Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Leguminose si supercool Planzen"

Virträg

"Leguminose si supercool Planzen"

Wat si Leguminosen a wisou si si wichteg fir de Buedem? Um 10. Leguminosendag sollen interesséiert Leit heirobber Äntwerte kréien. D'Virträg gi muer vun 10 Auer Moies bis 4 Auer Mëttes online diffuséiert. D'Tessy Steffen Koenig huet sech am Virfeld mat der Hanna Heidt ënnerhalen, déi fir d'Organisatioun vum Leguminosendag verantwortlech ass.

auto_stories

3 min

"Leguminose si supercool Planzen", seet d'Hanna Heidt. Déi jonk Fra huet en Dokter an den Agrarwëssenschaften a schafft zënter 7 Joer bei der Ibla, dem Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur am Beräich Fuerschung an Entwécklung. Leguminosen: dat sinn Ierbessen, Bounen, Lënsen, awer och Sojabounen oder de Rout- a Wäisskléi. Dës Planze kënnen eppes, wat aner Planzen net kënnen.

"Si kënne Stéckstoff aus der Loft bannen an dat maache si andeems si eng Symbiose, eng Bezéiung mat Bakterien am Buedem aginn. Dat si sougenannte Knöllchenbakterien. Dës Bakterië bannen aus der Loft de Stéckstoff a stellen der Planz dësen zur Verfügung. Am Géigesaz dofir kréie si vun der Planz Kuelenhydrater."

Ersatz fir Stéckstoffdünger

Also eng Win-win Situatioun fir d'Knöllchenbakterie an d'Planz selwer. Si spillen eng wichteg Roll, stéckstoffaarm Biedem ze verbesseren, d'Buedemfruchtbarkeet ze erhalen an de Buedem ze lackeren. Deen am Buedem fixéierte Stéckstoff brauch d'Planz fir ze wuessen. Den Ubau vu Leguminosen als Virfruucht ersetzt domadder Stéckstoffdünger.

Leguminose sinn awer net nëmmen do fir Stéckstoff fir déi nächst Planzen zur Verfügung ze stellen, mee si stellen och eng Proteinquell fir de Mënsch an d'Déier duer.

An deene meeschte Fäll gëtt d'Leguminos als sougenannt Tëschefrucht ugebaut. Beim Geméisbau ass et esou, datt:

"ganz vill Landwirten, virun allem Biolandwirte Kléi oder speziell Kléigras ubauen. Doduerch gëtt am Buedem vill méi Stéckstoff produzéiert, wat der Nofruucht zum Beispill dem Kalbass zur Verfügung gestallt gëtt. De Kléi düngt souzesoen de Kalbass duerno."

Kléi, Fokus vun dësem Joer

An de Kléi ass och déi Leguminos, déi bei dësem 10. Leguminosendag am Fokus soll stoen, seet d'Hanna Heidt vun der IBLA. Dësen Dag, bei deem op d'Wichtegkeet an den Notze fir d'Landwirten opmierksam gemaach gëtt ass um Freiden digital vun 10 Auer Moies bis 4 Auer mëttes. Et sinn eng Parte Riedner, vu Lëtzebuerg awer och aus Baden-Würtemberg iwwerzeegt ginn, Virträg ze halen.

Fir d'Hanna Heidt vun der Ibla wieren esou Temoignage wichteg, fir aner Landwirte vun de Virdeeler vun der Leguminos ze iwwerzeegen - an datt ee keng Angscht brauch ze hunn, dat auszeprobéieren.

"Kléi stellt Nahrung fir d'Insekten duer. Virun allem am Bezuch zum Beiestierwen ass et wichteg, datt mir genuch Nahrung fir d'Insekten zur Verfügung stellen. Et ass och wichteg beim Kléigrasubau, datt een en op d'mannst an d'Bléi komme léisst, datt d'Insekten och eppes dovun hunn."

D'Konferenz riicht sech u Landwirten, awer och u privat Leit. Et geet dobäi nämlech och ëm d'Leeschtung fir déi ganz Gesellschaft, esou nach d'Hanna Heidt vun der IBLA.