Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Quiet Horror

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Medikamentesucht: "Et ka jiddwereen treffen"

Drogen a Mënschen

Medikamentesucht: "Et ka jiddwereen treffen"

Medikamenter kënne bei enger richteger Uwendung Krankheeten zouverlässeg heelen oder ofschwächen. Si kënnen awer och zum Problem ginn. Dann nämlech, wa Medikamenter ouni Ordonnance, ze laang oder an enger ze héijer Dosis ageholl ginn - an d'Konsumenten dovun ofhängeg ginn. Wéi geréit een an eng Medikamentesucht?

auto_stories

8 min

En Accident soll der Yuri hiren Ex-Partner aus der Bunn geheit hunn. Esou op d'mannst krut déi jonk Fra erkläert, wisou hien, och no Joren, ëmmer nach huet misse staark Péngmëttel huelen. D'Yuri, déi eigentlech anescht heescht, huet him gegleeft. Wisou och sollt hire Partner Medikamenter huelen, déi hien net brauch an déi hie jo, wéi hie gesot huet, verschriwwe kritt. Wat d'Yuri zu deem Ament net wousst war, datt hiren deemolege Partner vun dëse Medikamenter ofhängeg war.

"Dat war mir am Ufank guer net kloer. Ech hu mech och ganz éierlech gesot guer net auskannt. Ech hu geduecht, wann hie wéi huet, muss hien ebe Péngmëttel huelen. Ech hu selwer ni vill Péngmëttel geholl, mol wann ech Kappwéi hat oder ganz schlëmm Bauchwéi."

"Et ka ganz séier goen"

"Meeschtens rutscht een iergendwéi an esou eng Sucht era," seet dozou d'Danielle Becker-Bauer. Der Vize-Presidentin vum SPL, dem Syndicat des Pharmaciens Luxembourg no kéint dat duerch verschidde Situatiounen am Liewe kommen.

"Et ka sinn, datt een e längere Spidolsopenthalt hat, datt een do net konnt schlofen, an een da Schlofmëttel verschriwwe kritt huet. Et ass jo och bequem, wann ech eng Pëll kann huelen a mäi Schlof duerno méiglechst reposant ass, anstatt datt ech nuechtelaang d'Scheewecher zielen. Et ka ganz vill Ursaachen hunn. Et kann och sinn, datt een e Schmerzpatient ass, datt ee chronesch wéi huet, datt een ëmmer méi héich Dose vu verschidde Medikamenter brauch, fir géint säi Wéi unzekämpfen. Da geet et ganz séier, bis een an enger Onofhängegkeetssituatioun ass."

Ufälleg fir eng Medikamentesucht ka jiddweree sinn. Et géif keng typesch Zilgrupp ginn. Esou eng Ofhängegkeet ka sech duerch déi ganz Gesellschaft zéien, seet d'Apdiktesch vu Beetebuerg. Dozou géifen esouwuel Manager an héije Positioune gehéieren, déi zum Beispill ënner engem héijen Drock stinn.

"De Wee zu engem Antidepresseur ka vill méi kuerz ginn, wéi dat nach virun enger gewësser Zäit war. Et ass net eng Sozialschicht, déi besonnesch betraff ass, et geet queesch duerch sämtlech sozial Schichten, et si Männer, et si Fraen, et sinn eeler Leit, et sinn och ganz vill jonk Leit, bei deenen Existenzängscht zu Suchtproblematike kënne féieren. Genee esou wéi de Wee zu engem Glas Wäin oder méi engem staarken Alkohol, wann ee vill Problemer huet, dat ka vill méi liicht sinn. Och do ass ee séier an enger Ofhängegkeet."

Méi Antidepressiva a Covid-Zäite verschriwwen

Besonnesch elo a Covid-Zäiten, esou d'Danielle Becker-Bauer, géif ee feststellen, datt vill méi Antidepressiva verschriwwen a kaf géife ginn. Et gëtt geschat, datt ongeféier 2.000 Persounen zu Lëtzebuerg eng schwéier Toxikomanie hunn. D'Donkelziffer wier awer héchstwarscheinlech méi héich, seet d'Ute Heinz. Genee Zuelen, wéi vill Leit dovu Medikamentenofhängeg sinn, ginn et net, esou nach d'Direktesch vum Therapiezenter Syrdall Schlass op Nofro hin.

