Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger an der Friemelegioun

Multimedia-Ausstellung

Lëtzebuerger an der Friemelegioun

Waren d'Lëtzebuerger an der franséischer Friemelegioun daper Frënn vu Frankräich, Lëtzebuerger Patrioten oder just obskuer Dropgänger? Eng markant Multimedia-Expo am Musée Dräi Eechelen versicht vum 1. Juli un Äntwerten ze liwweren, andeems se Stereotypen a Fro stellt.

auto_stories

7 min

Nom Éischte Weltkrich an der Néierlag vun de Mëttelmächten, huet d'Lëtzebuerger Regierung sech an enger delikater Situatioun fonnt. D'Entscheedung vum Staatsminister Paul Eyschen fir, no der däitscher Invasioun vum Grand-Duché am August 1914, eng Politik vun der Neutralitéit an all Richtunge weiderzeféieren, dëst no schwaache Protester vis-à-vis vum Okkupant, hunn d'Fransousen als prodäitsch Positioun interpretéiert.

Dem Historiker Gilbert Trausch no erkläert sech déi accommodéierend Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung am Joer 1914 doduerch, datt se vun enger schneller däitscher Victoire iwwerzeegt war, mee och duerch déi grouss wirtschaftlech Ofhängegkeet vum Däitsche Reich. De franséische Regierungschef Georges Clémenceau bezitt sech am Abrëll 1919, wärend der Friddenskonferenz zu Versailles, nach op d'Lëtzebuerger Politik vun 1914 wéi en zum belsche Kinnek Albert I. seet: "Je refuse de négocier avec le gouvernement actuel du Grand-Duché qui est un gouvernement allemand."

D'Instrumentaliséierung vun de Friemelegionären

An dësem Kontext gouf eng spezifesch Kategorie vu Lëtzebuerger anengems verherrlecht an instrumentaliséiert vun de politeschen Eliten. De Bäitrag vu Lëtzebuerger an den alliéierten Arméie gouf ervirgehuewen, fir Lëtzebuerg nodréiglech an de Camp vun de Krichsgewënner ze integréieren. D'Frëndschaft mat Frankräich, déi Honnerte vu Lëtzebuerger - mee séier ass iwwerdriwwenerweis vun Dausende geschwat ginn -, déi am Krich an den alliéierte Reie gedéngt hunn, sinn am Joer 1919 zu Argumenter fir d'Onofhängegkeet vum Land ginn.

Den 28. Mee 1919 gouf eng Lëtzebuerger Delegatioun, ugefouert vum Staatsminister Émile Reuter, zu Versailles vum Conseil des Quatre (mam amerikanesche Präsident Woodrow Wilson, dem brittesche Premier David Lloyd George, dem italienesche Conseilspräsident Orlando an dem Clemenceau) empfaangen.

De Reuter huet plädéiert fir d'Bäibehale vun der Onofhängegkeet vum Groussherzogtum, wat dem Wonsch vun der grousser Majoritéit vun de Lëtzebuerger entsprieche géif. Och wann de Clemenceau net direkt Positioun ergräift, erkläert hien op d'mannst: "Je parlerai franchement à ce sujet. Nous désirons être dans les meilleurs termes avec le peuple et le gouvernement luxembourgeois. Nous connaissons bien vos compatriotes, dont beaucoup vivent parmi nous, et dont un grand nombre ont servi volontairement, avec le plus grand dévouement et la plus grande bravoure, dans l'armée française, pendant la présente guerre. Nous vous exprimons à ce sujet notre sincère reconnaissance."

Net nëmmen déi Lëtzebuerger Regierung, mee och de Clemenceau selwer instrumentaliséiert déi Lëtzebuerger Fräiwëlleg am Déngscht vu Frankräich fir déi eege Positioun als Groussmuecht vis-à-vis vun der Belsch ze stäerken am Kader vun der Neiuerdnung vun Europa. De 4. Abrëll 1919 hat de "Père la Victoire" an Uspillung op d'annexionistesch Ziler vun der Belsch géigentiwwer Lëtzebuerg erkläert: " Ne me demandez pas de jeter les Luxembourgeois dans les bras des Belges: je ne connais pas leurs sentiments. Tout ce que je sais, c'est que nous avons eu dans l'armée française 1500 volontaires luxembourgeois et qu'il n'y en a eu que 170 dans l'armée belge. Je ne dis pas cela, d'ailleurs, pour revendiquer le Luxembourg. "

Devouéiert an daper Frënn vu Frankräich? Lëtzebuerger Patrioten an Helden, geéiert duerch grouss Monumenter zu Lëtzebuerg? Just obskuer Dropgänger? Oder einfach Affer vum éischten europäesche Massekrich? Wie waren dës Lëtzebuerger Legionären? Wat hu se a Frankräich gemaach a wéini hu se sech do niddergelooss? Wat war hir Identitéit an hir Nationalitéit? Firwat hu se sech engagéiert? Wéi vill waren et der? Wéi goufen se duergestallt a wéi sinn se an d'kollektiv Mémoire agaangen?

Déi immersiv a markant Multimedia-Expo iwwer d'Lëtzebuerger an der franséischer Friemelegioun, "Légionnaires - Parcours de guerre et de migrations entre le Luxembourg et la France ", eng Zesummenaarbecht tëscht dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) an dem Musée Dräi Eechelen, déi dësen 1. Juli hir Diren opmécht, versicht Äntwerten ze liwweren, andeems se Stereotypen a Fro stellt duerch eng mikrohistoresch a prosopographesch Approch.

