Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg ass bei der E-Euro dobäi

Sport Aktuell

Lëtzebuerg ass bei der E-Euro dobäi

Dëse Weekend gëtt d'UEFA E-Euro gespillt, d'Europameeschterschaft vum Fussball-Videospill. Lëtzebuerg ass mat zwee Spiller vertrueden, dem Steve Wissmann an dem Gianluca DiMarco.

auto_stories

1 min

An hirem Grupp kréien si et mat Gamer aus Holland, Kroatien a Montenegro ze dinn.

Den 32-järege Gianluca DiMarco, dee sech an der Gamer-Zeen Golfracer nennt, weess, datt et besonnesch géint d'Hollänner wäert schwiereg ginn, well hir zwee Spiller als Profie fir Manchester United a Celtic Glasgow ënner Kontrakt stinn. Dat ass och dem DiMarco säin Dram.

D'Spill, dat fir dës Europameeschterschaft benotzt gëtt, ass PES 2020 vu Konami. Fir de Golfracer ass dat Spill och méi realistesch wéi de grousse Rival FIFA vun EA Sports.


Lauschtert de ganze Bäitrag vum Simon Larosche: