Bundesregierung an dem Vollek - "Us and them, Wir und ihr".

"Wir" ka verschidde Bedeitungen hunn

Mee ass et wierklech sou einfach? An der nächster Passage, wou si och "wir" seet, ass et dann op emol net méi sou offensichtlech, wien si mat "wir" mengt.

Wir stehen vor einer großen nationalen Aufgabe; die geht jeden an. Und dies wird eine zentrale Herausforderung sein, nicht nur für Tage oder Monate, sondern, soweit man das absehen kann, für eine längere Zeit. Deshalb ist es wichtig, dass wir sagen: Deutsche Gründlichkeit ist super, aber es wird jetzt deutsche Flexibilität gebraucht. Es gibt eine Vielzahl von Beispielen dafür, dass wir gezeigt haben, dass wir dazu in der Lage sind.

Spéider an der Ried schwätzt si vun de ville Fräiwëllegen aus dem Vollek, déi esou flexibel waren a Flüchtlingen opgeholl hunn. Also ass dat "wir" hei - "Wir sind dazu in der Lage" - jo da vläicht dach och op d'Vollek bezunn? Et ass net ganz kloer, et kann sou oder sou sinn. An dat ass typesch Merkelsprooch. Et ass ambivalent. An esou eng Ambivalenz ass vläicht rhetoresch net gutt, mee politesch jo awer dach héich intelligent.

"Perspicuitas" net respektéiert

D'Angela Merkel hält sech ëmmer eng Dier op. Rhetoresch ass dat awer schlecht, well et géint eng rhetoresch Kardinaldugend verstéisst. D'Dugend vun der "Perspicuitas", wat iwwersat heescht: Däitlechkeet oder Transparenz. An trotzdem: Et ass typesch fir d'Merkel, esou ondäitlech an onverbindlech ze schwätzen. A well et typesch ass, ass et dann erëm nees rhetoresch gutt. Et passt zur Mark Merkel, et erkennt een d'Angela Merkel un hirer Sprooch erem. Genau sou wéi un hirem Geste - den Dräieck mat den zwee Hänn - deen zu hir passt, hiert Markenzeechen ass. Genau sou ass och hir bürokratesch ëmständlech an kill Sprooch en Markenzeechen.

Wann d'Merkel géif ufänke mat groussem Pathos ze schwätzen, da wier si einfach net méi credibel, well mir wëssen, datt dat eigentlech net hir Aart ass. Och wann si vun emotionale Saache schwätzt an do och emotional Wierder wéi "tragisch" an "unfassbar" benotzt, klengt d'Angela Merkel ni emotional.

Eng strategesch uegluechte Sprooch

Meine Damen und Herren, was sich zurzeit in Europa abspielt, das ist keine Naturkatastrophe, aber es gibt eine Vielzahl katastrophaler Situationen. Es spielen sich unendlich viele Tragödien ab und es gibt auch unfassbares Gräuel, wie vor einigen Tagen in Österreich, als in einem Lkw über 70 Menschen tot gefunden wurden, von skrupellosen Schleppern zugrunde gerichtet. Das sind Gräueltaten, die man gar nicht fassen kann und bei denen man einfach sagen muss: Das sind Bilder, die unsere Vorstellungskraft übersteigen. Das geschieht alles, während wir hier in sehr geordneten Verhältnissen leben.

Jo, d'Merkel klengt hei net emotional, si benotzt do och vill "man" fir sech vun der Saach ze distanzéieren. An dach muss een do och gesinn, datt an där Passage eng emotional Perspektivéierung stattfënnt. Et ass vun den Flüchtlinge Rieds, déi vun "skrupellosen Schlepper zugrunde gerichtet" gin. An et ass dovunner Rieds, datt "wir hier in sehr geordneten Verhältnissen leben." Si schwätzt keng Sekonn vun den Ängschten déi déi däitsch Bevëlkerung géintiwwer dëser Flüchtlingskris huet.

Also, als Fazit: D'Angela Merkel ass vläicht keng gutt Riednerin, well si Saachen net op de Punkt bréngt an eng ëmständlech, distanzéiert an onverbindlech Sprooch benotzt. An dach: Strategie ass do trotzdem dohannert, hir Sprooch ass strategesch ugeluecht.