Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Maachen amplaz vu schwätzen"

SOT EMOL

"Maachen amplaz vu schwätzen"

D'Kultur ass eng vun de groussen Passioune vun der Erna Hennicot-Schoepges. Ee vun hire Prinzippie war: "Kultur soll fräi sinn, et ass net um Politiker sech a kulturell Inhalter an ze mëschen."

auto_stories

2 min

E Prinzip un deen d'Erna Hennicot-Schoepges sech ëmmer gehalen huet, och wann de Wand hir besonnesch als Kulturministerin ferm entgéint geroost huet.

"D'Kultur gëtt net eescht geholl"

Ënner Kultur versteet ee gären, esou d'Erna Hennicot-Schoepges, wou ee sech defouléiere kann oder wou een zur Rou kënnt. Mee datt Kultur richteg Aarbecht ass gëtt ganz dacks negligéiert. An dofir steet gären d'Fro am Raum, firwat een dofir soll Suen ausginn.

"Me well et fir d'Leit wichteg ass, well et fir d'Mënsche wichteg ass. Mer hunn als Mënsche Kapazitéiten déi fantastesch sinn. Mer hunn e Geescht, mer hunn Oueren fir ze lauschteren.(...) sou dass mer aus deene Kapazitéiten eppes maachen sollen. A 'Culture' dat heescht och 'cultiver', mer sollen all déi Fäegkeeten déi de Mënsch huet, déi solle mer profitéieren fir him e Sënn ze ginn a sengem Liewen. An dofir ass Kultur en elementare Bedarf fir eng ganz Gesellschaft, dat kënnt net vum selwen."

Eng Politikerin ass och e Mënsch

"Lady Rosa", de Mudam an d'Steng, d'Education précoce, d'Universitéit, alles Dossieren déi d'Erna Hennicot-Schoepges an hire verschidden Ressorten an der Responsabilitéit hat. Dossieren wou se dacks fermer Kritik ausgesat war. Mee hannert all Ministerin oder Minister gëtt och e Mënsch, dee de Drock och aushale muss.

"Ech hunn eng Schëller gehat, mäi Mann dee stoung riicht an alle Situatiounen. An dat war am Fong deen, dee mech dann erof geholl huet vum Sockel. Wann ech da ganz opgereegt war, dann huet dee gesot: Komm, komm, komm elo mol hei. Et ass näischt esou al wéi d'Zeitung vu gëschter. Elo liest de mol keng Zeitung an ech hunn a villen kriteschen Momenter net geliest wat geschriwwe ginn ass."