Dacks wier et och esou, datt d'Leit net nëmme vun enger Drog ofhängeg sinn, mee polytoxikoman sinn, dat heescht, vu méi Droge gläichzäiteg ofhängeg sinn. An dozou gehéieren och Medikamenter.

Si kënne bei falscher Uwendung séier zur Sucht féieren: Déi sougenannt BenzodiazepinnenDacks wier et de Leit guer net esou bewosst, datt si eng Medikamentesucht entwéckelt hunn, well, anescht wéi bei illegalen Drogen, géife si jo näischt falsch maachen, seet d'Danielle Becker-Bauer. Ass ee krank oder huet ee wéi, schwätzt jo am Prinzip och näischt géint eng kuerzzäiteg Behandlung mat Medikamenter, wann dës ënner medezinescher Opsicht ass, esou nach d'Apdiktesch.

"Et ass sécher och e Gesellschaftsphenomeen, datt ee mengt, elo huelen ech haut eng Pëll, an dann ass mäi Problem direkt geléist. De Kierper an de Geescht brauchen Zäit fir gesond ze ginn a sech ze erhuelen. Ze mengen, wann een eng Pëll hëlt an dann ass mäi Problem geléist. Esou einfach geet dat net."

D'Medikamenter géint d'Péng waren net déi eenzeg, déi der Yuri hiren Ex-Partner Dag fir Dag consomméiert huet. Dobäi koumen déi sougenannt Benzos, also Benzodiazepinen, déi zum Beispill bei der Behandlung vun Angscht- oder Schlofstéierungen agesat ginn, esou wéi och als Berouegungsmëttel. Valium zum Beispill gehéiert och zu dëse Psychopharmaka.

Kierperlech Symptomer vun enger Sucht

Dat Schlëmmst fir d'Yuri war ënner anerem och dat permanent ugelu ginn. Si hätt hire fréiere Partner ni gesi Medikamenter huelen, hien hätt dat ëmmer am Geheime gemaach.

"Ech hunn et effektiv gemierkt, duerch verschidde kierperlech Symptomer. Am Alldag huet hien immens vill geschweesst. Hie sot mir ëmmer, dat kéim duerch d'Schilddrüs. Nee, dat koum doduerch, datt hien extreem vill Péngmëttel geholl huet. Dat waren einfach kierperlech Symptomer, wou ech gemierkt hunn, datt eppes net stëmmt. Virun allem wéinst dem extreeme Schweessen, awer och wéinst anere Capacitéiten, déi hien net méi hat."

Déi jonk Fra hätt déi gemeinsam Wunneng no Medikamenter duerchsicht. E Verhalen, dat, wéi si selwer seet, net typesch fir si wier. Iergendwann hätt hiren Ex-Partner zouginn, ze vill Medikamenter ze huelen. Ob d'Fro, wou hien dann iwwerhaapt un all déi Schlof-, Berouegungs- a Péngmëttele géif kommen, krut d'Yuri dës Äntwert:

"Hie sot mir, datt hie bei verschidden Doktere geet an hinnen erzielt, wéi wéi hien hätt. Hie wousst ganz genee, wat hien deenen Doktere misst soen, fir déi Mëttele verschriwwen ze kréien. Dat selwecht, wéi hie bei Psychiatere genee wousst, wat hie misst soen, fir Berouegungsmëttelen oder méi staark Saachen ze kréien. Dat ass d'Verhale vun engem Ofhängegen, deen alles mécht fir dorunner ze kommen."

Verschidden Ordonnancen vu verschidden Dokteren fir dat nämmlecht Medikament: dat wier eppes, dat och den Apdikter vun der Pharmacie du Trèfle zu Beetebuerg opfält. Bei Opfällegkeete géif ee versichen, d'Leit drop opmierksam ze maachen, seet de Frédéric Barth, deen zu Beetebuerg an der Pharmacie du Trèfle schafft. Mee et hätt een awer och eng Flicht, de Leit hiert Medikament ze ginn.

