Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter Of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat der Krankheet liewen

Ausbroch

Mat der Krankheet liewen

Enn Juni 1940 war jiddwerengem kloer, datt Däitschland de Krich gewonnen hat. Et hat Frankräich an enger Rekordzäit geschloen an d'Britten op hir Insel zeréckgeschéckt. Den Nazi-Virus war also do fir ze bleiwen. D'Europäer hate keen anere Choix wéi domat ze liewen. D'Prioritéit war elo de Schued ze iwwerliewen, deen déi éischt, brutal Well verursaacht hat, sech op méiglech Nieweneffekter virzebereeden, Antikierperen ze bilden. D'Organismen ze regeneréieren.

auto_stories

6 min

Enn Juni 1940 war jiddwerengem kloer, datt Däitschland de Krich gewonnen hat. Et hat Frankräich an enger Rekordzäit geschloen an d'Britten op hir Insel zeréckgeschéckt. Déi haten zwar zu Dunkerque de gréissten Deel vun hire Männer gerett, dofir awer e gewaltegen Arsenal an den Düne leie gelooss. Mat der Sowjetunioun war Nazidäitschland duerch e Pakt gebonnen. Déi zwou totalitär Muechten hate sech Osteuropa opgedeelt. Eng Interventioun vun de Vereenegte Staate war deen Ament auszeschléissen, well d'Amerikaner majoritär dogéint waren.

Den Nazi-Virus war also do fir ze bleiwen. D'Europäer hate keen anere Choix wéi domat ze liewen. D'Prioritéit war elo de Schued ze iwwerliewen, deen déi éischt, brutal Well verursaacht hat, sech op méiglech Nieweneffekter virzebereeden, Antikierperen ze bilden. D'Organismen ze regeneréieren.

Rezessioun

Wéi déi aner hu sech d'Lëtzebuerger onroueg gefrot, wat d'Zukunft géif bréngen. Hiert Land hat sech virum Ausbroch vun der Katastroph grad vun enger Kris erholl. Elo war nees alles vreckt. Vill Betriber haten aacht Woche laang zougemaach. D'Stolproduktioun war komplett agestallt ginn, an eng Reprise war just progressiv virstellbar. De Krich hat de Marché destabiliséiert, d'Kuelen hu gefeelt, verschidde Sitte ware beschiedegt an d'Hallschent vun de Beschäftegten nach a Frankräich.

Eng nei Rezessioun war ze erwaarden. Dausende waren um Punkt hir Aarbecht ze verléieren. A wie géif si entschiedegen? Wie géif och d'Rekonstruktioun finanzéieren? De Staat war schlecht drun a seng Keese schonn eidel. E konnt just just nach mat engem gerénge Steiererléis rechnen a war scho wochelaang fir den Openthalt am Éislek vun engem Sechstel vun der Bevëlkerung opkomm.

Un éischter Plaz huet sech awer d'Fro nom Ravitaillement gestallt. Engersäits waren, zanter ufanks Mee, d'Importer komplett ausgefall. Anerersäits waren Dausende vun däitschen Zaldoten duerch Lëtzebuerg marschéiert an hate vun der Geleeënheet profitéiert fir Wueren ze kafen, déi zanter Jore bei hinne knapp waren: Kaffi, Botter, Fleesch. Bezuelt hate si mat enger Wärung, déi géintiwwer dem Lëtzebuerger Frang och nach skandaléis iwwerbewäert war. Sollten d'Lëtzebuerger sech, wéi am Éischte Weltkrich, op Enkpäss, Inflatioun a Schwaarzmaart gefaasst maachen?

Alles war esou schrecklech onsécher. Déi eenzeg Gewëssheet war, datt déi total Victoire vum Drëtte Räich d'Welt vu gëschter ewechgekiert hat. Liberalismus, Parlamentarismus a Kapitalismus - Judaismus hu verschiddener bäigefüügt - haten déi westeuropäesch Staate verduerwen a ware mat hinnen ënnergaangen. Den Nationalsozialismus hat seng Iwwerleeënheet eklatant bewisen. Et war néideg vun him ze léieren, en Deel vum Erreeger ze absorbéieren, fir d'Krankheet ofzewieren.

Esouguer Frankräich, zanter 1789 den Epizentrum vun der demokratescher Zersetzung um Kontinent, hat dat bekäppt. Den 10. Juli 1940 huet d'Assemblée nationale dem Maréchal Pétain, mat enger iwwerwältegender Majoritéit, konstituant Vollmuechte gi souwéi den Optrag, d'Land op neie Fëllementer opzebauen: "Travail, Famille, Patrie" amplaz vu "Liberté, Egalité, Fraternité".

En neie Geescht

War d'Krankheet iwwerhaapt esou schlëmm? Sécher, d'Suitte vun der Epidemie waren terribel, haten déi awer net éischter domat ze dinn, datt déi liberal Demokratien onvirbereet waren, mat hiren inherente Feeler? D'Invasioun selwer war ganz séier gaangen an d'Zuel vun den Affer relativ kleng. Déi däitsch Zaldote ware weder d'Monstere virun deenen déi alliéiert Propaganda méintlaang gewarnt hat, nach dem Premierminister Dupong seng "barbares de l'Est". Am Géigendeel, hir Anstännegkeet an hir Héiflechkeet hunn d'Lëtzebuerger getäuscht, war an engem vun den éischte Rapporten ze liesen, déi d'Exilregierung krut:

"La propagande 'murmurée' qu'en fin de compte il fallait vivre, qu'on ne [pouvait] pas, même après la [Première] [G]uerre [mondiale], perdue par l'Allemagne, supprimer le colosse à nos côtés, que 75 années de Zollverein n'avaient pas aboli notre indépendance, que la France dorénavant n'existerait plus comme équivalent de l'Allemagne pour nous servir de contrepartie, et d'autres slogans semblables avaient fait leur œuvre, surtout parmi les fonctionnaires et les ouvriers rentrés de France, exaspérés du traitement qu'on leur avait infligé."

