Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Loost Iech einfach verzauberen"

Sot emol

"Loost Iech einfach verzauberen"

Dem Jay Witlox seng Spezialitéiten als Zauberer sinn d'Close-Up-Zauberei an d'Ilusiounen - Grouss Illusiounen, déi d'Zuschauer mat op engem Rees huelen. Mee beim Close Up, do steet ee ganz no beim Spectateurs an do heescht et assuréieren.

auto_stories

2 min

Bei sengem Debut war den Jay Witlox natierlech fir de Close-Up nervös, mee mat der Zäit leet dat sech. Wat awer bleift datt de Spectateur onbedéngt wëllt erausfannen, wéi den Zauberer dat mécht, an e kuckt ganz konzentréiert op d'Fangeren, mee et geschitt awer.

"Well et op där anerer Säit geschitt, net do wou s du hikucks. Dat ass jo och eise Beruff, dat heescht mer mussen alles am A behalen. Normalerweis geschitt et net do hikucks, mee op der anerer Säit. Natierlech ass och ganz vill Psychologie derbäi, ech weess ganz genee, wéi een Ament ech ka mäi "Move" maachen, an ech muss d'Leit och am A behalen."

Bei der Zauberei ass et wéi beim Piano

Als Zauberer muss ee reegelméisseg a seriö trainéieren. Wéi laang ee bei engem neie Trick trainéiere muss, hänkt dovun of. Et gi sougenannte "Basics Moves", wou een iergendwann intus huet, a mat deenen "Basics Moves" kann ee scho vill maachen.

"Et ass e bëssen wéi wann ee Piano léiert. Um Ufank léiert een Nouten, Solfège an esou Saachen, an da geet een eréischt op de Piano an da léiers de do spillen. Herno spills du dann einfach blann drop hin a ganz dech ameséieren. Bei Close-Up ass et d'selwecht, dee Moment, wou ech meng Moves trainéiert hunn da kann ech mech op den Zuschauer aloossen."

"Mäi Grousspapp huet mer d'Zauberei gewisen"

Dem Jay Witlox säi Grousspapp huet selwer gezaubert, fir d'Famill, fir Kolleegen, an de jonken Jay huet mat sechs Joer seng éischt Zauberkëscht kritt, an e konnt do mam Grousspapp zesummen d'Zauberei entdecken. An en huet de Grousspapp säi Material doheem als Erënnerung an enger Vitrinn stoen.

"Dunn hunn ech dat awer ganz laang op der Säit gelooss, well et mech net méi intresséiert huet, an ech sinn op Fotographie eriwwer gaangen. An iergendwann hunn ech op enger Bank geschafft an do war de President vum Magica-Club Lëtzebuerg och op der Bank. An hien huet an der Mëttesstonn Zaubercourse ginn. Allez, ech ginn eng Kéier kucken a vun do un sinn ech nees komplett dra gefall, an dat sinn praktesch 21 Joer hir."