D'Ausstellung, wëssenschaftlech kuréiert vum Sandra Camarda, Arnaud Sauer an Denis Scuto (C²DH) a koordinéiert vum Simone Feis, Ralph Lange a François Reinert (Musée Dräi Eechelen), weist d'Resultater vu fënnef Joer Recherchen iwwer d'Lëtzebuerger Friemelegionären. Frieme Legioun. D'Conceptioun vum Ausstellungsraum an d'Multimediainstallatiounen, entworf vun de Mailänner Architekturdesigner 2Farchitettura an dem Multimediaartistenteam Tokonoma, spigelen d'Komplexitéit vum Thema erëm, a lueden d'Visiteuren zu enger sensorescher an interaktiver Experienz an.

Als Virgeschmaach op eng Social-Media-Kampagne, déi all Woch eng Mini-Biographie vun engem Lëtzebuerger Legionär presentéiert bis zum Enn vun der Ausstellung am November, invitéiere mir iech haut ee vun dëse Legionären z'entdecken.

De Jacques Lentz alias Harryso

De Legionär Jacques Lentz, Kënschtlernumm Harryso, bitt e besonneschen interessanten a manner atypesche Fall wéi et schéngt. Hie gouf den 3. August 1881 am Rollengergronn gebuer. Säin Naturalisatiounsdossier erzielt eis, datt hie mat sengen Elteren a Frankräich ukomm ass, wéi hien zwee Méint al war. D'Famill huet sech zu Boulogne-sur-Seine (haut Boulogne-Billancourt) néiergelooss, wou de Papp als Schräiner schafft.

Wärend seng Elteren zréck op Lëtzebuerg koumen, blouf de Jacques a Frankräich. Hien huet Boulogne verlooss fir sech 1908 um 7, rue de la Douane am 10. Arrondissement vu Paräis néierzeloossen, wou seng Karriär als Artiste lyrique frëschen Opdriww krut. Zwee Joer méi spéit bestuet hien zu Schaerbek an der Belsch d'Rosalie Crutzen, gebuer zu Clermont an der Provënz Namur.

Wéi de Krich ausbrécht, war de Jacques Lentz "Harryso", als Papp vun engem dräijärege Kand, op enger Tournée wäit ewech vu Frankräich ënnerwee. Dat gi mer gewuer aus engem Bréif aus sengem Naturaliséierungsdossier: "Quand la guerre a éclaté ma profession d'artiste m'avait conduit à Constantinople, en engagement. Je revins immédiatement e France." Hien huet sech de 27. August 1914 zu Paräis fräiwëlleg an d'Friemelegioun gemellt fir d'Dauer vum Krich a gouf dem 2ème Régiment étranger zougewisen. Hie konnt vun de Bestëmmunge vum Gesetz vum 5. August 1914 profitéieren, déi de Fräiwëllege fir d'Dauer vum Krich erlaabt huet, déi franséisch Naturalisatioun unzefroen.

No 11 Méint un der Front huet de Caporal Lentz, un Tuberkulose erkrankt, den Dengscht missen opginn. Den 1. Juli 1915 gouf hien zu Orleans reforméiert wéinst "imminence de bacillose". Seng Naturaliséierungsdemande zitt en 1916 zeréck wéinst enger längerer Theatertournée. Dobäi presentéiert säin Dossier " de bons renseignements ". De Jacques Lentz alias Harryso " fait l'objet de renseignements favorables tant au point de vue politique et national que sous le rapport conduite et moralité. "Mat méi wéi 40 Joer an " ayant perdu tout esprit de retour dans son pays ", reaktivéiert den Harryso 1923 seng Naturaliséierungsdemande.

Dem Harryso seng kënschtleresch Karriär war mëttlerweil richteg lancéiert. Mir liesen an der neier Demande datt hien "travaille actuellement pour la firme cinématographique Pathé à Vincennes". Verschidden Archiven, déi am Besëtz vun der Bibliothèque nationale de France sinn, weise Spure vun der kënschtlerescher Aktivitéit vum Paräisser Sänger an senge Lidder ("My Little Dolly" (en englescht Lidd), "La vraie Française", "Chanson des Femmes françaises"). Am Kino trëtt en 1921 op am Stommfilm Les Trois Mousquetaires, vum Henri Diamant-Berger.

D'Bréiwer, déi hie schreift fir seng Ufro ze begleeden, ginn eis wäertvoll Informatiounen iwwer säin identitäre Positionnement a säi Bezuch zur franséischer Nationalitéit: " M'étant toujours depuis ma naissance considéré un peu Français en vertu des notions intellectuelles, et morales, et de ma pensée qui a toujours été française je serais fier et heureux, Monsieur le Ministre, de le devenir tout à fait. C'est mon désir le plus cher pour moi et pour mes enfants, car j'espère encore en donner à la France. "

D'Police-Enquête stellt fest datt hien zwee Bridder huet. Den Eelste schafft als Moler an Dekorateur zu Lëtzebuerg, wärend dee Jéngsten a Frankräich gebuer ass, awer déi lëtzebuergesch Nationalitéit behalen huet, an zu Paräis op der selwechter Adress wunnt wéi de Jacques.

Wéi d'Ausstellung, déi d'nächst Woch ageweit gëtt, weist, erlaabt eng biografesch Approche vun de Friemelegionären et, mat Stereotyppen ze briechen an déi grouss Komplexitéit vun de Parcourse vun dëse Männer mat ënnerschiddleche sozialen a kulturellen Originne mee och Erfarungen a Motivatiounen ze beliichten. Andeems se den Akzent op déi individuell Trajectoirë setzt, wëll d'Expo en neien Eclairage bréngen op d'Grënn vum militäreschen Engagement, op d'Changementer vun hirer Nationalitéit, op historesch familiär Verbindungen tëscht Lëtzebuerg a Frankräich, op déi professionell a wirtschaftlech Lag vun de Migranten an op hir sozial, kulturell a politesch Reseauen.