Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Dictionnairen - vun 1847 bis 2030+

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Lëtzebuerger Dictionnairen - vun 1847 bis 2030+

Mam Lexikograf Alexandre Ecker geet et an der Serie "Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch" dës Kéier ëm d'Geschicht vun den Dictionnairen zu Lëtzebuerg.

auto_stories

5 min

Den Alexandre Ecker ass Lexikograf beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv.

Simon Larosche: Elo geet et nees ëm Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch an dës Kéier ass den Alexandre Ecker erëm bei eis am Studio. Hien ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a gëtt eis haut e klengen Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Dictionnairen. Moien Alexandre!

Alexandre Ecker: Moie Simon!

Wann ech mech richteg erënneren, dann has de eis d'leschte Kéier gesot, am Kader vun den Aarbechten ëm de Lëtzebuerger Online Dictionnaire géifen och aner Dictionnairë gekuckt ginn.

Jo, dat ass richteg... a wichteg! Et wier jo net grad verstänneg, wann een all déi wäertvoll Dokumentatiouns-Aarbecht, déi virdru scho geleescht gouf, einfach géif ignoréieren. D'Sprooch ännert stänneg, dofir gi jo och verschidden Dictionnairen aktualiséiert. Och dat wat ännert ass interessant. An da gëtt et och Saachen, déi iwwer d'Zäit aktuell bleiwen.

Kanns de eis do vläicht Beispiller ginn? Also, vun eppes, wat sech geännert huet a vun eppes, wat nach ëmmer aktuell ass?

Ma huel einfach emol de Sënn vum Verb "bratschen". Den Ament ass just nach ee Sënn vun deem Wuert am LOD berschriwwen, an zwar dee vum "ruppderdupp droplass kachen, ouni weider Léift fir d'Saach". D'Beispill, dat den Artikel illustréiert, seet "um Camping hu mer all zweeten Dag Spaghettie gebratscht".

Dofir gëtt et sécher kee Michelins-Stär.

Nee, sécher net! An dee liicht pejorative Sënn gëtt och am Luxemburger Wörterbuch gewisen, awer nieft engem neutrale Sënn "langsam kochen, braten lassen", deem een haut manner begéint. An da ginn do nach zwee aner Sënner opgeféiert, déi ech jiddefalls net a mengem Sproochgebrauch hunn. Engersäits "sich schwerfällig bewegen", mam Beispill "se bratscht esou e wéineg no enger Säit" an anerersäits - lo hal dech un - "mit Geräusch zu Stuhl gehen"!

Esou hunn ech dat Verb awer och nach ni gebraucht! An do steet kee Beispillssaz derbäi?

Nee, leider net, do muss de da wuel deng Fantasie spille loossen! Jiddefalls weist dat Verb, dat jo awer nach ëmmer relativ lieweg ass, wéi Wierder mat der Zäit kënne semantesch - also vum Sënn hier - evoluéieren.

D'Luxemburger Wörterbuch, sees de. Ass dat iergendwéi de Virgänger vum LOD?

An enger gewësser Hisiicht jo - et war dee leschte groussen Dictionnairesprojet, deen am Optrag vun der Regierung ëmgesat gouf. Also, konkreet dru geschafft huet déi sougenannten Dictionnaireskommissioun vun der Section de linguistique vum Institut grand-ducal. D'Aarbechte sinn iwwer Joerzéngte gaangen: Vun 1925 u gouf scho Material gesammelt (am Ufank vun der Luxemburgischen Sprachgesellschaft), kuerz nom Krich gouf mat der Redaktioun ugefaangen an den éischte Fascicule ass 1950 erauskomm. Där goufen et am Ganzen 23, 1975 koum dee leschten, 1977 dunn nach en Zousazband. Spéider ass de kompletten Inhalt a fënnef Bänn verkaaft ginn.

Do schénge jo interessant Saachen dranzestoen! Ass deen dann nach ze kréien?

Ma de ganze Contenu ass online ze fannen. D'Uni Lëtzebuerg, zesumme mat der Uni Tréier, huet den Inhalt digitaliséiert a gratis zougänglech gemaach. Well awer an den 90er-Joren d'Kritik opkoum, datt Wierder an Ausdréck opgeholl gi waren, déi antisemittesch, xenophob oder misogyn sinn, kritt een en a Pabeierform just nach fir wëssenschaftlech Zwecker.

Gutt ze wëssen, datt et also zwee Dictionnairë gëtt.

O pass op, et gëtt der méi ewéi just déi zwee! Déi Opstellung wier net komplett, wann een net op d'mannst d'Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906 an de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache géif nennen. Deen zweeten ass 1847 erauskomm an ass d'Liewenswierk vum Iwwersetzer Jean-François Gangler - souzesoen eisen Émile Littré - déi zwee hu jo och quasi zäitgläich gelieft a geschafft. De Lexicon gëtt allgemeng als den éischten Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen ugesinn.

Dee Jean-François Gangler huet déi lëtzebuergesch Wierder also ganz eleng definéiert?

Wéi hie selwer a sengem Virwuert schreift, huet en d'"Luxemburger Umgangssprache (wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird) mit hochdeutscher und französischer Uebersetzung und Erklärung" beschriwwen. Domat huet och eng lexikografesch Traditioun ugefaangen, déi an engem méisproochege Kontext absolut Sënn mécht a mat där bis elo nach net gebrach gouf: D'Lëtzebuergescht selwer ass net Definitiounssprooch an den Dictionnairen, iwwer déi mer elo grad geschwat hunn, mee de Sënn vun de lëtzebuergesche Wierder gëtt iwwer déi aner hei zu Lëtzebuerg gebräichlech Sprooche vermëttelt. Dat ass jo och am LOD nach ëmmer esou.

Komesch, am Petit Robert sti jo awer Definitiounen op Franséisch an am Duden op Däitsch ... firwat gëtt dat dann net och fir d'Lëtzebuergescht gemaach?

Ma wann s de wëlls, da kann ech der dat déi nächste Kéier unhand vum LOD am Detail erklären!

Jo, op alle Fall! Hu mer dann elo den Tour vun den Dictionnairë gemaach?

Am Fong net, nee! Et gëtt nämlech nach e sëllegen aner privat Initiativen. Haut ass wuel déi bekanntst dem Jérôme Lulling säi Luxdico (deen et online an a Pabeierform gëtt). An da gëtt et nach d'Deutsch-Luxemburgische Wörterbuch an den Dictionnaire français-luxembourgeois, allen zwee vum Liette Dermann-Loutsch. Déi si virun enger 15 Joer erauskomm a si mat Iwwersetzungsdictionnairen ewéi dem Pons oder dem Langenscheidt ze vergläichen. Se sinn unidirektional. Dat selwecht gëllt iwwregens fir dem Henri Rinnen säin Dictionnaire vun 1988.

Unidirektional? Wat heescht dat genee?

Ma ganz einfach, datt déi Dictionnairen eng Hëllef sinn, fir an d'Lëtzebuergescht ze iwwersetzen - am Fachjargon schwätzt ee vun Encodage - awer net, fir d'Lëtzebuergescht ze verstoen - dat ass den Decodage.

Dat mécht Sënn! Mee so, du hues eis mat bis an d'19. Joerhonnert zeréckgeholl. Weess een dann och schonn, wéi et an Zukunft ausgesäit? Déi digital Technologië spillen héchstwarscheinlech ëmmer méi eng grouss Roll, oder?

Dat sees de gutt! Mee och fir doriwwer ze schwätzen, huele mer eis eng Kéier extra Zäit.