"In der Theorie, wenn ein Patient zu uns kommt und uns ein Rezept von einem Arzt vorlegt, darf ich ihm das ja auch nicht verweigern, es ist ja sein Medikament."

Kee geneeën Abléck an d'Consommatioun

Et wier och u sech onméiglech genee ze wëssen, wat déi eenzel Leit an den ënnerschiddlechen Apdikte kafen, seet dozou d'Danielle Becker-Bauer. Wann een an Zukunft digital vernetzt wier, zum Beispill iwwer den elektronesche Patientendossier, géif ee méi e geneeën Iwwerbléck kréien, wat d'Leit géife consomméieren.

"Mir hunn just en Abléck an dat, wat d'Leit consomméieren, wat si och bei eis an der Apdikt kaf hunn. Dat gesi mir dann am Historique vum Patient. Mir musse jo och op d'Reegele vun der Délivrance vis-à-vis vun der CNS oppassen. Do hu mir e ganz gudde Mechanismus fir do anzegräifen, wann et eng Surconsommatioun ass. Wa mir natierlech eng Kéier digital vernetzt sinn, kréie mir eng vill besser Kontroll iwwer d'Surconsommatioun vu verschiddene Medikamenter."

An da kéint ee méi genee agräifen, uschwätzen an hëllefen, esou nach Vize-Presidentin vum Lëtzebuerger Syndicat des Pharmaciens. Engem Patient, dee vu Medikamenter ofhängeg ass, eng Schold ze ginn, wier awer déi falsch Method, fir dëser Persoun ze hëllefen. Dacks géife sech d'Patienten, déi an enger Sucht sinn, och schummen.

Der Yuri war et wichteg, hir Geschicht ze erzielen. Si wëll awer anonym bleiwen.

D'Yuri huet eegenen Aussoen no jorelaang probéiert hirem deemolege Frënd ze hëllefen. Déi jonk Fra hätt Adressen erausgesicht, wou ee kéint professionell Hëllef fannen a vill mat hirem fréiere Partner geschwat. Obwuel si ënnerlech wousst, dat hien ofhängeg vu Medikamenter wier, huet si dat ënnerdréckt an et sech selwer schéi geriet.

"Ech hunn och versicht extreem gedëlleg ze bleiwen, mee iergendwann hunn ech och bei mir gemierkt, datt ech extreem ënner där Situatioun leiden, an datt ech bei him einfach näischt kéint änneren, bis hien dat selwer agesinn huet. Hien huet et bis zum Schluss net agesinn. Do hunn ech ebe missen d'Decisioun treffen, hien ze verloossen."

En Entzuch ass dacks onbequem an net liicht. Kappwéi, Schlofstéierungen, Iwwelzegkeet, Schweessausbréch oder Onrou kënnen Entzuchssymptomer sinn. Fir Réckfäll ze vermeiden, sollt een oppassen, datt méiglech wéineg Symptomer optrieden. Dat kann zum Beispill verréngert ginn, an deem een d'Medikamenter net op ee Coup ofsetzt, mee d'Doséierung lues a lues erofsetzt. Eng Sucht géif sech och meeschtens aus enger psychologescher an aus enger kierperlecher Ofhängegkeet zesummesetzen. Unhand vun dësem Profil, esou den Apdikter Frédéric Barth, géif et ofhänken, wéi een en Entzuch gestalte kann.

"Et ginn nach aner Leit, déi dee Problem hunn"

Si hätt laang net iwwer d'Medikamentenofhängegkeet vun hirem fréiere Partner geschwat, seet d'Yuri. Emol net mat hire beschte Frënn. Mee haut ass dat anescht, haut huet déi jonk Fra sech decidéiert, hir Geschicht ëffentlech ze maachen.

"Ech hätt deen Ament gären eng Reportage héieren, wou een an der Roll vum Partner oder vun der Partnerin doriwwer geschwat hätt, an ech dat hätt kéinten héieren a mir hätt kéinte soen: 'Ok vläicht spannen ech net, vläicht ass et esou.' A virun allem: 'Et ginn nach aner Leit, déi dee Problem hunn.'"

Deen Ament hätt si sech eventuell net esou eleng gefillt a genee dofir war et hir wichteg, hir Geschicht haut ze erzielen.