Radioen

On air

De Moien  |  Björk & Rosalia - Oral

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschen an Nout mam Helikopter retten

Sot Emol

Mënschen an Nout mam Helikopter retten

De René Closter rett zanter Joerzéngte Mënscheliewen, andeems hien dohinner flitt wou grad een Desaster geschitt ass. Fir de professionelle Pompjee a Fondateur vun der Luxembourg Air Rescue huet alles 1988 ugefaangen, aus enger gewësser Frustratioun eraus.

auto_stories

2 min

Als Beruffspompjee huet de geléierten Elektro-Techniker nämlech an den 80er Jore materlieft, wéi schwéier et war, en auslänneschen Helikopter erbäi ze kréien, fir e Patient an akuter Nout an eng Klinik an d'Ausland ze fléien.

Mat e puer Kolleegen huet hie sech 1988 zesummegedoen a reagéiert. En éischten Deal gouf deemools mat der däitscher Rettungsflugwacht ofgeschloss.

Loyalitéit géigeniwwer der Iddi

1991 gouf den Helikopter vun der Air Rescue an de Lëtzebuerger Samu integréiert. Haut fléien d'McDonnell-Douglas eng 1.200 bis 1.300 Asätz d'Joer, bei déi nach emol eng 1.000 Missiounen an der däitscher Grenzregioun derbäi.

Enn Abrëll hat de René Closter da säi leschte Schaffdag:

"Ech hu fir déi Firma hei gelieft. Dat war mäin Een an Alles. Ech hunn och alles ginn dofir. Ech konnt dat awer och nëmme maachen, well ech déi immens Chance hat, déi richteg Leit ze begéinen. Déi Leit, déi grad sou enthusiastesch waren, grad sou engagéiert waren a grad sou loyal waren der Iddi géigeniwwer wéi ech."

Iwwer d'Joerzéngte goufen humanitär Aktiounen an Albanien, Iran a Pakistan geflunn. Mëttlerweil zielt d'Air Rescue 180.000 Member. Um Findel sti 7 Helikopter a 6 Ambulanz-Fliger. 2016 gouf grad dee Service als "Best Air Ambulance provider" vum Joer weltwäit ausgezeechent.

D'Mënscheliewen, déi zanter 1989 gerett konnte ginn, sinn haut net méi ze zielen:

"Wann der enger Mamm musst soen, de Puppelchen ass gestuerwen, wann der engem Mënsch musst soen, däin oder deng Partnerin ass dout, well net séier genuch Hëllef koum, dat war mäin Usporn. Ech ginn haut nach schwäiwëll, wann ech héieren, datt iergendwou hei am Land engem net ka gehollef ginn, well et u Moyene feelt, de Wëlle feelt, oder iergendeng Ursaach, da revoltéiert dat mech nach wéi den éischten Dag."

De René Closter wäert trotz Pensioun net ganz lassloossen: "Ech bleiwen awer dobäi a bleiwe bei mengem Kand, wann ech esou dierf soen, dobäi als President."