D'Gesellschaft war amgaang sech der Nidderlag unzepassen. Déi franséisch Sprooch ass lues a lues aus der Ëffentlechkeet verschwonnen. Ufanks Juni hat Lëtzebuergesch Franséisch als Kommandosprooch an der Fräiwëllegekompanie ersat; vu Mëtt Juli u gouf viru Geriicht Däitsch an net méi Franséisch geschwat. D'Annoncë goufen an der Press och net méi op Franséisch, mee op Lëtzebuergesch verëffentlecht.

Verschidden Zeitunge waren nämlech trotz der Invasioun weiderhin erauskomm, un éischter Plaz déi Meeschtgeliesten, d'Luxemburger Wort. Hir Lieser huet si derzou ermontert an dëser schwéierer Prüfung d'Opportunitéit ze erkenne vergaange Sënnen ze eliminéieren. An der Ausgab vum 13. Juli koum zum Beispill den Artikel "Schleichende Vergiftung" zu folgender Conclusioun:

"Ein neuer Geist muss eine neue Haltung bewirken. Ein Geist der Redlichkeit und der Ehrlichkeit, der seinen höchsten und letzten Lebenszweck nicht im hemmungslosen Gewinn erblickt, aber im bescheidenen Sicheinordnen in das Volksganze, in dem jedem, nur sein gerechter Anteil beschieden ist. Ein sauberes Standesbewusstsein wird der unmittelbare Ausdruck dieser neuen Haltung sein."

D'Grande-Duchesse heembréngen

Eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger war warscheinlech bereet den dekadenten an egoistesche liberale System opzeginn - besonnesch wann dat de Präis war fir hir Onofhängegkeet ze halen. Si ware bereet hire Staat am Sënn vun der neier däitscher Uerdnung ze reforméieren. Fir d'éischt war et awer néideg en ze stabiliséieren.

D'Verwaltungskommissioun hat et fäerdegbruecht bruecht, nom initialen d'Zesummebroch, d'Institutiounen prekär oprecht ze erhalen. Si war awer elo mat zwou Schwieregkeete konfrontéiert, déi dat Erreechte menacéiert hunn. Däitschland huet Lëtzebuerg wéi e Feind betruecht an d'Lëtzebuerger wéi Däitscher. Dat waren exzellent Grënn fir dat klengt, besate Land ze annektéieren. Déi zweet Schwieregkeet war, datt keng politesch Léisung liewensfäeg war ouni groussherzoglech Validatioun.

Dowéinst war et vital déi Däitsch dovunner ze iwwerzeegen datt d'Grande-Duchesse d'Land géint hire Wëllen verlooss hat, an d'Herrscherin derzou ze kréien erëm Heem ze kommen. Duerch amerikanesch Diplomaten, un éischter Stell dem George Platt-Waller, Chargé d'affaires am Grand-Duché, hunn déi Lëtzebuerger Autoritéiten diskret versicht erëm a Kontakt mat de Exiléierten zu Lissabon ze kommen.

Ufanks Juli huet den Emile Reuter hinnen en Telegramm geschriwwen, an deem hien d'Grande-Duchessse gebieden huet heem ze kommen an d'Ministeren ze demissionéieren. De 25. Juli huet den Albert Wehrer der Grande-Duchesse e Rapport geschéckt, an deem hien d'Evenementer vun de leschte Méint aus senger Perspektiv beschriwwen huet. Hien huet och ënnerstrach, datt souwuel déi däitsch Militärverwaltung, wéi och d'Lëtzebuerger Bevëlkerung, d'Attitüd vun der Grande-Duchesse vun där vun hire Ministere géifen ënnerscheeden a sech immens op hire Retour géife freeën.

Parallel zu deenen Demarchen huet d'Verwaltungskommissioun och versicht en Dialog mat Berlin opzebauen. Un de Reichsaussenminister Joachim von Ribbentropp gouf e Bréif adresséiert, deem säin Inhalt vun der Chamber validéiert gi war, an dee vu sämtlechen Deputéierten a Membere vun der Verwaltungskommissioun ënnerschriwwe gouf. D'Lëtzebuerger hu gefrot, ob si eng Delegatioun op Lissabon kéinte schécken, fir d'Grande-Duchesse ze iwwerzeegen erëm zeréckzekommen. Eng Äntwert krute si ni.

Eng zweet Well?

Vill Lëtzebuerger hunn déi Politik ënnerstëtzt. Vun enger Unanimitéit kann een awer net schwätzen. Verschidden Aktivisten hunn e radikale Broch mat der aler Uerdnung verlaangt. Mëtt Juli si folgend Autocollanten opgetaucht:

"1. Im neuen Luxemburg ist für verjudete Politiker und ihre Schützlinge kein Platz mehr. 2. Schluss mit der Flüsterpropaganda der Deutschenhasser und Juden. Hinaus mit dem Anhang der Lévy, Dupong, Clement, Bodson und anderer Verräter. 3. Wir wollen nicht länger politisch und wirtschaftlich vom JUDEN und seiner Clique ausgebeutet werden. 4. Hinaus mit den Juden und ihrem Anhang! 5. Die Minister sitzen an der ausländischen Futterkrippe. Ihre Lakaien sind noch hier und setzen die jüdische Wühlarbeit fort."

De Lëtzebuerger Staat hat déi éischt Well vum Ausbroch knapp iwwerlieft. Eng zweet Well kéint en net verkraaften. Dës Kéier war de Virus schonn déif am Organismus implantéiert.