Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meng Landwirtschaft fuerdert méi Subsidë fir nohalteg Mesuren

Natur an Ëmwelt

Meng Landwirtschaft fuerdert méi Subsidë fir nohalteg Mesuren

D'Gemeinsam Agrarpolitik vun der EU soll zukünfteg besser un déi europäesch "Green Deals" ugepasst sinn. Fir datt och Lëtzebuerg des Ziler net verfeelt si viru kuerzem Recommandatiounen un déi Lëtzebuerger Landwirtschaft aus Bréissel komm.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Deemno géif déi Lëtzebuerger Landwirtschaft sech ze vill op d'Produktioun vu Mëllech a Véi konzentréieren. Dat hätt Konsequenze fir d'Lëtzebuerger Gewässer an d'CO2 Wäerter déi ausgestouss ginn. E Constat deen d'Organisatioun "Meng Landwirtschaft" scho méi laang gemaach huet. D'Plattform, déi en Zesummeschloss aus ënnerschiddlechen Ëmweltorganisatiounen ass, kritiséiert d'Reaktioune vun de landwirtschaftleche Gewerkschaften. Hei ass d'Kritik vun der EU op kritesch Ouere gefall. Fir déi konventionell Landwirtschaft ass Lëtzebuerg eben e Grénglandstandort an dëst kéint een am beschte mat Véi verwäerten.

Iwwer 75 Prozent vum Akommes aus der Landwirtschaft kënnt aus der Mëllechproduktioun. D'Fleeschproduktioun mécht ongeféier 10 Prozent aus. Vum Verkaf vun de Produite verdéngen d'Baueren awer net enorm vill. De gréissten Deel vun hirem Revenu kréien si a Form vu Subsiden. Am Schnëtt sinn dëst 60.000 Euro pro Betrib. Dës landen awer net am Bauer senger Täsch, mee gi meeschtens direkt nees investéiert.

Meng Landwirtschaft fuerdert eng Ëmschichtung vun Investitiounen

De Raymond Aendekerk ass Spriecher fir "Meng Landwirtschaft". Hie betount, datt hien net géint Subsid ass a schwätzt sech och kloer fir de Lëtzebuerger Grénglandstanduert aus. Hie kann d'Reaktioun vun de Gewerkschaften och verstoen.

"Déi Betriber hänken u groussen Investitiounen, do kann een net vun Haut op Muer soen: 'Lo maachen ech eng aner Produktioun.' Et geet eis och ëm d'Akommes vun de Baueren."

Senger Meenung no missten d'Subsiden ëmgeschicht gi fir wierklech Verännerungen an der Landwirtschaft ervir ze bréngen.

D'Fuerderunge vun der Plattform "Meng Landwirtschaft" konzentréiere sech virun allem op d'Propos vun der flächegebonnener Landwirtschaft. An dësem Modell ass d'Unzuel vun Déieren, déi e Bauer hale kann un d'Fläch gebonnen déi en huet. Et sollen net méi Déiere gehale ginn, wéi ee mat sengen eegene Fläche kann ernären. Eréischt da géif de Kreeslaf funktionéieren, Raymond Aendekerk.

"Datt mir sou mann wéi méiglech Importer an d'Landwirtschaft era bréngen. Hautdesdaags ass de Sojaschrot e Problem, dee mer fir d'Mëllechproduktioun importéieren. Pro Hektar a pro Kou hu mer méi Leeschtung, d'Mëllech gëtt exportéiert an am Land bléift d'Mëscht, wou punktuell Problemer entstinn."

Déi leeschtungsgedriwwe Landwirtschaft reduzéieren

Doduercher hätten d'Biedem zu Lëtzebuerg héisch Ammoniak-Wäerter. Et hätt een héisch Nitrat-Wäerter an de Gewässer an et géife vill klimaschiedlech Gaser ausgestouss ginn. Fir de Raymond Aendekerk, muss dës leeschtungsgedriwwe Landwirtschaft reduzéiert ginn.

Mee wéi kann e Bauer dann nach wirtschaftlech sinn, wann e sech net un der Steigerung vu Leeschtung orientéiert?

"Mir mussen den Drock erofhuelen, a mussen déi Leeschtung, déi d'Bauere jo och zu Recht gären an d'Fënster stëllen, datt se Landschaftsschutz maachen a sou weider, dat soll Deel vun hirem Akommes si fir déi Aarbecht déi se do maachen."

Wann de Raymond Aendekerk seet, datt d'Subsiden ëmgeschicht solle ginn, da mengt hien domat, datt d'Baueren net pro Hektar gehollef solle kréien, mee fir ëmweltschounend Moossnamen. Datt an der neier EU Agrarpolitik 20 Prozent vun de Subsiden un Ëmweltkonditioune geknäppt ginn, nennt hien e Fiasko.

Et sollt een éischter Iwwerleeën d'Primmen op d'Aarbechtskraaft an den Ëmweltschutz ëmzeleeën. Dann hätten d'Baueren d'Geleeënheet fir net aus Drock eraus ze investéieren. Si kéinten da vill méi aus fräie Stécker entscheede mat hirem Grondakommes hir Déiere buedemgebonnen a méi aartgerecht ze halen an e puer Randsträife mat Biodiversitéit maachen.