Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter Of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kanada - Auf Spurensuche am Yukon"

Natur-Doku

"Kanada - Auf Spurensuche am Yukon"

An der Rou vun der Wildnis ass den experimentellen Archeolog Kim Pasche op op de Spuere vun eise Virfaren, op der Sich nom Ursprong vun eiser moderner Gesellschaft. D'Lara Bousch stellt d'Natur-Doku vir.

auto_stories

3 min

Um Rand vum Polarkrees läit Yukon, eng vun de leschten onberéierte Landschafte vun der Welt. Am Nordweste vu Kanada läit en Territoire, duebel esou grouss wéi d'Schwäiz, wou grad emol 35.000 Mënsche liewen.

Op der Spuer vun eise Virfaren

De Kim Pasche ass en Experimentellen Archeolog a reest duerch d'Welt op de Spuere vun eise Virfaren, déi als Jeeër a Sammler gelieft hunn, op der Sich nom Ursprong vun eiser moderner Gesellschaft. De Stan ass e Member vum Stamm vun de Gwit'chin a kennt dës Bëscher a Bierger auswenneg. Zesumme maachen si sech just mat deem néidegsten op de Wee an tauschen hiert Wëssen aus, fir an der Natur ze iwwerliewen.

Zum Beispill, datt d'Iessen vum Schwanz vum Biber fréier am Stamm als Glécksbrénger gëllt, oder wéi ee Behälter aus der Rënn vu Bierken a Sylex hierstellt. Mee virun allem verfollege si d'Spuere vun de Caribou, genau wéi et de Stamm vun de Gwit'chin schonn zsnter 15.000 Joer an dësem Territoire gemaach huet.

Eng roueg Doku

Dës Natur-Doku aus dem héijen Norden ass de perfekte Kontrast zu eisem waarme Summer. Et ass e rouege Film, dee virun sech hifléisst, wéi de Floss, op deem déi zwee Protagoniste reesen.

D'Kameraastellunge spille mat Avant an arrière plan, mat de wiesselende Luuchtverhältnisser an der Natur, mat engem stännege Wiessel tëschent No- a Wäitopnamen. Esou gëtt de Spectateur matgeholl op d'Juegd an d'Sammelen. De Kontrast vun de Schäerften an dem Flou gëtt de Landschaftsopnamen eng Déift a Plastizitéit an ënnersträicht déi subjektiv Narratioun vum Film.

Dës Naturdoku verspreet vill Rou, engersäits wéinst de ville gemächleche Landschaftsopnamen, anerersäits awer och wéinst den zwee Mënschen, déi sech mat vill Selbstsécherheet duerch d'Wildnis beweegen. Si bleiwe stoen, lauschteren, richen oder taaschten no de Spueren.

Et spiert een d'Sehnsucht no der Natur, nom héijen Norden, wou d'Sonn am Summer net ënnergeet an et awer frësch bleift. Eng Frëscht, déi sech och an de Faarwe vum Film rëmspigelt. D'Biller hunn zwar en liicht erhéichte Kontrast an Däischterwäerter, mee e liichte Bloslach an d'Dominanz vum däischtere Gréng, dem Brong an dem Gro aus der Natur maachen dës Doku zou enger erfrëschender Ofwiesslung an eisem hëtzege Summer.

D'Natur notze fir ze iwwerliewen

Interessant ass dës Naturdoku net nëmme wéinst de schéine Landschaftsopnamen, mee och wéinst de verschidden Techniken, déi de Kim Pasche an de Stan notzen, fir an der Natur ze iwwerliewen. Fir z'iesse gi se op d'Juegd oder baue Falen. Fir Feier ze maachen notzen se Steng, an deenen Eisen dran ass, fir e Fonken ze kréien. Mat deem zünden se dann e Stéck Champignon als Zündmaterial un. Aus der Rënn vu Bierke gëtt eng Schossel fir Waasser oder Bieren ze sammele gebastelt, an an engem Kilo Sylex stécht dem Kim Pasch no e ganze Baumaart.

Dës Technike si wäertvoll, well se wierklech einfach sinn an awer dacks a Vergiessenheet geroden, och bei Kulture wéi bei de Gwit'chin. An deem Sënn ass dëse Film eng gutt Mëschung tëschent Natur an Erfuerschung vun Iwwerliewenstechniken.